Norden:Protokoll/2017-02-18

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PRÄSIDIUMSSËTZUNG VUM NORDBEZIERK

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG, BEZIERK NORDEN

18-02-2017 - Café Kaell (Waarken) - 16:00

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend

  • Andy Maar
  • Ben Allard
  • Flep Backes
  • Claude Feltgen
  • Myriam Grandgenet
  • Pierre Conrad

Entschëllegt

  • Roy Baumann
  • Michel Bertemes


PROZEDUR

Sëtzung 16:13:
Quorum : 5/7; Jo
Recording: Nee
Sëtzung Enn: 17:55

Dagesuerdnung

TOP1 - Organisatioun Landeskongress (Andy Maar)

Den nächste Landeskongress ass tournusméisseg am Nord-Bezierk. Ech wollt d'Propose maachen, fir de Landeskongress zu Klierf ofzehalen. Bei däer selweschter Geleeënheet géif sech d'Sektioun Klierf dann och gläichzäiteg grënnen.

1.1 - Als potenzielle Kongressuert proposéieren ech de Pavillon am Centre Culturel zu Klierf selwer (mat der Gare an der Géigend): http://www.clervaux.lu/de/pavillon.html
1.2 - Als Veranstaltungsdatum giff ech dem Nationalpräsidium den 8. oder 9. Abrëll proposéieren
Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl
Beschloss: D'Propose ginn un den Nationalpräsidium weidergereecht. De Bezierk Norden preferéiert kloer den 8. Abrëll. De Comité freet sech iwwerdeems iwwer déi eventuell Grënnung vun der Sektioun Klierf.

TOP2 - Inhalt Landeskongress

D'Fro gëtt opgeworf wat dann d'Thema um Landeskongress ass.

No Diskussioun ass kloer, datt wéi ëmmer d'Memberen duerch hir Unträg selwer decidéieren wouriwwer diskutéiert gëtt. Well dëst Joer awer Gemengewale sinn, ass kloer, datt de Gros vum Kongress dofir benotzt wäert ginn fir ee Kaderprogramm fir déi Walen ofzestëmmen + iwwer de Walkampf ze beroden.

TOP3 - Nordstadflyer (Claude Feltgen)

De Flyer soll endlech raus: http://pad.piratepartei.lu/norden/Preparatioun_Flyer_Nordstad D'Fro dofir fir ee Budget vun 1.000€ fir esouwuel d'Drécken ewéi d'Toutes Boites vun der Post an der Ettelbrécker Gemeng.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl
Beschloss: Ee Budget vun 1.000€ fir de Flyer gëtt fräigestallt. Stammdëscher sollen den 18. an 24. Mäerz zu Ettelbréck a Waarke stattfannen.

TOP4 - Divers

Et ass allgemeng bemierkt ginn datt just e puer Dachstaenner resp. nach manner Bauzonken benéidegt wäerte ginn am Norde fir de Walkampf am Hierscht. D'Sue kënnen also aneschters benotzt ginn.

Nächste Präsidium gouf fir den 24. Mäerz géint 7 Auer zu Waarken am Café Kaell festgeluecht.

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg