Norden:Protokoll/2016-12-15

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PRÄSIDIUMSSËTZUNG VUM NORDBEZIERK

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG, BEZIERK NORDEN

15-12-2016 - Café Riva (Dikrech) - 19:00

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend

Flep Backes
Claude Feltgen
Pierre Conrad
Andy Maar
Ben Allard

Entschëllegt

Myriam Grandgenet
Michel Bertemes
Roy Baumann


PROZEDUR

Sëtzung Ufank: 19:35
Quorum : 5/8; Jo
Recording: Nee
Sëtzung Enn: 21:15


Dagesuerdnung

TOP 1: Rotatioun Parteileedungen

Wéi um Bezierkskongress vun engem Nationalpräsidiumsmember ugemierkt, wier et net schlecht, wann de Bezierk Norden net vun engem Member op Parteileedunge repräsentéiert gëtt, deen och am Nationalpräsidium sëtzt. Dowéinst hale mir folgendes fest: De Claude Feltgen geet op all zweet Parteileedung. Fir di aner schwätzt sech de Comité ënnerdenaner of. Mir halen awer kee Verbuet vun enger "Duebler Stëmm" fest.

De Vertrieder vum Bezierk Norden gëtt doriwwer eraus beoptragt op de Parteileedungen ëmmer ee klenge Rapport iwwer eis Aktiounen, etc. ofzeleeën.

TOP 2: Ziler 2017

Eng Partei ass näischt ouni Ziler. Virun allem an engem Waljoer brauch eng Partei a seng Ennerglidderunge kloer festgeluechten Ziler fir réckbléckend festhalen ze kënnen, ob et dann elo ee gutt Joer war oder net. De Claude Feltgen proposéiert dowéinst folgend Ziler fir de Bezierk Norden fir d'Joer 2017: 2 voll Lëschte bei de Gemengewale presentéieren Op d'mannst 3 Piraten an d'Gemengeréit gewielt kréien 20 nei Memberen, dowunner op mannst 10 Fraen 2.500 € u Spende sammelen 3 Regional Events (zb Cryptoparty mam C3L, Info Events, Talks)

Ofstëmmung: eestemmeg ugeholl

TOP 3: Budget 2017

Eis Ausgaben fir d'nächst Joer wëllen uerdentlech geplangt sinn. De Claude Feltgen proposéiert dowéinst folgende Budget fir d'Joer 2017:


D'nächst Joer ze gutt: 9.406,44 € Dozou kommen nach: 2.351,61 € + X Spenden an X aus der aktueller Keess

Insgesamt hu mer also zur Verfügung: 11.758,05 € + X


Ausgaben

Print: 3.000 €
Distribution en masse: 4.000 €
Social Media: 2.000 €
Divers: 2.758,05 € + X

Ofstëmmung: eestemmeg ugeholl

TOP 4: Gemengewalen 2017

Mir hunn en 'Tour de Table' gema an driwwer geschwat, wien a wéi enger Gemeng wat Wëlles huet. Mir hunn eis souwuel iwwer de jeeweilege Programm ausgetosch an eis esou géigesäiteg nei Iddie ginn, wéi och iwwer eventuell Walkampfmaterialien geschwat, ewéi Flyeren, d'Ausdeelen dovunner, Doorhanger a Videoen.

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg