Bezierkskongress Norden 2013

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

Inhaltsverzeichnis


<< Hannescht zum Landeskongress 2013-3
Facebook-Event

Datum an Dagesoflaf

De Bezierkskongress wäert den 24. November zu Koplëscht stattfannen. Et handelt sech ëm e regulären Kongress, wat heescht datt haaptsächlech en neie Comité gewielt gëtt awer och, falls gewënscht, sonsteg Unträg behandelt ginn.

Plaz

De Kongress fënnt am Salle polyvalente um Briddel statt. Déi genau Adress ass: Salle Polyvalente, rue de l'Ecole L-8128 Bridel (Gemeng Koplëscht)

Dagesuerdnung

D'provisoresch Dagesuerdnung ass folgend:

  • 10h30: Entrée an Akkreditéirung
  • 11h00: Start vum Bezierkskongress, Tätegkeetsbericht vum ganze Präsidium
  • 11h20: Wale vum Bezierkscomité a weidere Posten

Kandidaturen

Du wëlls fir e Posten am Bezierk Norden vun der Piratepartei kandidéieren? Dann schreif Dech an dës Lëscht als Kandidat an oder schéck eng E-Mail mat denger Kandidatur un norden@piratepartei.lu!
Du muss dir keen eegenen Account uleeën fir dës Säit ze editéieren, ma du kanns eise Guest Account notzen!

Bezierkscomité

Laut Satzung musse mer 1 President, 1 Trésorier an 3-4 einfach Comitésmembere wielen.

Numm/Fotto Ugaben zur Persoun Kandidéieren fir Kandidatur Weiderféirend Links

Andy Maar

  • 28 Joer
  • Informatiker um Justizministère
  • amtéiernden Trésorier vum Nordbezierk
  • Member vum Parteipräsidium
Präsidiumsmember No eisem bomme Resultat bei de Chamberwalen 2013 wëll ech weiderhinn den Norden ënnerstëtzen, fir d'Piraten am Norden ze etabléieren. Ech gesinn hei grousst Potenzial an schwätze mech dofir aus, a reegelméissegen Ofstänn Stammdëscher an den eenzele Regiounen ofzehalen, Crypto-Partys ze organiséieren, weiderhinn op Braderien vertruede sinn an wisou och net eng Publikatioun erausginn, déi iwwert eis Aktivitéiten informéiert?
Olivier Huberty
  • 29 Joer
  • Informatiker bei Fujitsu Technology Solutions
  • Präsident vun der Piratepartei Bezirk Norden
Präsidiums Member Bezirk Norden Nodeems ech lo säit 4 Joer an der Partei, an dovunn der 2 am Präsidium vum Norden aktiv sinn, geif ech och nach gären den Bezirk an deem ech wunnen mat menger Erfahrung ënnerstetzen an hëllefen.

Meng aktuell Funktioun als Bezierkspresident géif ech awer aus Zäitmangel ofginn, ausser et wier anescht erwënscht.

Facebook Twitter

Roy Baumann
  • 20 Joer
  • Student un der RWTH Aachen (Chemie)
  • Member vun der Piratepartei Letzebuerg
Präsidiumsmember Ech si seit 2011 an der Piratepartei an hun als Student lo e besse mei Zäit d'Piraten ze ennerstetzen, wei virun de Walen. Well ech normalerweis vu Freides Mettes bis Sonndes Owes zu Letzebuerg sin, hun ech och dei neideg Zäit vir op Stammdescher, Braderien oder sonstegen Evenementer present ze sin.
Michèle "Lala" Stiefer
  • 21 Joer
  • Studentin (VWL a Politikwëssenschaften op der Uni Tréier)
Trésorière

Ben Allard

  • 25 Joer
  • Student (Info ze Oochen)
Präsidiumsmember / (President)

Philippe Backes

  • 54 Joer
  • Indépendant (Consulting Elektro a Secherheetstechnik)
  • Kandidat bei de Walen 2013
Präsidiumsmember No dem akzeptabele Resultat am Norde fannen ech dass nach duerchaus Potential am Norde besteet deen et auszebaue gëllt.

Och Präsenz um Terrain huet nawell Freed gemeet an ass duerchaus nach ze verstäerken. Hei am Norden ass de perséinleche Kontakt mat dem potentielle Wieler wichteg.

Keesepréifer(innen)

Mir brauchen opmanst 2 Persounen, déi eng Kéier kucken, dass mer an eiser Compta vun dësem Joer kee Feeler hunn. (Bis elo ass dat de facto ausgeschloss, well mer na keng Suen ausginn hunn.)

Numm/Fotto Ugaben zur Persoun Weiderféirend Links
 ?
Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg