Vorlage:Welcome-Mail fir nei Memberen

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

Lëtzebuergesch Versioun

Ahoi <VIRNUMM>,

ma ech heeschen dech häerzlech an der Piratepartei Lëtzebuerg Wëllkomm.

Vu datt's de dann elo Member vu der grousser Famill vu Pirate bass, wollt ech der kuerz erkläeren, wéi's de dech an der dach komplexer Struktur vun eiser Matmaachpartei erëmfënns.

Fir d'allerléischt giff ech der emol uroden, dech eiser Mailinglëscht PP-Discuss anzeschreiwen. Nierwt de Stammdëscher an den anere Versammlung gëtt hei de Gros vun den Diskussioune gefouert. Sou bleiws de net nëmmen um Laafenden, mee kanns och aktiv matdiskutéieren an suguer eegen Diskussiounen ustoussen.

Nierwt der nationaler Mailinglëscht gëtt et fir all Bezierk eng eege Lëscht, op däer prinzipill Saachen diskutéiert solle ginn, déi de Bezierk betreffen. An eisem Fall wier dat:

All Interesséierte kann natierlech och bei den ëffentlechen Parteileedungs- a Präsidiumssëtzungen dobäi sinn, déi an eise Parteiräimlechkeeten stattfannen:

Parteileedung, all 1. Méindeg am Mount ab 19.00 Auer
Präsidium, all 3. Méindeg am Mount ab 19.00 Auer
PPLU HQ
1a, rue de Luxembourg
L-8184, Kopstal

All eis Versammlungen an Diskussiounsowender ginn no méiglechkeet och live gestreamt a bleiwen dono dauerhaft an eisem Archiv: http://1337.lu/PPlive

All Bezierk trëfft sech reegelméisseg eemol am Mount op engem Stammdësch fir méi oppen Diskussiounen. Wéini dës genee sinn, gëss de an der Reegel iwwert d'Bezierksmailinglëscht an am Kalenner gewuer: http://calendar.piratepartei.lu

Eis Partei notzt natierlech och déi nei Medien ganz intensiv. Duerch d'Followen resp. d'Liken vun de Piratepartei-Konten bleiwst de och sou iwwert all Kampagn um leschte Stand:

Falls de Iddien, Ureegungen oder och Froen hues, géif ech mech fréeën vun der ze héieren, well vergiess net, d'Piraten sinn eng Matmaachpartei, also soll een och roueg matmaachen ;)

Wanns de iergendwelch Froen hues, zéck net a wend dech un ee vun eis oder un ahoi@piratepartei.lu

e schéinen Dag nach,

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg