Präsidium:Protokoll/2010-03-28
Aus Piratewiki
TELKO-PRÄSIDIUMSSËTZUNG
PIRATEPARTEI LËTZEBUERG
28 März, 2010
1. TEILNEHMER
1.1 - Präsidiumsmemberen
- Sven Clement
- Jerry Weyer
- David Doerfel
- Laurent Mander
1.2 - Soss
- n/a
2. PROCEDURE
- Sëtzung Ufank: 15:10 (CEST) vum Sven Clement Protokollführer ass Jerry Weyer Quorum (Jo): 4/7 Präsidiumsmemberen
- Sëtzung Ënn 16.33 (CEST) vum Sven Clement.
3. INTRO
3.1 - Sëtzung 23. Februar Revue
- - Raum an Datum fir Piratentreffen. Jerry erklärt, dass et nach méi wichteg ass en Stammdësch ze hunn. Et soll awer weiderhin no Plaatze gekuckt ginn fir den Meet&Greet.
- - Rappellen: den David huet dei éischt Rappellen verschéckt an wäert geschwenn dei zweet a lëscht verschécken.
- - ASBL Konto: Den David huet den Méinden 29.03 en Rendez-vous bei der Bank fir den Bankkonto vun der ASBL
- - Domains: De Sven erklärt, dass d'Domains schon op d'ASBL iwwerschriwwen sin
- - Spenden Säit/Spendenbarometer erstellen: Den Jerry huet d'Spenden an de Wiki gesaat an op der Websäit den Graphique verëffentlecht.
- - Marketing: gëtt speider am Meeting diskutéiert (4.8, 4.10)
4. AGENDA
4.1 - Aktivitéitsrapporten vum Präsidium [proposéiert vum Svnee - Ukënnegung]
- Den Sven arënnert drunn, dass am Wiki Aktivitéitsrapporten sollen ausgefëllt ginn. (http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Activitéit). Des Rapporten sollen regelméisseg geupdated ginn fir dass d'Aarbescht vum Präsidium mei transparent gëtt. De Jerry weist drop hinn, dass d'Präsidiumssäit op der Websäit iwwerschafft ginn ass, an dës Rapporten och do verlikt sinn.
4.2 - ASBL- convention PP ënnerschreiwen [proposéiert vum Jay - Reminder]
- Den Jerry erënnert drun, dass um nächsten Treffen nach muss d'Conventioun tëscht der Piratepartei an der ASBL ënnerschriwwen ginn.
4.3 - Membersverwaltung neien System - waat feelt nach? (Konto, Spenden) [proposéiert vum Jay - Diskussioun]
- Den David wëll, dass de Membersverwaltungssystem Dateien an de Word exportéiert, als automateschen Generator fir Fichieren. Den Sven erklärt sech bereed daat ze installéieren a weist dorops hin, dass en den System nach mat HTTPS oofsecheren wëll an VPN viraussetzen wëll.
- Den David weist dorops hinn, dass nei Memberen hier Rechnungen per E-Mail kreien, awer. D'Reminderen ginn weider als Bréif geschriwen.
4.4 - ACTA? National an International [proposéiert vum Svnee - Diskussioun]
- Den Sven mecht e Rapport zum ACTA Stakeholder's Meeting zu Bréissel. De Luc Devigne (Negotiator fir 'EU Kommissioun bei ACTA) huet net wierklech op dei wichteg Froen geänfert, z.B. op EP Resolutioun agehaal gëtt oder net. ACTA leeft nach ëmmer an eng schlecht Richtung, egol op de Staate selwer 3-Strikes aféiere mussen oder d'Provideren gezwongen ginn den Internet ze kappen. Dofir ass et wichteg Aktiounen wéi Stopp-ACTA etc. ze ënnerstëtzen.
- De Laurent plangt eng Initiativ extra fir Lëtzebuerg, fir d'Leit drop opmierksam ze maachen dass et och ëm d'Letzebuerger geet. Hier stellt sech eng Websäit fir an e Communiqué de Presse.
- De Sven erklärt, dass Stopp-acta.info parteiiwwergräifet goen soll, wat mit sollten ënnerstëtzen. De Jerry mengt, dass Stopp-acta.info aleng net informativ genuch ass an ënnerstëtz dem Laurent seng Idee eng Informatiounssäit iwwer ACTA fir Lëtzebuerg ze maachen. De Sven proposéiert ACTA.pirat.lu als Domain.
- De Laurent engagéiert sech bis den 03.04.2010 en Layout/Design an eng Navigatiousstruktur op d'Been ze stëllen, a bis den 10.04.2010 soll en "working prototype" erstallt sinn. Da kënnen aaner Leit den Inhalt afügen.
4.5 - Stammdësch - wou a weini? [proposéiert vum Jay - Vote]
- Eischte Stammdësch den 11.04.2010 um 19:00 am ART CAFE?
- De Jerry wëll den Stammdësch annoncéieren op dem Wiki, der Websäit, Twitter etc. subaal kontrolléiert ginn ass, dass den 11.04.2010 keen speziellen Event am ART Café ass. Piraten aus dem Saarland a vun Tréier sollen och eng Invitatioun kréien.
- Soll den regelméissegen Stammdësch ab dem 11.04.2010 all 2ten Sonnden am Mount um 19h00 am Art Café stattfannen?
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
4.6 - Daag, Période, Moyen (IRC, Live, Telko) fir regelméisseg Präsidiumssëtzungen festleen [proposéiert vum Jay - Vote]
- De Jerry wëll, dass den Präsidium sech regelméisseg trefft fir dass Leit wëssen weini den Präsidium zesummentrëtt an dass en regelméissegen Austausch stattfënnt.
- De Sven fënnt, dass Telko gudd ass, a bidd un s Streaming vun de Meetingen ze man, déi kenne verëffentlech ginn fir Leit, dei keng Zäit hun deelzehuelen. Telko kann een onofhängeg vun Plaatz man an ass méi perséinlech.
- De Sven a Jerry proposéieren Donneschtes um halwer 8, ab dem 8 Aprëll all 2 Wochen als regelméissegen Präsidiumsmeeting.
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
- Den Standard Meeting soll d'Telefonkonferenz sinn, falls een aaneren Medium gewielt gëtt muss et ugekënnegt ginn.
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
4.7 - Handlungsonfähegkeet vun 2 Präsidiumsmemberen [proposéiert vum Jay - Vote]
- De Jerry proposéiert gemäss dem §10a (10) vun der Satzung vun der Piratepartei d'Handlungsonfähechkeet vum Iris Spyckerelle an Olivier Koos ze konstatéieren. Dei zwee Präsidiumsmemberen sin säit Wochen net méi aktiv. De Jerry wäert sech mat hinnen a Kontakt setzen an froen ob se sech trotzdeem nach wëllen engagéieren.
- De Jerry proposéiert gemäss dem §10a (10) vun der Satzung vun der Piratepartei d'Handlungsonfähechkeet vum Iris Spyckerelle an Olivier Koos ze konstatéieren.
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
- Den Sven erklärt, dass den Felix d'Aufgab iwwerhuelen wärt d'Social Media Accounts vun der Piratepartei ze managen (Facebook, Twitter &Co.).
4.8 - Refer-A-Pirate Programm/Begréissungspaket [proposéiert vum Jay - Vote]
- De Jerry proposéiert, dass néi Memberen mei agebonnen ginn. Et soll en Begréissungspaket un all neien Member geschékt ginn mat Flyer, Button, Sticker an Bréif, deen erklärt wei een kann matmaachen. Fir nei Memberen ze kreien kann een eng "Refer-a-Pirate" Aktioun maachen wou een en T-Shirt kritt wann een e neien Member an d'Partei brengt.
- De Jerry këmmert sech ëm d'Organisatioun vun dësem Paket.
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
4.9 - Photoen vum Präsidium [proposéiert vum Svnee - Reminder]
- De Sven erënnert drun, dass subaal T-Shirten a Poloen verfügbar sinn anstänneg Fotoen vum Präsidium musse gemaach ginn.
4.10 - Flyeren - definitiven Vote [proposéiert vum Jay - Vote]
- De Sven proposéiert 2x5000 Flyeren ze bestëllen (Budget ëm 85€).
- [Jo:3][Nee:0][Enthaalung:1 (Laurent)]
5. SCHLUSSBEMIERKUNGEN
6. TO DO
6.1 - Protokoll verëffentlechen (Jerry)
6.2 - Aktivitéitsrapport verëffentlechen (Laurent, Felix)
6.3 - Membersverwaltung: automatesch Fichier generéieren (Sven)
6.4 - ACTA Websäit erstellen (Deadline 03.04 an 10.04) (Laurent)
6.5 - Stammdësch ukënnegen (Jerry)
6.6 - Regelméissegen Präsidiumstreffen ukënnegen (Jerry)
6.7 - Präsidiumsmemberen vun Handlungsonfähegkeet informéieren (Jerry)
6.8 - Begréissungspaket plangen (Jerry)
6.9 - Flyeren bestellen (Sven)

