Präsidium:Protokoll/2010-23-02
Aus Piratewiki
IRC-PRÄSIDIUMSSËTZUNG
PIRATEPARTEI LËTZEBUERG
February 23, 2010
1. TEILNEHMER
1.1 - Präsidiumsmemberen
- Jerry Weyer (Jay)
- Sven Clement (svnee)
- Felix Weis (fill_fda)
- David Doerfel (dodavid)
1.2 - Soss
- Akallabeth - PPSchwäitz
2. PROCEDURE
- Sëtzung Ufank: 18:55 (CET) vum Jay.
- Protokollführer ass Jay.
- Quorum (jo): 4/7 Präsidiumsmemberen
- Sëtzung Ënn 19:37 (CET) vum Jay.
3. INTRO
3.1 - Sëtzung 31. Januar Revue
- Jay erklärt, dass un der Sëtzung vum 31. Januar keen Quorum war (nëmmen 3 Präsidiumsmemberen présent) an dass dofir an dëser Sëtzung iwwert dei eenzel Froen ofgestëmmt gëtt.
3.2 - Protokoller
- Jay versprecht an Zukunft mei komplett Protokoller ze schreiwen an entschëllegt sech fir dei ongenau Protokoller
4. AGENDA
4.1 - Ermässigung für unter 26 jährige
- Sollen enner 26-jähreger eng Ermässegung vun 50% bei der Cotisatioun kréien wann se et per Membersformulaire ufroen an iwwer 26-jähreger wann se et per Membersformulaire ufroen an eng Erklärung uginn?
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
4.2 - Pressemitteilungsrichtlinien absegnen
- Ginn Pressemitteilungsrichtlinien wei se aktuell am Wiki stinn ugeholl?
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
4.3 - Piratentreffen: weiteres Vorgehen planen
- Jay erklärt, dass am Forum de Week-End als Zäitraum fir de Meeting gewielt ginn ass. Hien sicht een Raum an Datum fir de Meeting zesummen mam Felix.
4.4 - Interne Abläufe überarbeiten: Membersverwaltung
- David iwerhëllt d’Aufgab nei Memberen anzedroen. Den David fänkt un Rappelen fir Cotisatiounen raus ze schécken.
4.5 - PPI Diskussioun
- Jay erklärt, dass hien vum Valio (Patrick Mächler) als Nofolger als PPI-CoPräsident nomineiert ginn ass an dass hien deen Posten gären unhëllt. Um nächsten PPI Meeting soll doriwwer ofgestëmmt ginn.
4.6 - Piraten ohne Grenzen
- Sven erklärt un nächsten Meeting waat POG ass an wei PP-Lu dovun profitéiert.
4.7 - Domains/ML (fr/eng/de domain)
- Domains ginn op ASBL iwwerschriw wann een Konto op d’ASBL opgema ginn ass.
4.8 - Marketing (T-Shirts/Polos etc.)
- Dei responsablem Persoun (Laurent) war net do, dësen Punkt konnt net beschwaat ginn.
4.9 - ASBL Update + Bankkonto
- Jay erklärt, dass ASBL registréiert ass. Sven krut Dokumenter zougeschéckt.
- Kritt den David Erlaabnis am Numm vun der ASBL en Konto ze eröffnen an Suen dorop ze iwwerweisen?
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
4.10 - Spenden
- Sven fënnt, dass Spenden aus Grënn vun der Transparenz ab engem bestëmmten Montant sollen verëffentlech ginn, mat Numm an exaktem Montant.
- Sollen Spenden an Zukunft ab engem bestemmten Montant verëffentlecht ginn (Wiki/Websäit)?
- [Jo:3][Nee:0][Enthaalung:1(David)]
- Den Sven proposéiert 500€ als Grenz. Den Felix proposeiert 2500€ an dass Spenden mat Datum an Auerzäit verëffentlecht ginn. Den Sven proposeiert 1500€ als Kompromiss.
- Sollen Spenden ab engem Montant vun 1500€ mam Numm an exaktem Montant verëffentlecht ginn? Sollen all Spenden mat Datum an Auerzäit verëffentlech ginn?
- [Jo:4][Nee:0][Enthaalung:0]
- Den Sven probéiert op der Websäit een Spendenbarometer ze installeieren. Den David informeiert den Sven oder Jerry wann Spenden mussen verëffentlecht ginn fir dass daat op d’websäit kënnt.
5. SCHLUSSBEMIERKUNGEN
6. TO DO
6.1 - Protokoll verëffentlechen (Jerry)
6.2 - Raum + Datum fir Piratentreffen organiséieren (Jerry, Felix)
6.3 - Rappellen verschécken Cotisatioun (David)
6.4 - ASBL Konto opmaan (David)
6.5 - Domains op ASBL iwwerschreiwen wann Konto op ass (?)
6.6 - Spenden Säit/Spendenbarometer erstellen (Sven)
6.7 - Marketing (Laurent)

