Präsidium:Protokoll/2014-10-27

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

{{Hinweis|PROTOKOLL PARTEILEEDUNGSSËTZUNG

PROTOKOLL PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

27-10-2014 - PPLU HQ - 19:00

All d'Protokoller - Agenda - How-To Agenda - How-To Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend:

  • Andy Maar
  • Sven Clement
  • Ben Allard
  • Carlo Di Giambattista
  • Marc Goergen
  • Flep Backes

Entschëllegt:

  • René Schmit

Net entschëllegt:

Gäscht

  • Lucie Kournikova
  • Sam Grüneisen
  • Kevin Wennmacher

PROZEDUR

  • Sëtzung Ufank: 19.04
  • Quorum: Jo (6 vu 7)
  • Recording: Nee
  • Protokollant: Andy Maar
  • Sëtzung Enn:

ANNOUNCEMENTS

ËMLAFBESCHLËSS

AKTIVITÉITSRAPPORTEN

Aktuell Zuelen

Läschten Update: 23-04-2014

Memberen: 331 (Cotisatioun fir 2014 bezuelt: 42)

Kontostand: 3.349,85€

  • BCEE: 1.795,95€
  • PayPal: 503,90€
  • Cash: 350€ (+ Cash beim Claude ~700€)

Spenden am Februar 2014:

  • ënner 250€: 210€
  • iwwer 250€: 1.000€

Spenden am Mäerz 2014:

  • ënner 250€: 185€
  • iwwer 250€: 1.601€

Cotisatiounen:

  • Februar: 396€
  • Mäerz: 138€

Disponibel fir international Kooperatioun: [..]€

AGENDA

Erakomment Post

  • I-09-001 - Rechnung vum Luxemburger Wort
  • I-09-002 - Rechnung an Accord vun der VDL fir de Centre Culturel Beggen
  • I-09-003 - Staatsministère: Arrêté vum Staatsministère (monatlech Parteifinanzéierung)
  • I-09-006 - Invitatioun fir d'Festa Europa vum Circulo Curiel
  • I-09-007 - Facture Linster (10 Klasseuren)
  • I-09-008 - Facture ZUANG (Kaffismaschinn)
  • I-09-009 - Rappel Facture Luxemburger Wort
  • I-09-010 - Perséinlech Äntwert vun der Admin. des Contributions Directes fir de Sven (RNPP)
  • I-09-011 - Umellung fir den #LK143
  • I-09-012 - Äntwert vun der Mme. Stein-Mergen (#LK143)
  • I-09-013 - CLAE
  • I-09-014 - Rappel Ruppert (Summerfest)
  • I-09-015 - Cercle de Cooperation
  • I-09-016 - Äntwert vun der Mme. Tanson (#LK143)
  • I-10-001 - Staatsministère (Parteifinanzéierung)
  • I-10-002 - Bréif ACEN
  • I-10-003 - LVI Memberszeitung
  • I-10-004 - Invitatioun vun der éisträichecher Ambassade zu hirem Nationalfeierdag
  • I-10-005 - Facture Ruppert (#LK143)
  • I-10-006 - Invitatioun vun der Firma Ruppert fir eng Wäin-Degustatioun
  • I-10-007 - BIL-Extraiten (am Klasseur BIL 2014)
  • I-10-008 - Facture Ruppert


Upcoming Events

11.10.2014 - Stop TAFTA

Newsletter

STOP TAFTA

TOP1 Rapport vum Präsident

De Sven ass op d'Invitatioun vun der éisträichecher Ambassade op engem Empfang zu hirem Nationalfeierdag gewierscht, dat selwescht och fir den tierkeschen bei der tierkescher Ambassade. Doriwwer eraus informéiert de Präsident, datt hien déi lescht Woch mat Aarbechten un enger neier Versioun vum CiviCRM souwéi zesumme mam Ben Allard un der Trésorerie geschafft huet.

Ofstëmmung:
Beschloss: zur Kenntniss geholl

TOP2 Ëmsaz

Fir op eise gebrauchte Montant ze kommen, deen d'Parteiefinanzéierungsgesetz vun eis verlaangt, musse mer nach Ustrengungen beim Erwirtschafte vun Ëmsaz ënnerhuelen. Folgend Iddien si virbruecht ginn:

  • TOR-Router (Sam Grüneisen)
  • Amnesty-Käerzen (Carlo di Giambattista)
  • LAN-Party, duerch d'Jonk Piraten organiséiert
  • Glühwäi-Stänn op Krëschtmäert
  • Pirateshop, wou och Produiten ugebuede ginn, déi fir aner Pirateparteien interessant sinn. Hei setze mer fir d'éischt emol T-Shirten mam PPEU-Logo drop.
  • Siebdrock-Starterkit fir T-Shirten selwer hirzestellen, déi een dann verkafe kann
  • Memberskaarte-Printer fir Veräiner an anere Pirateparteien hir Memberskaarten printen ze kënnen

Mir wäerten den aneren europäesche Pirateparteien eng Offer zoukomme loossen, welch Servicer mer hinnen ubidde kënnen.

Ofstëmmung:
Beschloss:

TOP3 Kaf vun engem Screenprinting Kit

De Sven Clement freet de Präsidium op hien fir de Budget vu max. 700€ e Starterkit bestelle kann, mat deenen een T-Shirten selwer beprinte kann. An der nächster Zäit wäert hien fir dës Uschafung Devise proposéieren.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl


TOP4 Stand vun der Trésorerie

All d'Rechnungen sinn aklasséiert an d'Iwwersiicht vun de Cotisatiounen sinn gemaach ginn. Den Encodage wäert nächste Freideg virgeholl ginn.

Beschloss: zur Kenntnis geholl

TOP5 Membersverwaltung

Eng nei Versioun vum CiviCRM gëtt opgesat. Dëse leeft ënnert dem Projetsnumm "Moby Dick". D'Donnéeen wäerten komplett ofgetrennt vun all eisen aneren Donnéeen op enger separater Virtual Machine laafen. Wann elo alles leeft, wéi et soll, kréien d'Bezierker en Print-Out vun hire Memberen, sou datt déi Responsabel hir Memberen manuell eenzel kontrolléiere kënnen an dës dono manuell nei an den neie Fichier androe kënnen.

De Sven proposéiert, datt mer ab elo fir all neie Member e Welcome-Package verschécken, deen an enger Basis-Versioun e Pin, e Sticker, 2 Bicer souwéi en Button. etc. enthällt. Bei der Umellung kann een duerch d'Ukräize vun enger Checkbox en XXL-Welcome-Package fir den Oppräis vun 20€ dozoubuchen, wou en T-Shirt/Polo dran ass, 10 Bicer etc.All Package enthält och eng Reklamm fir d'Jongpiraten. Donierft gi se op nationale Member-Welcome-Events ageluede ginn. Basic-Welcome-Packs ginn ab dem Ukommen vun der Umellung verscheckt, den XXL-Welcome-Package beim Geldagang.

Fir d'Bezierksposten-Schulung ass nach ze klären, ween sech em de Versand këmmert. Zentraliséiert am CiviCRM muss dann den Inventaire gemaach ginn, wat scho verscheckt gouf a wat nach ze verschécken ass.

Den Andy mecht en Doodle fir e geegneten Datum fir d'Schulung ze fannen. Prioritär soll fir Méindes, Mëttwochs oder Donnechdes gekuckt ginn.

Beschloss: zur Kenntnis geholl


TOP6 Amnesty Käerzen

De Carlo di Giambattista freet de Präsidium, op mer 60 Käerzen vun Amnesty International sollen huelen, fir datt mer déi dann u Memberen, Frënn a Familljememberen verkafe kënnen.

Beschloss: zur Kenntnis geholl

TOP7 Sylvesterparty

D'Fro ass gestallt ginn, fir eng Pirate-Party am HQ ze organiséieren. De Marc an den Andy maachen fir den nächste Méindeg eng Propose, wéi deen Owend kinnt ausgesinn.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl


THEMA VUN DER WOCH

NOTES

Nächst Sëtzung: déi nächst Parteileedung ass den 3. November @PPLU HQ, 19.00, déi nächst Präsidium ass den 10. November @PPLU HQ, 19.00

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg