Präsidium:Protokoll/2014-07-21

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

[2014-06-02] - [Parteizentral zu Koplescht]

All d'Protokoller - Agenda - How-To Agenda - How-To Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend:

  • Sven Clement
  • Myriam Grandgenet
  • Andy Maar
  • René Schmit
  • Pierrot Bis

Entschëllegt:

  • Marc Goergen


Gäscht

  • Norden: Ben Allard
  • Zentrum: Carlo Di Giambattista
  • Jonk Piraten: Michèle Lala Stiefer

PROCEDURE

Sëtzung Ufank: 20:10

Quorum: Jo (5 vu 7 uwiesend)

Unhuele vun der DU: Jo

Recording: Nee

Protokollant: Andy Maar

Sëtzung Enn: 22:26

ANNOUNCEMENTS

Ëmlafbeschlëss

Aktuell Zuelen

Läschten Update: 14-03-2014

Memberen: 332 (Cotisatioun fir 2014 bezuelt: 39)

  • Zentrum: [..]
  • Norden: [..]
  • Süden: [..]
  • Osten: [..]
  • Ausland: [..]
  • Onbekannt: [..]

Kontostand: 10881,68€

  • BCEE: 9042,21€
  • PayPal: 389,47€
  • Cash: 1000€ (+ Cash beim Claude ~450€)

Spenden am Januar 2014:

  • ënner 250€: 797€
  • iwwer 250€: 500€

Spenden am Februar 2014:

  • ënner 250€: 210€
  • iwwer 250€: 1000€

Cotisatiounen:

  • Januar: 882€
  • Februar: 396€

Disponibel fir international Kooperatioun: [..]€

AGENDA

TOP0: Rapport vum Präsident

De Sven Clement kläert déi uwiesend Präsidiumsmemberen an d'Gäscht doriwwer op, datt d'Migratioun op d'Bank BIL elo komplett ass. Sämtlech Glidderungen hunn do elo hire Compte. Desweidere resuméiert de Sven Clement d'Treffe mat der däitscher Europadeputéiert Julia Reda, welcht vergaangenen Donnechdeg, den 17. Juli statt fonnt huet. Hei ass festgehale ginn, datt d'Julia Reda all 1-2 Méint en Tëschestopp zu Lëtzebuerg wäert maachen, fir iwwert Europapolitik a méiglech Kooperatiounen ze diskutéieren. Mat sengem Chief of Staff wäerte mer all 2 Wochen eng Entrevue hunn. D'Julia erméiglecht et och, de lëtzebuergesche Piraten Invitatiounen zu Seminairen oder aner Versammlungen/Events zoukommen ze loossen. De Sven Clement hat dann och um heitegen Méindeg eng Entrevue mat der ITM. Dëst war eng Unhéierung vun der Sachlag, sou wéi se eis als Piraten bekannt ass. Heiraus huet sech e Froekatalog erginn, dee beim Sven am Dossier noliesbar wier. Weider Neiegkeeten:

  • D'Kopiesmaschinn ass ukomm
  • D'Kaffismaschinn ass ukomm
  • D'Alarmanlag deckt elo och den Haff of a gëtt eng Meldung un eng extern Handysnummer virun, soubal den Alarm ausgeléisst gëtt.
  • De Bilan 2013 ass per Recommandé un den Chamberspresident Di Bartolomeo an un de Premierminister Bettel gaangen.
Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP01: European Voluntary Service (vum Sven Clement)

No genauer Lecture vum Gesetz zum European Voluntary Service gesäit dëst emmer méi wéi eng gutt bis ganz gutt Iddi aus. D’Gesetz gesäit fir, datt de Staat dem Volontaire (deen aus engem aaneren EU-Land muss kommen, en Täschegeld an Iessensgeld an Héicht vun 449,60EUR pro Mount bezillt plus eng gratis Jumboskaart zur Verfügung stellt. Mir als Organisatioun géifen bis zu 465,10 EUR kréien fir de Volontaire ze logéieren, dofir musse mir him en Zëmmer no lokalem Standard zur Verfügung stellen.

De Staat géif also bal 100% vun eisen Dépensen ronderem e Volontaire ofdecken, dofir géif deen tëscht 6 a 7 Stonne pro Dag (max 35h/Woch) fir eis schaffen.

D’Aarbecht muss all Kéiers als Projet bewëllegt ginn an dierf net do sinn fir regelméisseg Aarbecht z’ersetzen. Trotzdem kéint een hei z.B. Kampagnen vun Volontaire betreie loossen. Sou z.B. d’Créatioun vu Biergerforen wou mir Iddie fir d’Gemengewalen sammelen oder awer d’Organisatioun vun ERASMUS+ oder Europe for Citizens Projeten.

Ech schloen dem Präsidium fir weider Schrëtt a Richtung Akkreditéierung z’ënnerhuelen. Dëst bedeit nach net datt mir kuerzfristeg Volontaire wäerten engagéieren, mee et erméiglecht eis dëst ze maachen soubal mir Kapazitéitsméisseg dofir kapabel sinn.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP02: Europe for Citizens

D’EUCOM huet am Moment eng Ausschreiwung laafen fir “Democratic engagement & civic participation” – Strand 2: Civil Society Projects. Dës Ausschreiwung left nach bis den 1. September 2014 em 12:00 CEST.

Iwwert esou e Projet kéinte mir fir eng Dauer vun bis zu 18 Méint bis zu 150.000 EUR vun der EUCOM kréien. Konditiounen heifir wieren, datt mir mindestens zu 3 Partnerlänner wieren AN datt d’Activitéiten sech un der Ausschreiwung orientéiere géifen. De Projet misst tëscht dem 1.9.14 an dem 31.1.15 starten.

Ech proposéieren, datt mir e Projet areechen wou mir matt LiquidDemocracy-Tools op Gemengen-, Nationalem an europäeschen Niveau experimentéieren. Am Kloertext géife mir Veranstaltungen maachen bei deenen Bierger op lokalem Plang un d’Benotzung an Theorie vun LD erugeféiert ginn fir dono kennen iwwert aktuell Projeten an der Chamber, am EP an op Gemengenniveau hir Meenung ze soen. Dës Projeten géifen vun eis agepfleegt ginn (En Deel vum Funding also fir Personal) plus mir géifen hinnen d’Méiglechkeet ginn nei Iddien selwer anzebréngen a je no Niveau dann och zesummen ze diskutéieren an ofzestëmmen.

Als Partnerlänner hätt ech Lëtzebuerg, Belge an Däitschland am Aen an zwar am léifsten fir de Projet an der Groussregioun (SAAR, RLP, St. Vith, LUX) ze bedreiwen well esou d’Sproochbarrière manner grave ass. Et wier e Projet deen eis erméigleche géif ze weisen datt d’Piraten och ausserhalb vu meckeren konstruktiv kennen un der Weiderentwécklung vu Matbestëmmungsformen schaffen.

Zil soll et och sinn d’Resultater un déi jeeweileg “lawmakers” weider ze reechen, sou datt dës de Votum vun de Bierger kennen a Consideratioun huelen.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP03: Parteiverlag

D'Myriam Grandgenet huet e puer Iddien fir d'Ëmsetzung vun engem Parteiverlag erkläert. An der Diskussioun dono huet sech erauskristaliséiert, datt e primäre Fokus op engem Ebook-Verlag leie sollt, dee prioritär mat CC-Lizenze schaffe soll. D'Besonnerheet sollt déi sinn, datt d'Hürde fir eng Publikatioun am Pirateverlag sou geréng wéi méiglech sollte sinn. Et sollt parallel eng Méiglechkeet ginn, d'E-Bicher a Printform ze kréien (On-Demand-Printing). Donierft wëlle mer all zweete Mount eng Memberzeitung als Newsletter-Ersatz erausbrengen. Hei gouf och doriwwer nogeduecht, e Journal unzebidden, dee (polit)wëssenschaftlech Bäitreeg enthale soll. D'Myriam sicht weider no Iddien, fir d'Konzept auszebauen.

Ofstëmmung: Accord, fir op deem Thema virunzeschaffen

TOP04: ThinkTwiche #2 & IGF 2014 zu Instanbul (vum Sven Clement)

D’Pirate Parties International (PPI) zesumme matt enger Uni zu Istanbul organiséieren de Weekend vum 30./31. August di zweeten ThinkTwice Konferenz wou et op engem wëssenschaftleche Plang ëm d’Fondamenter vun der Piratebeweegung geet.

An der Woch déi sech deem Uschléisst (1.-6. September) ass dann och zu Istanbul den Internet Governance Forum (IGF) vun der UN wou et iwwert d’Zukunft vun der Gérance vum Internet geet.

Béides wieren Evenementer wou eng Présence vu Piraten (och aus Lëtzebuerg) gutt gesi wier, fir engersäits d’Fondamenter vun eiser Bewegung politwëssenschaftlech ze begleeden, wéi och matt kennen ze beschwätzen wéi mir Netzneutralitéit an ähnlech Challenges fir d’zukunft vum Internet gesinn.

Ech kéint béid Evenementer assuréieren, géif awer dofir gäeren d’Reeskäschten iwwert d’Partei ofrechnen. Ausnahmsweis géif ech awer no der Konferenz net zréck op Lëtzebuerg fléien, mä op Berlin, wat d’Reeskäschten méi niddreg géif halen, fir uschléissend eng Woch an d’Vakanz matt der Famill ze fueren.

Ech bieden de Präsidium em Zoustëmmung zu dëser Déngschtrees. Falls sech nach eng zweet Persoun wéilt uschléissen, sou denken ech datt dat sënnvoll wier a just d’Käschte fir de Fluchticket géif an d’Luucht dreiwen. Stand haut géif di ganz Rees mat ca 600 EUR zu Buch schloen.

Ofstëmmung: ugeholl bei enger Enthaalung

TOP05: PPI GA 2015 Host City (vum Sven Clement)

D’Pirate Parties International (PPI) ruffen hir Memberen op fir bis den 21.7. em 23:59 iwwert d’Host City vun der nächster PPI General Assembly ofzestëmmen. Folgend Offere leie fir:

  • Reykjavik (Iceland) [~30kEUR / 200 EUR p.P.]
  • Tallin (Estonia) [~4,8kEUR]
  • Milan (Italy) [~2kEUR]
  • Warsaw (Poland) [~1kEUR]

Ech proposéieren, datt mir eis fir Tallin oder Warsaw ausschwätzen vue de Präis. Di italienesch Piratepartei ass bis elo nie duerch gutt Organisatioun opgefall, wouduerch de Risiko fir d’GA exponentiell klämmt. Island ass einfach ze deier.

Ofstëmmung:
  • 5 fir Talin (geiwelt)
  • 1 fir Wahrschau
  • 1 Onentschloss

TOP06: Management HQ (vum Sven Clement)

Mir mussen eis entscheeden wéi mir an Zukunft mat eisem HQ verfueren. Verschidden Tâchen stinn regelméisseg / onregelméisseg un, op den éischte Bléck falen folgend onregelméisseg Tâchen an déi imminent missten erleedegt ginn:

  • Bureauen/Lager/Konferenzraum equipéieren
  • Inventaire vun eise Plakatstännere maachen
  • Plakatstännere propper lageren
  • IT Infrastruktur ofschléissen
  • Grondbotz duerchféieren soubal dëst alles geschitt ass
  • Biller aussichen / ophänken

Uschléissend si folgend méi regelméisseg Tätegkeeten ze maachen:

  • 1 x d’Woch kieren an naass opweschen
  • 1 x d’Woch Gedrénks kontrolléieren, eventuell neies bestellen
  • Bureausmaterial op akzeptablen Niveauen halen
  • 2 x d’Woch d’Toiletten naass weschen
  • 5 x d’Woch d’Boite eidel maachen
  • 1 x d’Woch d’Poubellen erausstellen

Eventuell ginn et nach weider Tâchen, mä dës wieren déi, fir déi mir iwwert d’Summervakanz sollte Responsabler (net forcément déi di et exekutéieren, mä déi di dofir suergen datt eppes geschitt) fannen, sou datt mir Mëtt September zur Rentrée parlementaire voll fonctiounsfäheg sinn.

Nierwt de Punkten, wéi se an Iddiepabeier vum Sven Clement opgefouert sinn, ass de Posten vum Koordinator fir d'Plakatstänner un den Andy Maar gaangen. Hie këmmert sech ausserdeem niewt dem Sven Clement ëm d'Equipement vun de Büros-, Lager- a Konferenzräim.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP07: Divers

  • TOP07-1: Den Andy an de Claude sollen e Begréissungspackage zesummestellen an deen an d'Wiki setzen. Ausserdeem sollen d'Trésorieren an d'Sekretären an de Bezierker iwwert dëse Welcome-Package informéiert ginn.
    Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl
  • TOP07-2: De Carlo Di Giambattista huet gefrot, wéi d'Bezierker mat direkt encaisséierte Cotisatiounen verfuere sollen.
    Ofstëmmung: op déi nächst Parteileedung rapportéiert
  • TOP07-3: Fir d'Summerfest, dat jo gläichzäiteg d'Ouverture vum PPLU HQ ass, mussen elo konsequent verschidden Uschafungen virugedriwwe ginn. Den Andy Maar wäert heifir elo eng Pressewand souwéi e Schëld am Agang vum Terrain entwerfen.

NOTES

Nächst Sëtzung: Präsidium, den 28. Juli @PPLU HQ, 19.00

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg