Präsidium:Protokoll/2012-12-11

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

11-12-2012 - CAFE INDEPENDENT - 18:00

How-To Agenda

How-To Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Anwesend

  • Sven
  • Andy
  • Hubert
  • Marc
  • René

Entschëllegt:

  • Claude
  • Pierrot

Gäste

  • Pit
  • Gilbert

PROCEDURE

Sëtzung Ufank: 18.10 (CET) vum Sven, Protokollführer ass Pit

Quorum Jo: 5/7 Präsidiumsmember

Recording: Nee

Sëtzung Enn: 20:15 vum Sven

ANNOUNCEMENTS

Ëmlafbeschlëss

Bestellung Flyeren

Antrag 1: Bestellung Flyeren

Antragssteller: Feltgen Claude
Agereecht: 24.11.2012
Antrag: Bestelle mir 20.000 Flyeren am Wärt vun 425,40€ bei diedruckerei.de? Vun deenen 20.000 Flyeren hält den National der 5.000, déi rechtlech 15.000 ginn un déi dräi Bezierker viruverkaaft.
Erklärung:Remarque zum Präis: Se sinn 25€ méi deier wéi normal, well ech gär hätt, dass mer di Flyeren schonn fir de Weekend hunn (amplaz 4-5 Deeg, brauchen se dann 2-3 Deeg). Di 25€ iwwerhuelen dofir och ech, via enger Spent. D.h. dass di Flyeren den National wäerten insgesamt 100,10€ wäerte kaschten.

Diskussioun:

[Weider Diskussioun zum Antrag. W.e.g. sëtz ären Numm hannert är Aussoen!]

Ofstëmmung:

Sven Clement
Jerry Weyer
Andy Maar
France Oly
Pierrot Bis
Laurent Mander

Ëmsätzungsverantwortlech: Claude

Aktuell Zuelen

Leschten Update: 11.12.2012

Memberen: 282 (Cotisatioun fir 2012 bezuelt: [..])

  • Zentrum: 69
  • Norden: 67
  • Süden: 92
  • Osten: 34
  • Ausland: 20

Kontostand: 5182,35 €

  • BCEE: 3492,24 €
  • PayPal: 420,05 €
  • Cash: 1270,06 €

Spenden am November 2012:

  • ënner 250€: 51,98€
  • iwwer 250€: [..]€

Spenden am Dezember 2012:

  • ënner 250€: 81 €
  • iwwer 250€: [..]€

Cotisatiounen:

  • Oktober: 36 €
  • November: 12 €
  • Dezember: 3€

Disponibel fir international Kooperatioun: [..]€

REPORTS

Präsidiumsmemberen

Sven: PMs, Interviews, Memberssituatioun, Fundraising Iddien, Gespréicher mat potentiellen Ënnerstëtzer, BPT12.2 zu #bongs, Treffe mat int. Piraten, Piratentreff Zentrum, Norden a Süden, Wahlprogrammproposen

Marc: Gespréicher fir intern Kommunikatioun ze verbesseren, Gespréicher mat neie Memberen (Iwwerriedungen ;) Südstammdësch, Krisemanagement Süden, Nordkongress, Jonk Piraten Ideeën an Initiativen, Pressematdeelungen, Grafiken, ..... Leit Rose gemeet via Mail ;)

Claude: Piratentreff Norden, Osten an Zentrum besicht, Iwwersetzunge geschriwwen, u PMs matgeschafft, Membersverwaltung, mam René bëssen iwwert d'Intern Kommunikatioun diskutéiert

Andy:

Pierrot:

Hubert:

René:PMs, Blogpost an Wirtschaftsprogramm Lektoréiert/Editéiert, Stammdësch Norden, Zentrum, Osten, Süden, Diskussioun mam Claude iwwert IK

Bezierker & Sektiounen

  • Bezierk Norden:
  • Bezierk Süden:
  • Bezierk Zentrum: Grënnung vun der Sektioun Stad kéint nach dëst Joer erfollegen

Januar 2012

  • Bezierk Osten:

Januar 2012: Feelt nach een Tresorier wann der bis ee fonnt ass kënnen se lass leeën

Beoptragungen

AGENDA

Punkte vun der leschter Sëtzung

Ausschreiwungen Wahlcampagne

Hu mer schonns fir all ausgeschriwwene Posten en Bewerber/eng Bewerberin?

Kandidat fir de Generalsekretär huet sech gemellt, dee kuckt sech un wat ze maachen ass an bewerbt sech dann offiziell

Fotoshooting (Idee vum Myriam) (vum Pit)

Aus medialer Siicht wier et net schlecht wann vun all Member den e Posten huet eng anstänneg Foto verfügbar wier, vir bei PM'e bäizefügen oder sou. Am beschten am Eenheetsdesign, spréch Rollup am Hannergrond a propper ausgeliicht. An engems kéint ee vun all Präsidum eng Gruppe-Fotoen maachen.

Den Hubert sicht e Fotograf

Nei Punkten

Membersituatioun (vum Sven)

Etat des lieux a wéi a wou mir eppes ännere kennen a mussen.

- Intern Informatioun verbesseren / 1 Zentral Ulafstell - Interne Newsletter mat Infos

- Alternativ zu den Stammdëscher, déi floppen ëmmer méi

Flyeraktiounen musse méi gezielt op de Publikum sinn. Boîte fëllen geet net.

- Zougang op d'Membersdaten fir Präsien vun Bezierk a Sektioun

Een Team zesummestellen da sech ëm d'Entwécklung, d'Fëllen an d'Verwalten vun enger Membersdatebank këmmert.

Responsablen: Marc

Versammlung vun de Präsidiumen (national & Bezierk) wou erklärt gëtt wéi een op d'Leit zougeet an Aktiounen koordinéiert ginn

Responsablen: Sven

Besser Verwaltung/Benotzung vun de Mailingslëschten
Uginn wien offiziell Maile verschéckt: Numm, Positioun & Foto

Fundraising (vum Hubert)

siehe Mail
Longterm denken, net just kuerzfristeg/zäiteg op Events bezunn.
Eng Lëscht opstellen wien sech fir wat interesséiert (wou hier een se kennt) an doduerch bei wat kéint mathëllefen.
Wéi eng Positiounen se zu de Pirate bruecht huet, oder se géif vir d'Piraten iwwerzeegen wa se de Punkt géifen unhuelen.
Am Viraus wëssen wat een zu wéi engem Zäitpunkt mat Geld wat era kënnt ustelle kann.
Verschidden Approche fir verschidden Zorten (Montant) vun Spender
Social Media iwwerschaffen kucken wou et am effektiivsten ass, an do méi aktiv ginn.
Hybridaktiounen mat aneren Organisatiounen déi ähnlech Themen hunn.
De Leit d'Méiglechkeet bidden hire Support ze weisen.
Shop (vum Pit)
Leeft do eppes? Kann een do eppes hëllefen? Wéi kënnt een bis en do ass u Gadgeten, sou dass et finanziell optimal fir d'Partei ass. a.s.w.
Stickeren, Bicer, Polo-Shirts, T-Shirts, Flyeren alles do, misst just agebaut ginn.

Responsablen: Pit

Spendesäit (vum Sven)

Dem Obama seng Spendesäit clonen: https://contribute.barackobama.com

Programmkomissioun (vum Landeskongress)

Mir mussen gemäss LK2012.2/SA10 eng Programmkommissioun asetzen. Responsablen: René

Schleefend Grënnung vum Bezierk Osten (vum Sven Cannivy, Gibbes Konrad)

Wisou ass et dem Präsidium net méiglech eng aktuell Lescht vun den Memberen aus dem Bezierk Osten un d'Piraten, déi den Bezierk grënne wëllen, ze ginn?

Inwiefern gëtt et am Moment Problemer mat der Verwaltung vun enger Memberslëscht an ab wéi enger Präsidiumsperiod, ënnert wéi engem Tresorier/Membersverwaltungsbeoptraagten sinn déi Problemer entstanen?

(Note: Dateschutzerklärungen si ggf. fir dës Präsidiumsperiod nei ze maachen, an d'formal Beoptragung fir d'Organisatioun vum Bezierk Osten ass nei auszespriechen)

D'Lëscht ass längst verschéckt. De Claude mierkt och un, dass et keng Problemer an der Membersverwaltung ginn, an dësem Fall ass just d'Kommunikatioun schif gaangen (falsch Persounen am Comité ugeschwat, Ufro net un de Claude virugeleet).

Transparenz (vum Pit)

D'Transparenz Säit ass guer a glat net uptodate: http://piratepartei.lu/?page_id=284 (gehéiert zum Deel zum éischte Punkt 'Memberssituatioun') Idem vir de PDF deen op der Säit verlinkt ass, do steet nach de Jerry als Kontakt dran

De Claude weess dat, war awer elo selwer doriwwer iwwerrascht wéi laang se schonn net méi aktualiséiert gouf. Hien huet se dowéinst den 7. Dezember offline geholl fir se sou séier wéi méiglech nees kënnen online ze setzen. Dee Moment ass se allerdéngs nees ganz aktuell. Selwergesaten Deadline vum Claude: 2. Januar.

Plangung vun den nächste Méint (vum Claude)

2014 sinn Wahlen, eist grousst Ziel. Dat nächst Joer ass also ganz wichteg fir eis. Mir mussen e Wahlprogramm zesumme stellen, Wahlkampagn organiséieren, Kandidate wielen etc. Mir mussen dowéinst ASAP dat éischt halleft Joer verplangen. D'Aufgabe vum Nationalpräsidium sinn et d'Kongresser ze organiséieren, wou a) um Wahlprogramm geschafft gëtt, b) Kandidaten fir d'Europawahle gewielt ginn. 25.5.2013 >> Wahlprogramm + Europalëscht VIRDRUN >> 4 Weekender fir thematesch Aarbecht fannen (Raum fir 20 Leit +/- an Internet!) Responsablen: Sven

SONSTIGES

Rechnungen (vum Claude)

Ech géing gär an nächster Zäit d'Rechnunge fir d'Joer 2013 erausschécken. Hunn awer nach e puer Froen: 1) Wéi eng Bezierker muss ech elo selwer maachen? Osten an Süden? Oder gëtt et een deen de Süde mëscht?

Alles iwwer den National mat engem Text dee seet datt wann een net widdersprécht an Zukunft alles just nach per Mail kritt.

2) Wëllt dir nieft der Rechnung nach eppes aneres mat verschécken? De René an ech haten nämlech wëlles all Member nieft der Rechnung nach eis Donnéeën an Aufgabeberäicher mat ze schécken.

Den Zentrum well eventuell nach eppes derbäi leeën!

3) Ech ka mech drun erënneren, dass ech iergendwann eng Enveloppe krut hunn wou eise Logo o.ä. drop war. Wien huet déi deemools gedréckt? Kann deejéinege mir déi och drécken? Sinn mer net sécher, ob mäin Drucker dat uerdentlech kann ;)

De Sven an dee kann der der och nach ginn…


NOTES

Nächst Sëtzung: 02.01.2013 18:00

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg