Präsidium:Protokoll/2012-08-27

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

27-08-2012 - Mumble - 20:00

How-To Agenda

How-To Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Anwesend

  • Sven Clement
  • Jerry Weyer
  • Andy Maar

Entschëllegt:

  • Pierrot Bis

Gäste

  • René Schmit
  • Claude Feltgen

PROCEDURE

Sëtzung Ufank: 20:01 (CET) vum Sven Clement, Protokollführer ass Claude Feltgen.

Quorum Jo: 3/6 Präsidiumsmember

Recording: Jo http://wiki.piratepartei.lu/images/e/e3/S%C3%ABtzung_27.08.ogg

Sëtzung Enn: 20:32 vum Sven Clement.

ANNOUNCEMENTS

Ëmlafbeschlëss

Aktuell Zuelen

Läschten Update: 27.08.2012

Memberen: 278 (Cotisatioun fir 2012 bezuelt: [..])

  • Zentrum: 66
  • Norden: 64
  • Süden: 81
  • Osten: 30
  • Ausland: 18
  • Onbekannt: 19

Kontostand: 5315,47€

  • BCEE: 4062,28 €
  • PayPal: 308,94 €
  • Cash: 944,25€

Spenden am Juli 2012:

  • ënner 250€: 150€
  • iwwer 250€: [..]€

Spenden am August 2012:

  • ënner 250€: 15€
  • iwwer 250€: [..]€

Cotisatiounen:

  • Juli: 111€
  • August: 15€

Disponibel fir international Kooperatioun: [..]€

REPORTS

Präsidiumsmemberen

Sven: Iwwersetzungen, Stammdescher / Präsidiumssëtzung besicht, Präsenz um Picadilly gewissen, E-Mailadressen ageriicht, mam Alain d'Migratioun vum Mailserver betreit, rdv matt der BGL vereinbart fir en eventuelle Wiessel vum Kont, Wahlleiter um LPTSL2012.3, Interview matt dem Deutschlandradio iwwert Europapolitik, Interview matt Eisteräicher Journalistin, Interview Radio 100,7, Besuch Ahoi-Sause

Jerry: Bréiwer verfaast bzgl. Datenschutzfro un Banken, un däitscher a franséischer Versioun vun der Websäit geschafft, Theme-Konferenz & PK geplangt, Interview matt Eisteräicher Journalistin, Treffen am Europamusée geplangt

Andy: laafend administrativ Aarbecht (Memberverwaltung, Bezuele vu Rechnungen, Iwwerweise vu Spenden (PP Saarland), Ausgabearchiv aktualiséiert), Stammdescher besicht etc.

Bezierker & Sektiounen

Verschécken vun den Invitatiounen + PM fir d'Grënnung Zentrum (Pit) Wéinst der FnF hu mer missen den d'Auerzäit op 10 veréckelen, an konnten nach net beim Café nofroen op mer da kënne kommen.

Et wier awer sou lues Zäit d'Invitatiounen erauszeschécken … Den Andy kéint eventuell d'Memberszuelen an der PM updaten?

http://zentrum.piratepad.eu/3 http://zentrum.piratepad.eu/4

De Sven wäert d'Invitatiounen "muer oder iwwermuer" verschécken.

Beoptragungen

AGENDA

Punkte vun der leschter Sëtzung

Nei Punkten

Beoptragten fir d'Freedom Not Fear 2012 (vum Sven)

Antrag 1: Ernennung vun engem Beoptragten fir d'FnF '12

Antragssteller: Sven Clement
Agereecht: 13.08.2012
Antrag: Ernennt de Präsidium de Jeff Wagner zum offiziellen Beoptragten fir d'Organisatioun vun der Freedom not Fear 2012 den 15. September
Erklärung:Mir ass opgefall datt mer dat nach net gemaach hun an datt et vläit sennvoll wier dat 1 Mount virdrun ze offizielliséieren.

Diskussioun:

[Weider Diskussioun zum Antrag. W.e.g. sëtz ären Numm hannert är Aussoen!]

Ofstëmmung:

Sven Clement
Jerry Weyer
Andy Maar
France Oly
Pierrot Bis
Laurent Mander

Ëmsätzungsverantwortlech: Jerry (Website), Sven (bescheed soen)

Multiline (vun Sven)

Wa mer eemol sollten op Multiline wiessele wellen, brauch jiddereen deen Zougang wéilt/soll hun ee LuxTrust Certificat (~86 € / 3 Joer). Mir sollten diskutéieren op mer dat wellen. Wa mer bei d'BGL wiesselen kreie mer den Multiline selwer geschenkt, mir misste just d'Certificate bezuelen (resp. jidderee selwer). Perséinlech sinn ech kee Frënn vun LuxTrust geif et awer keng domm Iddi halen, well mer dann a maschineliesbare Fichieren eis Kontebewegungen exporteiere kéinten AN och keinten Domiciliatiounen unhuelen. (Wat domiciliatiounen ugeet klären ech dat och nach eemol matt mengem Conseiller). D'Konten géingen ~21€ de Mount kaschten.

Den Andy gesäit am Moment na net besoin a fënnt 21€ bësse vill. Proposéiert bei anere Banken nach nozefroen.
De Jerry fënnt dat mat den Domiciliatiounen "ganz interessant".

Programm Print (vum Jerry)

Mir brauchen e puer Ausgaben vun onsem Programm als Print. Daat mussen net direkt 500 Stéck sinn, ma et muss d'Méiglechkeet bestinn onse Programm ze verdeelen.

De Präsidium verleet déi ganz Saach bis nom Kongress. Themeflyer geet am Moment duer, soss gëtt et ze deier.

SONSTIGES

LK Planungen (vum Jerry)

Ginn et Updaten zu dësem Punkt?

De Pierrot krut e Bréif vun der Gemeng Fréiseng, dass d'Gemeng eis fir de 27. Oktober Centre Polyvalent zu Helleng fir 0€ zur Verfügung stellt. Eenzeg Bedingung ass, dass mer Gedrenks an sou bei 'Munhoven' bestelle mussen.
De Jerry trefft sech do nach mam Pierrot fir Detailer auszediskutéieren etc.
http://www.frisange.lu/infrastructures/centres-polyvalents

Websäit Kalenner (vum Jerry)

Der Einfachheet schloen ech fir de Kalenner um Site op Englesch ze maachen. Aanerersäits misst een fir all Sprocheversioun en eegene Kalenner maachen, waat duebel-véierfach Aarbecht gëtt.

Am Präsidium ass kee "Sproochfetischist" an ass mat der Propos averstan.

Talk Like A Pirate Day (vum Andy)

Ginn et Updaten zu der Pressekonferenz?

De Sven kann den 19. réicht ab 5 Auer, well en sech an der Woch geiert hat.
De Präsidium verleet di ganz Aktioun ob déi Woch virdrun (vum 10.-14. September). De Jerry këmmert sech drëms.

Spam via Website (vum Andy)

Den Andy kritt Spam via d'Websäit (nei Memberen). Hien freet no engem Captcha oder ähnlechem fir dat ze behiewen.

Den Andy schwätzt eng Keier mam Alain wéinst senge Mailen.
De Jerry kuckt nom Captcha.


NOTES

Nächst Sëtzung: 10.09 um 19:00 am Indies an der Stad.

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg