Präsidium:Protokoll/2012-07-30
Aus Piratewiki
PIRATEPARTEI LËTZEBUERG
30-07-2012 - Mumble - 20:00Inhaltsverzeichnis |
TEILNEHMER
Präsidiumsmemberen
Anwesend
- Andy Maar
- Jerry Weyer
- Pierrot Bis
- Sven Clement
Entschëllegt:
Gäste
- Pit Wenkin
- René Schmit
PROCEDURE
Sëtzung Ufank: 20:12 (CET) vum Sven, Protokollführer ass Pit Wenkin.
Quorum Jo: 4/6 Präsidiumsmember
Recording: Jo http://wiki.piratepartei.lu/images/a/ac/Mumble-2012-07-30-20-12-38-mumble.piratenpartei-nrw.de-Mixdown.ogg
Sëtzung Enn: 20:54 vum Sven.
ANNOUNCEMENTS
Ëmlafbeschlëss
Antrag 1: Landeskongress 2012-2 zu Péiteng den 27.10.2012
| Antragssteller: | Jerry Weyer |
| Agereecht: | 16.07.2012 |
| Antrag: | D'Piratepartei Lëtzebuerg soll den 27. Oktober 2012 hiren zweeten Landeskongress 2012 zu Péiteng am Centre Culturel A Rousen ofhalen. |
| Erklärung: | D'Sektioun Péiteng (in Gründung) huet fir den 27.10.2012 den Centre Culturel zu Péiteng fir onse Kongress reservéiert (cf. Note [1] fir Demande & Foto). Detailer an der Demande, oppe Fro ass den Internet. De Sven huet gesot et kéint een eng extra Leitung bei der Post ufroen fir den Event. Well Sektioun Péiteng sech drëms këmmert kascht de Raum näischt/net vill. |
Diskussioun:
Emlaafbeschloss obsolète (cf. Punkt op der Agenda) (Jerry)
Ofstëmmung:
| Sven Clement | |
| Jerry Weyer | |
| Andy Maar | |
| France Oly | |
| Pierrot Bis | |
Ëmsätzungsverantwortlech: Sektioun Péiteng (Max Wagner); Jerry & Pierrot (http://lux.piratepad.eu/LK122 )
Aktuell Zuelen
Läschten Update: 30.07.2012
Memberen: 277 (Cotisatioun fir 2012 bezuelt: [..])
- Zentrum: 66
- Norden: 64
- Süden: 80
- Osten: 30
- Ausland: 18
- Onbekannt: 19
Kontostand: 6248,57€
- BCEE: 5 015,38 €
- PayPal: 924,25€
- Cash: 308,94 €
Spenden am Juli 2012:
- ënner 250€: 135€
- iwwer 250€: [..]€
Cotisatiounen:
- Juli: 111€
Disponibel fir international Kooperatioun: [..]€
Récktrëtt David Arlé
Message vum 3. Juli 2012:
"Moien alleguerten, Nodeem ech et dem Sven matgedeelt hun, deelen ech ierch mein recktrett aus demn ationalkomitee. Leider hun ech weinst mengem neien Beruff absolut keng zeit mei fir am nationalkomitee an ech well der partei net schiedegen duerch meng Absencen. Ech bleiwen awer nach am Bezierksueden am komitee fir do meng besschen zeit ze investeieren, well gemengepolitik mir um haerze leit! An sech dann op eng saach ze koncentreieren! Merci vier aert versteesedemech! David Arlé"
REPORTS
Präsidiumsmemberen
Jerry Weyer: Agenda & Protokoll Template nei gestalt, Website verschiddenes (Bugfixing, Template fir Sektiounen a Bezierker, Sektioun Péiteng Websäit opgesat, däitsch Versioun ugefaangen, Kalenner Updates), Interview mam Journal zu "propriété intellectuelle", Pressematdeelung ACTA, Beoptragungen an d'AGs aktualiséiert, GAYMAT Handout & Infostand, eleng op der Präsidiumssëtzung, Virtrag iwwer EBI (schrëftlech) fir Potsdam Konferenz
Sven Clement: Support Sektiounsgrënnung Péiteng, Stammdëscher besicht a Werbung fir méi lokal Verankerung, Besuch Europaparlament zur ACTA-Ofstëmmung, Interview L'essentiel zu ACTA, Mam Jerry zesumme Pressematdeelung zu ACTA, Dem Jerry seng nei Templates getrollt, GAYMAT, Buedbidderennen, Präsenz op dem Zentrum Treffen, Stammdëscher, Flyeren, T-Shirt-Aktioun, Virtrag iwwert Depuwatch um Haxogreen, Versuch vun der Ënnerstëtzung vun engem Infostand zu Ettelbréck
Andy Maar: Lafend administrativ Aarbecht bzg. der Memberverwaltung an der Trésorie; Kaf vun engem Pavillon fir d'Braderien, Opbau vum Stand um Gaymat
Pierrot: Sektiounsgrënnung Zentrum, Orga Location LK2012-2, Orga Braderiestand
Bezierker & Sektiounen
Sektioun Péiteng huet op de Braderie 2 nei Membere kritt.
Bezierk Zentrum soll den 15. September gegrënnt ginn. (Indies ab 14:30)
Beoptragungen
Allgemenge Kommentar
Ech hunn nei Aufgaben ausgeschriwwen an aler iwwerpréift: http://piratepartei.lu/?page_id=509 Ritchie Flick steet net méi als Beoptragten fir Websäit zur Verfügung. An Zukunft solle mer drop Uecht ginn speziell Aufgaben sou mann wéi méiglech u scho gewielte Vertrieder ze verginn, sou, dass dës Leit sech kënnen op hier Aufgaben konzentréieren. De Wiki-Gärtner a Websäit/Wordpress Beoptragung ginn nei ausgeschriwwen. An dësem Beräich vun der Sëtzung kënnen d'Beoptragten hier Rapporten ofginn bzw. de Präsidium déi eenzel Aufgaben uschwätzen. Generell soll opgepasst ginn d'Beoptragten besser anzebannen (gëllt virun allem fir zukünfteg Aufgaben). Aktuell Beoptragten goufen iwwert dëst informéiert. (Jerry)
AGENDA
Punkte vun der leschter Sëtzung
Antrag 2: Partizipatioun un der Braderie an der Staat
| Antragssteller: | Jerry Weyer |
| Agereecht: | 07.07.2012 |
| Antrag: | D'Piratepartei Lëtzebuerg soll den 3. September 2012 en Stand op der staater Braderie maachen, de Préférence an der Zone 4, Uewerstad, fir maximal 300€. |
| Erklärung: | Laut http://www.cityshopping.lu/newsite/index.php?option=com_content&view=article&id=86&Itemid=96&lang=en ass de Präis wuel erof gaangen op 210€, ma fir sécher ze goen stellen ech den Antrag mam Präis vum läschte Joer. |
Diskussioun:
Planungspad: http://lux.piratepad.eu/122
Nei Punkten
Bezierkszouuerdnung vu Member (vum Sven)
Antrag 3: Bezierkszouuerdnung vun engem Member
| Antragssteller: | Sven Clement |
| Agereecht: | 28.07.2012 |
| Antrag: | Gett de Member X aus dem Bezierk Osten dem Bezierk Zentrum zougeuerdnet? |
| Erklärung: | Wäert an absehbarer Zäit rëm am Bezierk Zentrum gemellt sinn. |
Diskussioun:
[Weider Diskussioun zum Antrag. W.e.g. sëtz ären Numm hannert är Aussoen!]
SONSTIGES
AGs (vum Jerry)
An Zukunft drop Uecht ginn, dass sech schnell 1-2 Persounen responsabel mëllen fir d'AG aktiv ze halen. Um Site sollen nëmmen AGs stoen wou et Responsabel ginn fir, dass Interesséierter direkt en Uspriechpartner hunn. Doriwwer raus soll eng Persoun aus dem Präsidium ernannt ginn (via Aarbechtsopdeelung) regelméisseg AG Responsabel unzeschreiwen an op Aktivitéit ze préiwen, fir ggf. kënnen nei Persounen ze sichen. Ech mëllen mech dofir.
http://piratepartei.lu/?page_id=410
P.S.: Fir de Protokoll: d'AGe sollen weiderhin sou onofhängeg wie méiglech kënne schaffen. Et geet hei just drëms vum Präsidium aus ze organiséieren, dass jiddereen Accès op d'AGs huet an dës AGs sou gutt wéi méiglech ze ënnerstëtzen.
Accueil nei Memberen (vum Jerry)
Nei Membere musse besser agebonne ginn wéi dat de Moment de Fall ass. Ech hu mer puer Ideeën gemaach: http://lux.piratepad.eu/nei-memberen-acceuil
Konkret géif ech den Andy bieden bei de personaliséierten "Wëllkommensmessage" via E-Mail no der Umeldung de nächsten Treffen an dem Bezierk/Sektioun ze nennen an d'Kontaktinformatiounen (Tel. ass wichteg) vu mir am Sven dobäi ze setzen.
Weider bieden ech iech är Ideeën an de Pad ze setzen fir nach e besseren Accueil.
Et gëtt nach eng Persoun am Zentrum gesicht déi sech op Bezierksniveau ëm den Accueil këmmert.
Membersverwaltung (vum Andy)
Beim Export vun der Memberslëscht fir d'Bezierkstrésorieren si mer nees e puer Onstëmmegkeeten opgefall. Verbesserungsvirschléi fir d'Ufuerderungen un eng Membersverwaltung hunn ech an d'entspriechend Pad agedroen: http://lux.piratepad.eu/95 Wéi gesäit et mat enger Upassung vum CiviCRM bzw. enger neier Membersverwaltung aus?
E weidere Punkt ass, datt ech zënter enger gewësser Zäit keng Neiumellungen méi direkt zougestallt kréien an se eng Zäit laang duerch de Jerry manuell weidergeleet krut. Ass meng Adress nach an der ahoi@piratepartei.lu oder läit de Problem ë.Ë. anzwuersch anescht? Dozou huet de Sven e méigleche Fix fonnt
Pressekonferenz de 19. September (vum Claude)
Mir haten op der Präsidiumssëtzung vum 2. Juli festgehalen, dass mer um 'Talk like a Pirate Day', den 19. September eng Pressekonferenz hale wollten. Dës muss inhaltlech an organisatoresch virbereet ginn. Ech hunn dofir e Pad opgemaach: http://lux.piratepad.eu/125
Ech géing mech driwwer freeën, wann opmanst een sech responsabel dofir fillt (an nee, ech maachen et net!).
De Jerry mëllt sech Responsabel.
LK122 Planung (vum Jerry)
De Pierrot sollt ons en Plang ginn wéi en mat der weiderer Planung vum LK122 virun mëscht.
6-7 Gemengen goufen ugeschriwwen.
Helleng wier méiglech, mee et brauch een eng offiziell Demande (Gemengerot)
Beetebuerg wier méiglech, do gëtt et just eng Buvette, ouni Kichen
Déi aner stinn op engem Ziedel deen lo net fonnt gëtt
Péiteng & Lamadeleine waren net ideal.
Gebraucht gëtt eng Plaz vir >60 Leit, mat Kiche/Buvette, Internet
De Jerry géif ufänken mat der inhaltlecher Planung
Lagerung Material (vum Jerry)
Mat de Bezierker, Sektiounen a villen aktive Memberen ass et momentan sou, dass vill vun onsem Material dorëmmer verstreet bei Leit doheem Läit. Ech wéilt gären dass a) kuerzfristeg en Inventar gemaach gëtt, wat lafend aktualiséiert gëtt wou steet wien wat huet an b) mëttelfristeg eng zentral Lagerstell fonnt gëtt fir onst Material.
De Jerry mëllt sech Responsabel vir den Inventar ze maachen.
NOTES
[1] http://wiki.piratepartei.lu/images/3/37/Manifestations_%28groupes_1_et_2%29.pdf , http://www.petange.lu/art-et-culture
Nächst Sëtzung: 13.08 um 20:00 Mumble
Templates
Antrag [Nummer vum Antrag]: [Titel vum Antrag]
| Antragssteller: | [Numm vum Antragssteller] |
| Agereecht: | [Datum vum Antrag] |
| Antrag: | [Den Antrag iwwer deen de Präsidium soll ofstëmmen] |
| Erklärung: | [Wieder Erklärungen zum Antrag] |
Diskussioun:
[Weider Diskussioun zum Antrag. W.e.g. sëtz ären Numm hannert är Aussoen!]

