Präsidium:Protokoll/2012-07-02

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

2012-07-02

Café Le Pirate, Esch


1. TEILNEHMER

1.1 - Präsidiumsmemberen

Sven
Andy
Jerry
Fränz
Pierrot (partiell)

1.2 - Gäste

8


2. PROCEDURE

Sëtzung Ufank 17:52 (CET) vum Sven Clement, Protokollführer ass Pit Wenkin.
Quorum (Jo): 4/7 Präsidiumsmember
Recording: [Jo]
Sëtzung Enn 19:15 vum Sven.

Recording: http://www.youtube.com/watch?v=Pneg6eStSVs (Video)


3. ANNOUNCEMENTS

3.1 - Ëmlafbeschlëss

hate mer der
[War net Deel vum offizielle Protokoll - vum Jerry nogereecht]:
"Bestellt d'Piratepartei fir de Präis vun 13 € (HTVA) per Steck 40 mauve Polo-Shirts matt fir op de Broscht dem Logo an hannen um Reck dem Schreftzuch "www.piratepartei.lu"?" (Ugeholl)
"Soll de Marc Goergen zum Koordinateur fir d'regional Verankerung vun der Piratepartei Lëtzebuerg ernannt ginn?" (Ugeholl)

3.2 - Aktuell Zuelen (läschten Update: 02/07/2012)

Memberen: 269 (Cotisatioun fir 2012 bezuelt: 98)
  • Zentrum 76
  • Norden 72
  • Süden 68
  • Osten 32
  • Ausland 20
  • Onbekannt 1
Kontostand: 6579,65 EUR
  • BCEE: 5382,46 EUR
  • PayPal: 308,94 EUR
  • Cash: 888,25 EUR
Spenden am Mäerz 2012:
  • ënner 250€: 115,00€
  • iwwer 250€:
Spenden am Abrëll 2012:
  • ënner 250€: 136,27€
  • iwwer 250€:
Spenden am Mee 2012:
  • ënner 250€: 20,00€
  • iwwer 250€:
Spenden am Juni 2012:
  • ënner 250€: 100,00€
  • iwwer 250€:
Spenden am Juli 2012:
  • ënner 250€: 10,00€ (10,00€ mat der Motioun "gmat")
  • iwwer 250€:
Cotisatiounen:
  • Mäerz: 336,27€
  • Abrëll: 268,50€
  • Juni:

Disponibel fir international Kooperatioun: .. EUR


4. REPORTS

4.1 - Rapports vun de Präsidiumsmemberen

Jerry Weyer: regelméisseg Arbecht (Mails, Interviews, administratives), Treffen mam Claude Adam (Déi Gréng) fir ons Positioun zum Droit d'Auteur ze präsentéieren, Websäit diverses, lokal a regionalen Opbau, Besuch um Landesparteidaag NRW (Austausch mat Deputéierten, int. a regional Kooperatioun, EU-Wahlkampagn), kleng Iwwwersätzungen
Andy Maar: Allgemeng Administratives ronderëm d'Trésorie, Flyer, Facebook-Titelbild & Plakater fir d'Stop-Acta entwerfen souwéi Schëld dovunner 'bastlen', Konto fir de Südbezierk opmaachen.Et gouf e klenge Problem mam Nord-Kont wou e privaten Daueroptrag kopéiert gouf, et gouf awr näischt ofgebucht, an ass alles an Uerdnung bruecht.
Sven Clement: Vill zevill administratives, e puer Interviewen, Wor awer och 1 Woch an der Vakanz (Georgien), Stop ACTA Demo, klenge Sträit matt déi lénk (lol). Ausserdem Beméiungen fir d'Bezierker Zentrum an Osten endlech op d'Been ze stellen. Bug-Fixing un der Websäit, Buedbiddenrennen, GAYMAT Poloshirts, Konto-Südbezierk
Fränz: Huet e Bréif fir d'JonkPirate geschriwwen fir e "soutien financier" ze kreien.


5. AGENDA

5.a - Punkte vun der leschter Sëtzung

5.a.1 - PP-EU-Konferenz (vum Claude)

An wéi gesäit et aus?
Hätt sollen am November sinn,gouf awer ofgesot well eis europäesch Schwesterpartei sech net eenz ginn. Et läit op Äis. (Sven)
Et leeft awer nach europäesch Koordinatioun, awer éischter op lokalen Niveau (Jerry)

5.b - Beoptragungen

An dëser Sektioun soll op all Sëtzung en Iwwerbléck iwwer aktuell Beoptragungen gemaach ginn an eventuell Updates. De Jerry këmmert sech bis di nächst Sëtzung drëms d'Beoptragungen bësser ze organiséieren.
Ëmsetzungsverantwortlech: Jerry Weyer

5.1 - Flyer (vum Pit)

Den Design vum Flyer ass elo eiser (Claude & Pit) Meenung no fäerdeg. Mir géifen dee gär als als offizielle Flyer areechen, a vun der Partei gedréckt kréien. (Verbessert Versioun)
Flyer Front
Flyer Back
Ech hu nach séier eng Schwaarz&Wäiss Versioun gemaach:
http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Datei:Flyer-Front-BW.png
http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Datei:Flyer-Back-BW.png
Antrag: Hëllt de Präsidium dës Propose als offizielle Flyer un?
Resultat: Ugeholl
Jo: 5 | (Andy, Sven, Jerry, Fränz, Pierrot)
Nee: 0
Enthalung: 0
Emsätzungsverantwortlech: Pit Wenkin
Antrag: Bestelle mer 2.500 Flyeren fir maximal 125 €?
Resultat: Ugeholl
Jo: 4 | (Andy, Sven, Jerry, Fränz)
Nee: 0
Enthalung: 0
Emsätzungsverantwortlech: Sven Clement

5.2 - Zitater (vu verschiddenen)

Fro: "Muss de Sven ëmmer an de PMs zitéiert ginn?"
Muss iwwerhaapt een zitéiert ginn?
Jo et muss een zitéiert gin dat ass eng vun de Regelen fir gudd PM's well dann d'Journalisten och e kuerz Text hun, eng Emotioun, an net nemmen anonymen Text. Zu Fro 2 hate mer dat virun enger längerer Zäit diskutéiert an esou agefouert, den aktuelle Präsidium hat gesot dat bäizebehalen ausser mir hun een ausgewissenen Expert fir een Thema, heescht zu all Thema wou mer keen Expert hun, sin ech de Platzhalter a wa mer een Expert hu, da welle mer deen trotzdem pushen ;) (Sven)

5.3 - Bezierksgrënnungen Zentrum an Osten (vum Sven)

Ech géif gäeren nach eemol all Member aus deene respektive Bezierker eenzel uschreiwen fir hinnen ze erklären wat een an engem Bezierkscomité maache muss an datt dat den éischte Schrëtt wier fir nach méi lokal aktiv ze ginn. Ech well domadder d'Angscht huelen aktiv ze ginn an dementspriechend dat och e bessi ze relancéieren.
ToDo fir de Sven: Dateschutzerklärung fir de Marc!

5.4 - Sektiounsgrënnungen (vum Sven)

Wéi gi mer an Zukunft matt Sektiounsgrënnungen em? Solle mer do net eng Prozedur (inkl. Sektiounspackage) zesummestellen déi et kloer mëscht wéi dat oflaafe soll an dementspriechend d'Léit och motivéiert kritt sech do ze engagéieren?

5.5 - Polo-Shirts & Jacketen (vum Sven)

Mir hun eng Offer fir Poloen an/oder Jacketen am Moof matt Parteilogo, wéi solle mer do weider firgoen? Dat wier imho ganz wichteg fir de GAYmat an och d'Braderien an Zukunft…
Et goufe 40 PoloShirts bestallt (via Ëmlafbeschloss)
Aner Promoartikelen: Bicer/Autocollanten; goufen déi bestallt? Wou sinn déi drun?
Bic'er si bestallt, brauchen awer +/- nach 3 Wochen. Wei eng Stickeren?
Pierrot hat eng Kéier gesot en hättt gespend fir Grouss Stickeren fir an d'Heckscheiw vum Auto (Demande ass eraus)
oppassen dass d'Stickeren UV bestaenneg sinn soss verlieren se d'Fuerw
Kéint ee Pins bestellen? (Pins hun ech der nach ca 40 hei leien)

5.6 - Innerparteilech Demokratie/Meenungsbildung (vum Claude)

Op der AG Demokratie gouf gemierkt dass et keng Méiglechkeet gëtt firvun ënnen rop eppes auszeschaffen. (Claude & René)
Et muss een oppassen dass een net eppes ufänkt wat dann am Sand verleeft (Jerry)
Eng éischt Aufgab vun der Ag kéint sinn eraus ze fannen wéi een dat ëmsetzen kéint. Wéi een Tool een dofir benotze kéint. Eventuell eppes mat LDAP. (Jeff W.)
D'AG Demokratie soll e Konzept ausschaffen wou een och d'Memberen kann abannen (Sven)
Emsetzungsverantwortlechen: Claude Feltgen

5.7 - INDECT Aktiounsdaag (vum Jerry/Claude)

Den 28.07.2012 soll den internationalen INDECT Aktiounsdaag sinn, initiéiert vun Stop-Indect an Anonymous. Däitschland, Niederländer, Tschechen a Polen si schon derbäi. Et ginn och schon Ufroen vun der lëtzebuerger Press.
INDECT ass een Forschungsprojet vun der EU: Verbannen vun Kameraen/Datebanken vir Kriminalitéiet am Viraus ze ënnerbannen (Precrime-Detection). D'Ondscholdsvermutung gëtt hei ignoréiert. Et gëtt awer wat d'Datebanken ugeet e puer gutt Punkten.
Mir sollen diskutéieren wéi an op mer um Aktiounsdaag deelhuelen.
Eischter informéieren, wéi demonstréieren. Infostand, Pressematdeelung, asw.
Wa mer eppes maachen dann a Form vun enger Pressematdeelung.

5.8 - Treffen Parteileedung (vum Jerry)

No der Grënnung vum Bezierk Süden an Norden musse mer ons besser ënnereneen koordinéieren. D'Satzung gesäit dofir de Gremium vun der "Parteileedung" fir. Mir sollten en Treffne organiséieren wou all d'Virstänn vun Bezierk an national sech treffen an iwwer Koordinatioun, Aarbechtsopdeelung an Kompetenzen diskutéieren. Et gouf zu deem Zweck schon eng Emfro: bislo steet 10. an 12. Juli ëm 20.00 zur Auswahl: http://doodle.com/tdzxfdw6qqfs385e#table
Antrag: D'Parteileedung, an all gewielte Vertrieder vun der Piratepartei Lëtzebuerg, sollen sech den 10. Julli ëm 19.00 Auer zu Koordinatiounsgeschpriecher treffen.
Emsätzungsverantwortlech (Plaatz fannen an annoncéieren): Andy Maar
D'Agenda vun dem Treffen gëtt hei virbereed: http://lux.piratepad.eu/agenda-parteileedung

5.9 - Ennerstëtzung Ahoi Sause (vum Jerry)

Den 25.8.2012 ass rëm Ahoi Sause - en internationalt Treffen vun de Piraten aus der Regioun, organiséiert vum LV Saarland. Ech hunn dozou e Blogpost virbereed, deen ech wéilt op de Site sätzen: http://lux.piratepad.eu/ahoisause. Donieft géif ech de Präsidium froen fir d'Organisateuren finanziell ze ënnerstëtzen mat enger Spend.
Antrag: D'Piratepartei Lëtzebuerg soll d'Ahoi Sause mat enger Spend vun 75€ un den Landesverband Saarbrécken vun der Piratepartei Däitschland ënnerstëtzen.
Resultat: Ugeholl
Jo: 5 | (Andy, Sven, Jerry, Fränz, Pierrot)
Nee: 0
Enthalung: 0
Emsätzungsverantwortlech: Andy /Jerry


6. SONSTIGES

6.1 - Grënnung Bezierk Süden'" (vum Pit)

Punkt heihinner gesat fir e Review
(Vue dass direkt am Uschloss vun dëser Sëtzung d'Südsëtzung ass ass et eventuell net néideg)
Video: http://www.youtube.com/watch?v=DLR879cSc8Q
HD: http://www.youtube.com/watch?v=RvaquQwqfak

6.2 - Accès fir Bezierkscomitésmemberen (vum Sven)

kucken wou jiddereen Accounts brauch an dei erausginn, se sollen net nofroe mussen ;)
Kontaktdonnéeeën vun de Memberen sollen per Mail (eng Mail pro Bezierk)un de Sven goen: Wien wou woufir Access brauch. (Wiki, verschidde Pads, Membersverwaltung, Mailingslëschten, …

6.3 - Update Jonk Piraten (vum Fränz)

Bréif geschriwwen fir e "soutien financier" ze kréien. (Muss nach fortgeschéckt ginn)

6.4 - Talk like a Pirate-Day (vum Andy)

Zënter e puer Joeren ass den 19. September den Internationalen "Schwätz wéi e Pirat"-Dag. Mir kinnten op deem Dag eppes organiséieren. Entweder e Picknick fir eis Memberen an déi déi et wëlle ginn, oder mir maachen wéi déi aner Parteien eng "Rentrée Parlamentaire" (misste just en aneren Numm fannen, vu datt mer jo net an der Chamber sinn :-p villäicht "Rentrée politique" oder sou), wou mer d'Press invitéieren fir déi lescht Chamber-Sessioun ze kommentéieren an fir eis Wënsch/Fuerderungen/what ever fir déi komment ze formuléieren. Op allefall bidd sech deen Dag enorm un, fir iergendeppes ze organiséieren.
Den 18. September läscht Joer sinn déi Berliner Piraten an de Landtag agezunn (als Info, kéint een dodrunn erënneren) (Claude)
De Jeff C. soll wann hien wëll, e Flashmob organiséieren.

6.5 "'Bezierks/Events-Flyer'" (vum Pit)

Eech ubidden opbauened op d'Flyeren vum Punkt 5.1 fir déi eenzel Bezierker mat méi spezifeschen Themen ze erstellen. Respektiv vir Events wou mer vertruede sinn mat z.B. Auszich aus dem Programm/Positiounspabeieren déi zum Event passen.

6.6 - Rappel un d'Memberen, déi nach net cotiséiert hunn (vum Andy)

Ech giff demnächst gäer d'Rappelen un d'Memberen erausschécken, déi nach net bezuelt hunn, gëtt et soss nach eppes, wat un d'Memberen geschéckt muss ginn? Eng éischt Ukënnegung fir den LK2012-2?
Den Text vir de Rappel virdrunner ofklären...ë soll nët nëmmen op de rappel bezéien, mee weider erklären firwat Suen esou wichteg sinn a wat domadder geschitt.
De Claude huet am Norden schon eppes preparéiert a géif dat souwuel dem Andy, wéi och dem Süd-Bezierk weiderginn.
Emsätzungsverantwortlech: Andy / Claude (Norden)


7. NOTES

Nächst Sëtzung: 16.07.2012 vun 20:00 bis ?:? am Mumble
Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg