Präsidium:Protokoll/2012-05-21

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

2012-05-21"' online am Mumble

Recording: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Datei:Mumble-2012-05-21-20-03-25-mumble.piratenpartei-nrw.de-Mixdown.ogg

1. TEILNEHMER

1.1 - Präsidiumsmemberen

Sven Clement
Jerry Weyer
Pierrot Bis


1.2 - Gäste

Pit Wenkin
Sascha Neumann
Jeff Wagner

2. PROCEDURE

Sëtzung Ufank 20:03 (CET) vum Sven Clement, Protokollführer ass Pit Wenkin.

Quorum (Jo): 3/7 Präsidiumsmember

Recording: [Jo]

Sëtzung Enn 21:25 vum Jerry Weyer .

3. ANNOUNCEMENTS

3.1 - Ëmlafbeschlëss

keng

3.2 - Aktuell Zuelen (läschten Update: 21/05/2012)

Memberen: 263 (Cotisatioun fir 2012 bezuelt: 93)

  • Zentrum     76
  • Norden       72
  • Süden        63
  • Osten        31
  • Ausland     20
  • Onbekannt  1

Kontostand:               6346,65 EUR

  • BCEE:                    5149,46 EUR
  • PayPal:                   308,94 EUR
  • Cash:                      888,25 EUR


Spenden am Mäerz 2012: 

  • ënner 250€:             115,00€
  • iwwer 250€:             

Spenden am Abrëll 2012:

  • ënner 250€:              136,27€
  • iwwer 250€:              

Cotisatiounen:

  • Mäerz:                    336,27€
  • Abrëll:                    268,50€

Disponibel fir international Kooperatioun: .. EUR

4. REPORTS

4.1 - Rapports vun de Präsidiumsmemberen 

Sven: Presseaarbecht ( Pressematdeelung, Suivi vum Medicoleak), international Kooperatioun, administrativ Aarbechten, PP-EU Konferenz (Organisatioun)
Jerry: Presseaarbecht (Interview & Pressematdeelung), Bugs/Feeler op der Websäit verbessert, international Kooperatioun (PPEU/Europa & PPI), regelméisseg administrativ Aarbechten
Pierrot: Präsidiumssëtzungen, Budgetsplang zesumme mam Andy

5. AGENDA

5.0 - Punkte vun der leschter Sëtzung

5.0.1 - TPB-Mirror (vum Claude)

Ass zwar net aus der leschter Sëtzung, mee aus der Sëtzung vum 15. Januar (http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Pr%C3%A4sidium:Protokoll/2012-01-15 ). Do gouf de 'commun Accord' festgehalen, dass mer e Mirror fir d'PirateBay géingen opsetzen. Säit dem hunn ech näischt méi dovunner héieren. Wéi gesäit et also domadder aus?
Wëll Server um Pabeier net ons (Asbl) gehéiert gouf net weider geplangt (rechtlech Bedenken) (Jerry). Well alles: Eise Site an de Mirror op engem Server leien, wier am Fall wou eppes géif schif goen, och eise Site betraff wier. Et kéint een existent Mirroren (belge/englesch) promoten.

5.0.2 - PP-EU-Konferenz (vum Claude)

An wéi gesäit et aus?
Update & eventuell preliminär Ofstëmmung (Jerry)
Et gesäit gutt aus! :), et feelt nach een deen sech ëm de Catering an d'Ënnerbréngung vun de Leit këmmert (Sven)
Resumé vun PP-EU (vum Jerry): Op der PPI Konferenz gouf beschloss eng europäesch Piratepartei ze grënnen. Wat genee dat ass ass am gaang ausgeschafft ze ginn. Um leschte offline Meeting war driwwer geschwat ginn d'Grënnungsversammlung hei am Land ze organiséieren. D'Jonkpiraten hunn d'Däichhal zu Ettelbréck virreservéiert vir den 16-18 Nov.
Wat bis lo preparéiert gouf gesäit een op: http://lux.piratepad.eu/ppeu-conf-2012 http://wiki.ppeu.piraten.lu/index.php/Pirate_Party_EU/Europe_Founding_Conference
Et gëtt bis elo keng Regelung wei a wou dat soll stattfannen, mee an der Aarbechtsgrupp déi sech ëm d'Opsëtzen vun der Partei këmmert huet gréisstendeels kee Problem mat der Propose.
Mir probéieren dat ganzt Käschtenneutral ze maachen. Iwwer Teilnahmegebühren. Wann d'Aarbechtsgrupp bis zum proposéierten Termin d'Statue fäerdeg kréien gesäit et gutt aus dass se eis Propose unhuelen.
PPI Konferenz zu Prag hat eng ähnlech Unzuel vu Leit (500) bei 250 wiere mer Käschtenneutral
Mir kënnen eis an de Nopeschlänner Leit 'ausléine' fir eis Manpower opzestocken.
Eis bréngt et virun allem Publicitéit
Nächste Mëttwoch ass déi nächst Sëtzung vun der Aarbechtsgrupp, wou mer den Accord ufroen, dass mer fréi genuch Bescheed wëssen op oder op net mer Zouso kréien
(Pierrot) Prinzipiell och derfir wéinst Publicitéit, mee mer musse matzäiten genee iwwerleeën datt mer dat organisatoresch (Manpower) gestëmmt kréien.

5.1 - Flyer  (vum Pit)

Den Design vum Flyer ass elo eiser (Claude & Pit) Meenung no fäerdeg. Mir géifen dee gär als als offizielle Flyer areechen, a vun der Partei gedréckt kréien.
wiki.piratepartei.lu/images/9/93/Programm-Heft-2-front-preview.png
wiki.piratepartei.lu/images/8/8f/Programm-Heft-2-back-preview.png
PSD Datei kann ech fir weider Ännerungen zur Verfügung stellen
Schéin ! si just nach e puer (orthografesch) Feeler dran 

5.2 - Bezierk Zentrum (vum Jerry)

Am Moment 'on hold'. Et brauch een méi e grousse Kär vir eng Grënnung un d'Goen ze kréien. Mir mussen vir d'éischt den haarde Kär vergréisseren ier mer un d'Grënnung kënnen goen. (Pierrot)
Wa mer net ee gréisser Schub kréien sollt een et net méi dëst Joer iwwert de Knéi briechen, virun allem wann ee bedenkt dass dëst Joer nach eventuell zwee gréisser Kongresser (Landes-  & PP-EU) hunn (Pit)

5.3 - Budgetsopdeelung (vum Pierrot)

Diskussioun iwwert den Budgetsplang "quant à la forme et au contenu"    
Eng genee Opdeelung prozentual an an absoluten Zuelen.
Opgedeelt a 7 Punkten 
Als Draft gesäit et gutt aus, muss awer nach mat Zuel gefiddert ginn, an dem nächste Kongress zur Ofstëmmung virgeluecht ginn . Dass e kéint ab dem 1. Januar 2013 'en Marche' sinn.
De Pierrot an den Andy wäerten sech drëm këmmeren dass dat weider ausgeschafft gëtt, an regelméisseg e Suivi maachen.

5.4 - Domains (vum Pit)

piratenpartei.lu ass falsch konfiguréiert. De Sven kuckt dono.

5.5 - Reminder fir Leit déi net bezuelt hunn (vum Pierrot)

Schloen vir trotz den (minimalen Käschten) eng Postsendung ze maachen un d'Memberen bezgl. Bezuelen mat enger motivéiernder Erklärung firwat dat néideg ass
Dem Andy seng Iwwerleeung bis elo: http://lux.piratepad.eu/95
An engem éischte Schrëtt kéint een eng Email (aplaz vun enger 'deierer' Pabeiermail) un d'Leit schécken

6. SONSTIGES

6.1 - Grënnung Bezierk Süden (vum Claude)

Punkt heihinner gesat fir iwwer alles Wichteges kucken ze kënnen. Wat muss nach gemach ginn, etc.
Pressematdeelung ass haut eraus gaang.
Planung ass souwäit ofgeschloss, de Raum misst nach hiergeriicht ginn. Wat nach feelt si Stëmmkaarten. (Laurent)
Et misst een eng Kéier sécher goen dass d'Invitatiounen raus gaang sinn.
Den Andy misst nach eng Lëscht mat de Memberen aus dem Süden erausréckelen, falls en net selwer kennt.

6.2- Lëscht mat allen Pads (vum Sascha & Laurent)

Ech schloen vir, dass eng Lëscht erstallt gëtt, wou all d'Pads themengeuerdnet agedroen sollen ginn fir eng Iwwersiicht ze behalen.
Eng Sich gëtt et souwäit ech weess net, an een Overview-Pad uptodate ze halen ass zäitopwenneg a wäert wuel mat der Zäit vernoléissegt ginn (Pit)
Eng 'Google'aarteg-Sich wier flott (Pierrot) 
De Laurent sollt w.e.g. nach eng Kéier dono kucken dass d'Registréierung an de Pad fonctionnéieren

7. NOTES

Sollt een net méi Kommuniquéen iwwer aktuell Themen erausginn (Léiweng, Villa Mersch, …)? (Pierrot)
Nächst Sëtzung: 04.06.2012 wou ??? Gëtt per Ëmlafbeschloss decidéiert. Ass Zäitgläich mam Stammdësch Süden.
Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg