Präsidium:Protokoll/2011-11-28

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

2011-28-11


1. TEILNEHMER

1.1 - Präsidiumsmemberen

Sven Clement
Jerry Weyer
Pierrot Bis
Andy Maar

1.2 - Gäste

2. PROCEDURE

Sëtzung Ufank 19:20 (CEST) vum Sven Clement, Protokollführer ass de Andy Maar

Quorum (Jo): 4/7 Präsidiumsmember Streaming: [NEE]

Recording: [NEE]

Sëtzung Enn 20:50 (CEST) vum Sven Clement


3. ANNOUNCEMENTS

3.1 - Ëmlaafbeschlëss

Keeft d'Piratepartei 2 mol 4000 Stickeren mam Motif QR Sticker (4000x Schwarz-wäis, 4000x Mauve) fir de Gesamtpräis vun 110,44€?

Erklärung: d'Käschten belaafen sech reell fir d'Partei op 0€, vue que dat die Mauv Stickeren vum David an die SW vum Jerry & mir gespend ginn. Trotzdeem musse mer driwwer ofstëmmen, wëll mer d'Geld wat mer gespend kréien jo ausginn. Jerry: Jo Laurent: Enthaalung Sven: Jo Pierrot: Jo David: Jo Andy: Jo France: Jo

3.2 - Aktuell Zuelen

Memberen: 195 (Cotisatioun fir 2011 bezuelt: 101)

  • Zentrum 51 (30)
  • Norden 55 (35)
  • Süden 52 (20)
  • Osten 22 (14)
  • Ausland 17 (12)

Kontostand: 4673,06 EUR

  • BCEE: 3540,97 EUR
  • PayPal: 650,02 EUR
  • Cash: 573,45 EUR

Spenden am Oktober: 216,51 EUR

  • ënner 250€: 216,51 EUR
  • iwwer 250€: 0 EUR

Spenden am November: 1235,00 EUR

  • ënner 250€: 235,00 EUR
  • iwwer 250€: 1000,00 EUR

4. AGENDA

4.0 - Punkte vun der läschter Sëtzung

Comitésännerungen vun der Piratepartei a.s.b.l. gouf den 10/11/2011 um RCS deposéiert. D'Demande fir den ATR-Stempel gouf den 18/11/2011 verschéckt.

4.1 - LK2012-1 (vum Jerry)

Mir mussen ufänken den nächsten Kongress ze plangen wann mer der 2 wëlle man nächst Joer. Eéischte Punkte: wéini? An eenege mer ons drop der 2 ze man a mam Programmkongress unzefänken?
Tendenziell derfir
Ech si fir 2, een am Mäerz/Abrëll an een am Oktober/November. +1 (da faale mer an d'Zäit vun den uerdentleche Kongresser vun deenen anere Parteien a sinn dann och nees an de Medien.

4.1.1 - POG Kongress zesumme mam LK (vum Jerry)

17. an 18. Mäerz soll de Kongress vun der POG eventuell zu Lëtzebuerg sinn.
Organiséiert d'Piratepartei Lëtzebuerg 2 Landeskongresser 2012? (Präzisioun: 1 x Mäerz an 1 x Oktober/November)
Resultat: Eestemmeg Ugeholl
Jo: 4 | (Sven, Jerry, Andy, Pierrot)
Nee: 0
Enthaalung: 0

4.2 - Rhetorik Workshop fir potenziell Kandidaten (vum Sven)

Mir mussen eis potenziell Kandidaten rhetoresch trainéieren a gläichzäiteg och Programmfest maachen. Ech wéilt dofir 2012 ee Workshop organiséieren wou mer dei potenziell Kandidaten, mee och all d'Präsidiumsmemberen invitéieren fir ee Grondcours a Rhetorik, Public Speaking a Pirateprogramm ze kréien. +1
Jo, wichteg! (Ech misst do och nach anzwousch Ënnerlagen hunn vu mengen Coursen, mol kucken wou déi sinn...;-)
Pierrot kemmert sech em e Raum & potenziell Daten

4.3 - Breifpabéier (vum Sven)

Solle mer eis Bréifpabeier zouléen? Wee kemmert sech drem?
Sinn haut nët derzou komm fir nach eng Offer unzefroen, maachen dat mar.Geschitt, ass 3mol méi deier wie dem Sven seng Offer.
Schloen den Pierrot an den Andy als Responsabel fir! averstan ok with me Hunn allerdings elo mol gecheckt wie dat geet mam Sven senger online-Dréckerei...deet mer leed mee verstinn nët genuch vun Dateformater a Farwprofiler asw fir dat do ze maachen.sry...muss een aneren drun.
Beschloss: Autoriséiert de Präsidium de Kaaf vu 5000 Blad Bréifpabéier fir maximal 120 €?
Resultat: Ugeholl
Jo: 3 | (Sven, Jerry, Pierrot)
Nee: 0
Enthaalung: 1 (Andy)

4.4 - Transparenz - net vergiessen! (vum Jerry)

Ech bemierken eng gewëssen "sloppiness" wat Transparenz ugeet: w.e.g. kuckt, dass suwuel är Aktivitéitsrapporten disponibel & aktuell sinn wéi och die Saachen déi der als offiziell Parteievertrieder macht transparent gehaale ginn; d.h. iwwer Office ML(*) ugekënnegen/Rapport schreiwen oder iwwer PP-Office wann Privatsphär/Dateschutz betraff ass.
(*) PP-Discuss an Office gännert, dës ML soll dann och mi prominent beworbe ginn.
Ech proposéieren dofir dëst Virgoen:
  • PP-Office wierklech nëmme wann Privatsphär/Dateschutz betraff ass. Ginn Maile geschékt wou dat net ersiichtlech ass (z.B. keng perséinlech Donnéën dra stinn), da muss et kloer gesot ginn dat et vertraulech ass, wëll...
  • Mailen die net an den éischte Punkt faalen an awer iwwer PP-Office geschékt ginn ginn un ML Office weidergeleed.
Struktur/Hierarchie: Parteileedung -> Präsidium -> ëffentlech Präsidium -> Discuss

4.5 - Nei Websäit (vum Jerry)

Mir hun nie driwwer ofgestëmmt op mer di Websäit déi ech virbereeden wëllen iwwerhuelen an der Zukunft. Fir de Formalitéite gerecht ze ginn hätt ech gär en Meenungsbild, dass ech soll an déi Richtung weider fueren (ofgestëmmt gëtt dann wann a weini den Switch gema gëtt).
Update vun eiser bestehender Websäit wär vläicht nët schlecht ...1 Mount nom Kongress... suwäit ech wees sinn Donnéën iwwerall korrekt. Fir Fotoen kanns de schon op smg.jay.lu kucken an déi benotzen. Du hues fräi Hand als Beoptragten a brauchs keen Accord vum Präsidium fir Verännerungen fir ze huelen!
De Jerry soll schnell weidermaachen!

4.6 - PPI oppe Sëtzer (vum Jerry)

Wéi per Mail beschwat freet d'PPI wéi mer mat den 2 oppe Sëtzer wëllen ëmgoen. Et ginn 3 Méiglechkeeten: a) Online Kongress b) PPI Board ernimmt Nofolger c) Näischt man. Ech plädéieren fir c), Begrënnung gëtt et op der Sëtzung. Ech sinn zwar fir int. Koordinatioun zoustänneg, wëll et awer emol an enger Sëtzung diskutéiert hunn.
1. Wéi aktiv a wichteg ass d'PPI?
2. Wär ët nët gudd (fir d'PPL) wanns du (Jerry) weiderhin do aktive Member wärs?
Mir optéieren generell fir (c)

4.7 - Koordinatioun mam Bezierk - PMs (vum Jerry)

Wéi handhabe mer Pressematdeelungen vum Bezierk Norden (verschéken & Accoren).
De Bezierk kann eege PMen verschecken, de Sven kemmert sech em dat technescht.

4.8 - Ufuerderungen un d'Konteféierung vu Bezierker (vum Sven)

Wéi eng Konditiounen an Ufuederungen gin un d'Konteféierung vun de Bezierker gestallt. Wat mussen se maachen, wat sollen se maachen a wat geet op kee Fall?
* Bor-Keess net mei wei 250€ matt elektr. Keessebuch (muss all Mount un den Trésorier)
* All Mount all Ausgaben per Mail beim Trésorier begrënnen
* All Virement w.e.g. iwwert den zentrale Kont! (Parteiefinanzéierung a sou :P)

4.9 - Websäite vu Bezierker (vum Sven)

Wéi eng Form vun URL? xxx.piraten.lu oder xxx.piratepartei.lu oder piratepartei-xxx.lu
bezierk.piratepartei.lu

4.10 - E-Mailsadressen (vum Sven)

Mir brauche Regelen fir @piratepartei.lu Adressen.
Wéi lang gellen se?
Wee kritt eng?
Meng Propose wier, datt mer Fonctiounsadressen ariichten à la president@piratepartei.lu déi jeweils op de Posten weidergeleed gin. All Inhaber vun engem Parteiamt op egal wat fir engem Niveau kann eng @piratepartei.lu Adress kreien, nom Schema virnumm.nonumm@piratepartei.lu dës Adressen verfalen nemmen beim Parteiaustrëtt!

4.11 - Telefonskonferenz (vum Sven)

Ech si genervt, firwat geet et eng Woch méi spéit nach emmer net? Firwat krute mer keng Statusmeldungen? Wat sin eis Alternativen?
Wee kemmert sech drem datt mer innerhalb vu 7 Deeg eng Léisung stoen hun?
Et geet elo, mee et gett nach emmer keen HowTo fir matt SIP anzewielen asw asf! De Laurent gett ennert Undroung vun enger Rüg dodrunner arennert datt en bis spéitsdens den 2.12.11 MUSS en Howto fir d'Telko schreiwen an iwwert d'pp-discuss verbreeden! Generell wenscht sech de Präsidium méi Statusmeldungen iwwert technesch Saachen op der pp-office!

5. REPORTS

5.1 - To-Do Lëscht

http://lux.piratepad.eu/to-do

5.2 - Wahlen 2014 Roadmap (vum Jerry)

Ech hunn hei ën online Projektmanagementsheet opgemeet, ech présentéieren deen den Owend kurz (ass nach nët fäerdeg).

6. SONSTIGES

6.1 - Spreadshirt-Shop (vum Andy)

6.2 - Transparent Autosticker (vum Pierrot)

Do war virun 1 Joer oder esou d'Initiativ fir Autostickeren ze maachen (fir an d'Heckscheiw ze pechen) ... ech hat do mengen ech 100 oder 200 € zweckgebonnen gespend...maache mer dat oder nët?


7. NOTES

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg