Präsidium:Protokoll/2011-11-02

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
Protokoll Präsidiumssëtzung
02. November 2011
Ausseruerdentlech éischt Präsidiumssëtzung vum neie Präsidium nom 2. uerdentleche Landeskongress


Présent:
- Sven Clement
- Andy Maar
- Pierrot Bis
- Laurent Mander
- Jerry Weyer
Sëtzung Ufank: 19:08
Sëtzung Änn: 20.48
Protokollant: Jerry

1. Geschäftsuerdnung

Di aktuell GO bleift bestoen. Wann eppes muss geännert ginn ass dëst bei all Sëtzung méiglech.

2. ASBL

Fir di nächst Sëtzung gëtt fir d'Assemblée vun der ASBL ageluede fir den aktuelle Präsident, Vize & Trésorier an de Conseil an ze schreiwen a Memberslëscht ze aktualiséieren.

3. Kontoverwaltung

Den Trésorier kritt Webbanking Accès, ouni 2t Ënnerschrëft (wier groussen Opwand wann méi wi 1 Ënnerschrëft fir Webbanking néideg wier). De Präsident hält 2. Kaart fir Webbanking fir Kontroll bzw. Ausfall. Multiline gëtt ugefrot fir Domiciliatiounen.

4. Strukture vun de Bezierker

All Bezierk kritt vun der ASBL en Konto opgemaach dee vum Trésorier vum nationale Verband geréiert gëtt a wou de Trésorier vum Bezierk Procuratioun kritt.

5. Websait Update

Fotoe vun all Präsidiumsmemberen & Informatiounen um Site/Wiki musse geupdatet ginn. Responsabel: Jerry

6. Präsidiumssëtzungen

Telefonskonferenz soll bäibehale ginn a méi offline Meetinger gehale ginn. Telefonsnummer a Recording funktionéiert, fir Stream kuckt de Laurent nach. De Laurent mëscht soubal Tester erfollegräich sinn en How-To. Deadline: 21.11.11. Den Daag vun der Sëtzung gëtt gedoodled, Resp.: Jerry
Provisoresch: 7.11.11 nächst Sëtzung.

7. LK11 Follow-Up

Programm & Satzung updaten, Schiedsgericht, Positiounspabeieren op Websäiten. Responsabel: Jerry
Laurent erënnert Schiedsrichteren drun en Virsetzenden ze wielen.
Alain sëtzt Protokoll a Form.

8. Passwierder späicheren an änneren

Sven Cl. këmmert sech drëms.

9. Pressematdeelunge Guidelines

Bei urgente PMs ginn 2 Präsidiumsmemberen duer. Normal PMs brauche 4 Accore.
Zitater an de PMs: De Sven gëtt haaptsächlech zitéiert, Spezialiste bei Detailzitater.

10. Aufgabeverdeelung innerhalb vum Präsidium

  • Websäit: Jerry
  • Wiki Gärtner: Sven
  • Presseaarbecht: Handy-Nummer Sven Cl. (al Nummer fält wech)
  • Int. Kooperatioun: Jerry
  • Social Media: Jerry
  • Mitgliederverwaltung: Andy
  • Events/Orga: Pierrot
  • IT Infrastruktur: Laurent (SSL Membersformulaire)
  • Wahlkampf: David
  • Konkurrenzbeobachtung: David
  • Jonk Piraten: Fränz

11. Zilsetzung

  • Konzept Matmaachpartei stäerken
  • Méi Präsenz um Terrain e.a. iwwer Bezierker
  • Wahlkampfstrategie entwécklen
  • Finanzplang bis 2014 opstellen

12. Beoptragungen

  • Wiki-Gärtner: Alain
  • Social Media: Claude
  • Newsletter
  • Pressespiggel
  • Sëtzungsprotokollant
  • Websäitupdate & Fleege
Jerry schreift Beschreiwungen & mëscht Werbung
Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg