Präsidium:Protokoll/2011-02-02

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

2011-02-02

Recording: http://wiki.piratepartei.lu/images/1/1b/Recording-02-02-2011.ogg

1. TEILNEHMER

1.1 - Präsidiumsmemberen

Jerry Weyer
Sven Cannivy
Laurent Mander
excuséiert ass den Sven Clement an Ritchie Flick

1.2 - Gäste


2. PROCEDURE

Sëtzung Ufank: 20:13 (CEST) vum Jerry, Protokollführer ass den Sven Ca.

Quorum (Jo): 3/6 Präsidiumsmemberen

Streaming: [Jo]

Recording: [Jo]

Sëtzung Ënn 20:37 (CEST) vum Jerry.


3. ANNOUNCEMENTS

3.1 - Emlaafbeschlëss

3.1.1 - Accordéiert den Präsidium d'Grënnung vun der "AG Iwwerwaachung" mam Sven Cannivy als Responsabelen? (vum Sven Cannivy)

Resultat: Ugeholl
Jo: 5 | (Sven Clement, Sven Cannivy, Jerry, Ritchie, Laurent)
Nee: 0 | ()
Enthaalung: 0 | ()

3.1.2 - Stellen mer d'Analyse zum Questionnaire vum Zensus11 op d'Website ënner Publikatiounen > Berichter online? (vum Sven Cannivy)

http://sven.omg.lu/piraten/lux/AnalyseZensus11_LUX_final.pdf
Resultat: Ugeholl
Jo: 4 | (Sven Clement, Jerry, Sven Cannivy, Ritchie)
Nee: 0 | ()
Enthaalung: 0 | ()

3.1.3 - Sëtze mer d'Infoblaat zum Zensus an onser Kritik op d'Websäit? (vum Jerry)

Resultat: Ugeholl
Jo: 6 | (Jerry, Sven Cannivy, Sven Cl., Olivier, Ritchie, Laurent)
Nee: 0 | ()
Enthaalung: 0 | ()
http://wiki.piratepartei.lu/images/7/70/Vollekszielung-Infoblaat.pdf
http://wiki.piratepartei.lu/images/8/86/Vollekszielung-kritik.pdf

3.1.4 - Gëtt d'Facebook Page zum Zensus den 26.01 lancéiert? (vum Jerry)

http://www.facebook.com/pages/Ech-fellen-de-Questionnaire-vun-der-Vollekszielung-NET-aus-oder-dach/141240792603149?v=wall
Resultat: Ugeholl
Jo: 6 | (Jerry, Sven Cannivy, Sven Cl., Olivier, Ritchie, Laurent)
Nee: 0 | ()
Enthaalung: 0 | ()


3.2 - Aktuell Zuelen

Memberen: .. [stimmberechtigt: .. | bezuelt fir 2011: ..]
Kontostand: .. EUR [BCEE: .. EUR | PayPal: .. EUR | Cash: .. EUR]
Spenden läschten Mount: .. EUR [50 EUR Spenden < 1.500€ | .. EUR Spenden > 1.500€]
Sven Clement: Ech updaten dat no menger Vakanz e Méinden

3.3 - Newsletter Int. Kooperatioun (proposéiert vum Jerry)

Ech sinn op enger Mailinglëscht ageschriwen fir en internationalen Newsletter bzw. inter. Kooperatioun an deem Beräich virun ze brengen. Wien wëll mat drop kann sech hei umëllen: https://ml.partito-pirata.it:10000/virtualmin-mailman/unauthenticated/listinfo.cgi/international

3.4. - Portugiesesch Iwwersätzung (proposéiert vum Jerry)

Ech hun eng Persoun fond dei ons Teaser Säit op Portugiesesch iwwersätzt.

4. AGENDA

4.1 - Untrag zur Ännerung vun der Geschäftsuerdnung vun den Präsidiumssëtzungen (proposéiert vum Sven Cannivy) zréck gezunn

Beim Punkt "Aufgabenverteilung" soll d'Geschäftsuerdnung ëm folgenden Absatz ergänzt gin:
"Das Präsidium kann Parteimitglieder zu Beauftragten in festgelegten Themengebieten ernennen."

4.2 - Untrag zur Ännerung vun der Geschäftsuerdnung vun den Präsidiumssëtzungen (proposéiert vum Sven Cannivy) zréck gezunn

Am Sënn vun der Matmaachpartei sollen och d'Beoptraachten bei Präsidiumsoofstëmmungen an Emlaafbeschlëss zougeloos gin. Dëst ass néideg wann mer eng Froestellung hun zu där een Beoptraachten eng gewëss Expertise matbréngt déi wichteg fir en optimalen Vote ass. Aus deem Grond soll d'GO vun den Präsidiumssëtzung (Punkt "Abstimmungen") folgendermoossen geännert gin:
Alt: "Stimmberechtigt sind nur die Mitglieder des Präsidiums."
Neu: "Stimmberechtigt sind nur die Mitglieder des Präsidiums und die jeweiligen vom Präsidium ernannten Beauftragten."

4.3 - PPI Konferenz (proposéiert vum Jerry)

Puer Saachen zur PPI Konferenz:
# Huet den Trésorier den Beschloss schon ëmgesaagt dei 75€ ze spenden?
Op wéi ee Kont sollen dei goen? Da man ech et... -> http://int.piratenpartei.de/PPI_Conference_2011#Support
# Wien sinn dei 6 Delegéiert vun der Piratepartei?
Momentan hunn sech 5 interesséiert Leit gemëllt (Sven x2, Laurent, Claude, Jerry). Et wier gudd wann mer asap géifen ons festleen, wien d'Partei offiziell vertrëtt (muss ofgestëmmt ginn). Dann kéinte mer ons umëllen an Rees plangen.
Zousou: Jerry, Sven Ca.
Onkloer: de Rescht
Bis 7. Februar.
# Käschtebedeelegung. Nodeems mer d'Rees geplang hun geife mer kucken weieng Käschten d'Partei bezillt. Ech geif dofir plädéieren, dass mindestens d'Teilnahmegebür an d'Reeskäschten bezuelt ginn (Iwwernuechtung géif dann perséinlech bezuelt ginn). Kann den Trésorier ons soen weiffil Suer mer genau zur Verfügung hun laut Satzung (5%)?
Muss ech ausrechnen ass nämlech am Moment kee separate Titel an der Bilanz, well soss nach mei Aarbescht wier :/ (Sven Clement)

4.4 - Eegen Piratenpad Infrastruktur (proposéiert vum Jerry)

Ass et méiglech eng eegen Piratenpad Infrastruktur ze hosten? Dann wieren mer net méi davun ofhängeg, dass dei aaner Serveren fonktionnéieren.
Gëtt an der nächster Telko nach eng Kéier ugeschwaat, mir brauchen d'Meenung vum Laurent an vum Sven Clement dozou.

4.5 - Forum (proposéiert vum Jerry)

Ass et méiglech de Forum Spam-fräi ze haalen a wa jo mat wéiengem Opwand?
Wann den Opwand ze heig ass géif ech gären diskutéieren ob mer de Forum net ganz vum Site huelen. M.M. no mëcht 1 Post mat Pornophotoen méi eng schlecht Werbung wéi keen Forum ze hun, besonnesch wann mer Mailinglëscht hun. Mir kënne jo dofir méi direkt op den Archiv vun der Mailinglëscht linken, als eng Art Ersatz. (Jerry)
Ech hun elo mol eng aaner Method zur Bot-Oofwier bei der Registratioun ageschalt (Question/Answer, gefroot gëtt 1 + 1). hun gelies dëst soll effektiv géint Bots hëllefen. (Sven Ca)
Di Saach gëtt am Aaen behaalen, falls nach eppes kënnt gëtt den Forum offline geholl.

5. REPORTS

5.1. - To-Do Lëscht

http://lux.piratenpad.de/to-do

6. SONSTIGES


== Template:

Resultat: (net) Ugeholl
Jo: 0 | (Nimm)
Nee: 0 | (Nimm)
Enthaalung: 0 | (Nimm)

==

7. ANNEXE

7.1 - Diskussioun zu 4.1 an 4.2

4.1
Jerry: Dës Méiglechkeet ass schon an der Satzung § 10a (6) virgesinn. Eng konkret Nennung ass iwwerflësseg.
Sven: Dësen Untrag maan ech just fir den Punkt 4.2.. "Beoptraachten" muss iergendwou définéiert sin fir den zweeten Untrag.
Jerry: En éischte Probleem gesinn ech doranner, dass nëmmen Parteimitglieder dierfe Beoptrachte ginn. Ech gesin keen Grond dat ze beschränken.
Sven Ca: Waat ass, wann een Beoptraachten Dommheeten mëcht? Et kann een keng net-Memberen virun d'Schiedsgericht huelen.
Dann beend den Präsidium d'Beoptragung.
Jerry: Problematesch ass och den 2. Saatz; Präsidiumsbeschlëss mussen och no der Entlastung vum Präsidium gëllen fir Kontinuitéit ze haalen. Den néie Präsidium kann all Beoptragung vum aale Präsidium stoppen; mat dësem Antrag missten se awer all Beoptragung bestätegen. Daat kann zu Probleemer féieren well tëscht dem Moment vun der Entlaschtung an dem Moment vun der Beoptragung den Beoptrachten net dierf schaffen.
Sven Ca: Aye, zweeten Saatz ass gestrach. All Beoptraagung end mat engem Präsidiumsbeschloss oder duerch den Beoptraachten selwer.
Jerry: Wat mer ons méi mussen ëm Prozedur këmmeren, waat mer ons manner ëm Inhalt kënne këmmeren. Dofir kann ech dësen Untrag net ënnerstëtzen.
4.2
Jerry: Dësen Antrag verstéiss m.M. no géint Artikel § 10a (2) + (6) vun onser Satzung. Doriwwer raus verstéisst e géint de Prinzip vun der Wahl vun engem representativen an responsabelen Präsidium andeems en Stëmmofgab vun net Präsidiumsmemberen erlaabt déi net vun de Memberen vun der Partei fir dësen Zweck gewielt goufen.
Sven Ca: Am Artikel 2 steet dass den Präsidium d'Geschäft op Basis vun den Beschlëss vun den Parteiorganer ausféiert, an daat hei ass een Beschloss vum Parteipräsidium als Parteiorgan.
Den Parteipräsidium muss sech un d'Satzung haalen, waat en mat der Unnahm vun dësem Antrag net géif maachen.
Am Artikel 6 steet dass den Präsidium iwwer organisatoresch Froen am Sënn vum LK beschléißt, deen am September 2010 oft zur Begrënnung vun Satzungsännerungsunträg d'Idee vun der Matmaachpartei haat oder esuguer wuertwiertlech en méi flexibelen Präsidium (Programmheft LK2010, SÄA-16).
Matmaachpartei gëtt der keen Fräifartsschäin alles maachen ze kënne waats de wëlls.
Sven Ca: Wann just den Präsidium ausféirend an entscheedend Responsabilitéit iwwerhuelen dierf, dann dierfen mer d'Beoptraachten och an hirer Aarbecht net gewärden loossen. Daat maachen mer awer aus gudde Grënn, also dierf dësen Beoptrachten och bei Beschlëss dës Responsabilitéit ageraumt gin.
Nee. Eng Beoptrachgung leeft ëmmer ënner der Responsabilitéit vum Präsidium. D.h. den Präsidium ass responsabel, net den Beoptrachten.
Woumadder di vum LK gewielten Leit responsabel wieren. Wou bleiwt do nach dei Problem?
Neirens. Du wëlls awer eng net vum LK gewielten Persoun responsabel maachen (Stëmmrecht), wat laut Satzung net erlabt ass!


Jerry: Fir dem Sven seng Idee vun engem Afloss vum eventuellen Beoptrachten ëmzesätzen brauch et keng Ännerung vun der GO. Den Beoptrachten gëtt an der Sëtzung gehéiert an seng Meenung zum Thema of. Dann kann (awer net muss) all Präsidiumsmember dës Menung mat a sengem Vote afléisse lossen. Wann Präsidiumsmemberen konsequent géint d'Meenung vum Beoptrachten stëmmen kann dës Beoptragung nach ëmmer gestoppt ginn.
Sven Ca: Domat versetzen mer eis awer selwer an di Situatioun dass mer di Beoptraachten kategoresch ignoréiren kéinten, domat ass dann naischt gewonnen, an eigentlech missten mer dann och jidereen zu senger Meenung zum Thema froen. Ech hätt gären eng glaichwärteg Oofstëmm-Méiglechkeet fir den jeweilegen Beoptraachten.
Falsch. Wei scho puermol erwähnt steet an onser GO waat mer net dierfen, net waat mer dierfen. Dofir bleiwe mer flexibel. Wann mirir Beoptrachten kategoresch ignoréieren, wisou hu mer dann beoptracht? A wann mer net nolauschten dat selwescht. Wann mer dat an GO schreiwen MUSSE mer op dei Persou lauschteren an hieren komplette Status définéieren. Dat leist ons mat enger Prozedur, déi ons Sëtzungen weider an d'Längt zidd ouni en Virdeel draus gezunn ze hunn.
An der GO ass eng restriktiv Ausso: "Stimmberechtigt sind nur die Mitglieder des Präsidiums". Hei gëtt explizit gesoot dass keen aaneren oofstëmmen dierf. Daat ass iwwerhaabt net flexibel, wann een wéi ech aaner Memberen zur Oofstëmmung komme loosse wëll. Aus dem Grond muss den Beoptraachten iergendwou définéiert an zur Oofstëmmung zougelooss gin. Et leit ganz am Sënn vum engem _optimalen_ Vote das mer an jeweilegen Fäll dem Beoptraachten een gläichwärtegen Vote erméiglechen.
Natierlech ass et restriktif, wëll dat vun der Satzung firginn ass. De Präsidium kann net einfach Stëmme verdeelen ?! Et dierf keng net vum LK gewielte Persoun an engem vum LK opgesaaten an dem LK ënnerstallten Organ Stëmmberechtegung hunn! Dat geet géint all Prinzip vun der representativer Demokratie! D'Chambre kann o net décidéieren, dass lo all hier Sekretären och stëmmrecht hunn!
Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg