Parteileedung:Protokoll/2017-07-24

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PARTEILEEDUNGSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

24-07-2017 - PPLU HQ - 19:00

All d'Protokoller - Agenda - How-To Agenda - Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend:

  • Sven Clement
  • Camille Liesch
  • Rene Schmit
  • Ben Allard
  • Lucie Kunakova
  • NORDEN: Andy Maar
  • OSTEN: Sven Cannivy
  • ZENTRUM: Alain Knaff
  • SÜDEN: Jules Weber
  • Jonk Piraten: /

Entschëllegt:

  • Jérôme Becker (Meeting Stand your Point '17 - Esch)

Net entschëllegt:

Gäscht

  • Michel Weffling
  • Jérôme Hilbert
  • Libor Chmelik
  • Marc Goergen

PROZEDUR

  • Sëtzung Ufank: 18:55 Auer
  • Quorum: 9 (9 vu 11)
  • Recording / Streaming: http://1337.lu/live
  • Protokollant: Yvon Dostert
  • Sëtzung Enn: 20:25 Auer

ANNOUNCEMENTS

ËMLAFBESCHLËSS

NEI DOSSIEREN AN DER CHAMBER

http://pad.piraten.lu/national/Pr%C3%A4paratioun_CHD

Aktuell Zuelen

  • Lëschten Update: 24-07-2017
  • Memberen: 365
    • Cotisatioun fir 2017 bezuelt: 38 (BIL & BCEE)
  • Kontostand BCEE: 34.841,30€
  • 'Kontostand BIL' (total): 6.069,79€


AGENDA

Erakommend Post

  • 10.07.2017 : ADFE - APL - ASTI - CARITAS..; courrier, concernant la participation des étrangers à la vie communale, du 28 juin 2017 (I1707019)
  • 10.07.2017 : Ministère d'État; Avance <<Financement des partis politiques>> (I1707020)
  • 10.07.2017 : Air Liquide; Facture n°978389793 du 30/06/2017; 23,28.-€ (I1707021)
  • 10.07.2017 : MIXvoip S.a; RAPPEL INV 519-49069, 50340, 51662, 53040; 228,74€ (I1707022)
  • 10.07.2017 : Bibliothèque nationale de Luxembourg; courrier du 30 juin 2017 (I1707023 & I1707024)
  • 11.07.2017 : Demande de remboursement 'GayMat 2017' du 08.07.2017 (I1707025)
  • 12.07.2017 : XEROX; Premier rappel du 12 juillet 2017; 35,10.-€ (I1707026)
  • 14.07.2017 : POLICE; Déclaration pour bris de glace (I1707027)
  • 14.07.2017 : abil'IT; Facture n°17/0080; 3.056,16.-€ (I1707028)
  • 14.07.2017 : VITRALUX; Offre de réparation 77149/fh vitre inférieure porte d'entrée; 757,46.-€ (I1707029)
  • 18.07.2017 : FMV & Partners; CDI; Projet MALT (I1707030)
  • 19.07.2017 : Andy MAAR; 5 factures #2017-03, #2017-04, #2017-05, #2017-06 & #2017-07 projet MALT; 1.987,51.-€ (I1707031-I1707035)


Upcoming Events

  • 21.07.2017 : Stammdësch Süden (Brasserie REX, 22b, rue Louis Pasteur, 4276 Esch-/Alzette) ab 19h00
  • 22.07.2017 : Péitenger Braderie
  • 04.08.2017 : Stammdësch Süden (Brasserie REX, 22b, rue Louis Pasteur, 4276 Esch-/Alzette) ab 19h00
  • 07.08.2017 : nächst Präsidiumssëtzung
  • 21.08.2017 : nächst Parteileedungssëtzung


TOP1- Aktivitéitsrapporten

  • Sven Clement: MALT, Divers Veranstaltungen, Lescht Stad, Programm Stad, Recherche 2. CDI MALT, Signature MALT, Kongress Osten
  • Camille Liesch: Aweiung Gemengeplaz Kielen,Comité des usagers,50. Anniversaire Syndicat d'Initiative Nouspelt, Reunioun ort miersch, Braderie Péiteng. Pirat fir eng Woch, Preparatioun Wahlprogramm Kielen, Kontakt mat der Post 'envoie réponse'
  • Andy Maar: Laafend Administratives, Adaptéiere vun der Welcome-Broschür, Planung fir a Präsenz op der Koordinatiounsplattform "Gemengewalen" (inkl. Verfaasse vun den Ënnerlagen), Suivi vun den Aarbechten um Website, Aarbechten um Backdrop fir den Konferenzsall, Ausschreiwung fir e Posten "Video", Pfleeg vum Website (divers Pages), Koordinatioun Walkampagn Cliärref (Kandidatesich, Planung fir Publikatiounen, Walprogramm, divers Visiten vun Evenementer an der Gemeng), allerlei Kreemchen am HQ, Nachschub vu Material op d'Péitenger Braderie bréngen
  • Ben Allard:
  • René Schmit: Kongress Osten + Pizza-Iessen orga, USB-Sticken bestallt, MALT, Sténg sammelen
  • Lucie Kunakova: Picknick vun Comité fir Steiergerechtegkeet, Feier 25 Joer CID Fraen an Gender, Braderie Pétange
  • Jérôme Becker: Entwerfen vun engem Logo fir Stand your Point '17, Bréiwer Spellchecker fir SYP17, PowerPoint Presentatioun fir SYP17.


TOP2 - Update Gemengewalen

Untragsteller: Andy Maar

Statusupdate vun den eenzelnen Sektiounen fir d'Gemengewalen, sou wéi et an der Koordinatiounsplattform beschwoart gouf.

  • Klierf: aktuell 5 confirméiert Kandidaten, 1 Potenziellen, eng Publikatioun ass an der Maach, ugestriefte Budget: 5000€, dovunner ausginn: 70€
  • Esch: aktuell 6 confirméiert Kandidaten, 2 Potenzieller
  • Réimech: aktuell 8 confirméiert Kandidaten, 3 sinn nach ze fannen
  • Stad Lëtzebuerg: aktuell 14 confirméiert Kandidaten, 5 Potenzieller. Ugestriefte Budget: 10-12.000€
  • Péiteng: komplett Lëscht, ugestriefte Budget: 8000€, dovunner schon 2500 ausginn
  • Kielen: aktuell 5 confirméiert Kandidaten
  • Ettelbréck: et leien bis haut keng Informatioun vir
Ofstëmmung:
Beschloss: Zur Kenntnis geholl.


TOP3 - Budget fir d'Bezierker/Sektiounen

Untragsteller: Andy Maar, Marc Goergen

Nodeems beim Koordinatiounstreffen keng Budgetsinformatiounen virlouchen, wéilte mer dee Punkt op der Parteileedung gär nohuelen. D'Sektiounen wéilte gär wëssen, welch finanziell Mëttel de Bezierker an de Sektiounen fir de Gemengewalkampf zur Verfügung stinn? Ginn d'Budgeten, souwéi se nom Verdeelerschlëssel um #LK161 beschloss gouf, réckwierkend och deementspriechend verdeelt?

+ aktuell Iwwersiicht vun den Finanzen vun der Partei

Ofstëmmung: Eestemmeg mat 3 Enthaalungen ugeholl.
Beschloss: Mir setzen temporär bis den 8.10.2017 00:00 de Beschloss zum Finanzéierungsschlessel vum LK161 ausser Kraaft. De Budget deen um LK163 Beschloss gouf bleift dovunner onberéiert.


TOP4 - Google

Untragsteller: Marc Goergen (?)

Google kennt op LU. Den E. Schneider huet sech awer verhal wei en Amateur fir Koordinatioun. Wei steet Piratepartei zu sengem Feeler? Wei allgemeng zu Google?

Ofstëmmung:
Beschloss: Et soll een fonnt ginn deen eng PM schreift.


TOP5 - nei Memberen

Untragsteller: Marc Goergen, Äntwert vum Andy Maar

Op de Braderien hu sech nei Memberen ugemellt. Kréien déi elo ee Welcome-Package? Wéi leeft dat of?

Äntwert: Eis aktuell Prozedur zënter August 2016 ass, wéi och schon an der Parteileedung beschwoart, folgend:

  1. Neiumeldungen kënne via Website resp. Bäitrëttsformulär erakommen.
    1. d'Umeldungen vum Site landen via eMail direkt beim Sekretariatsmataarbechter.
    2. Déi ausgefëllten Bäitrëttsformulären vun den Infostänn sollten esou séier wéi méiglech an enger Enveloppe (Dateschutz! keng perséinlech Informatiounen fir jiddwereen liesbar leie loossen!) un de Sekretariatsmataarbechter goen. Wann de Member 'sur place' d'Cotisatioun bezuelt huet, sou sollen d'Suen dann och dem Formulär bäileien resp. d'Quittung vum Payement vun der Kaart resp. engem Vermierk, datt d'Cotisatioun per Iwwerweisung bezuelt gouf.
  2. D'Informatiounen vun den neie Memberen ginn dann vum Sekretariatsmataarbechter an eiser Datebank saiséiert.
  3. De Bezierkspresident erhält eng Informatioun, datt en neie Member do ass, fir datt deen him eng Begréissungsmail schécke kann. An deene Fäll w.e.g. ahoi@piratepartei.lu a Kopie setzen.
  4. Parallel preparéiert de Sekretariatsmataarbechter e Welcome-Package (bestoend aus engem Welcome-Bréif, der Memberskaart, 2 Bicker, Stickeren an engem Pin resp. engem Button. Ab elo ginn och nach Welcome-Broschüren matgeschéckt.
Ofstëmmung:
Beschloss: Zur Kenntnis geholl.


TOP6 - Kleeder + Béierdeckelen

Untragsteller: Marc Goergen

Sinn nach Poloshirts do fir nei Kandidaten. Propose vun Béierdeckelen mat eisen Slogan'en.

Ofstëmmung: Eestëmmeg ouni Enthalung ugeholl.
Beschloss: Et sollen 100 Poloen, 100 T-Shirten nobestallt ginn an et sollen 1000,- Beierdeckelen mat engem Budget à 100,-€ bestallt ginn.


TOP7 - Streeartikelen

Untragsteller: Andy Maar

Nachschub fir Gummibaeren, Bicker etc.

Ofstëmmung:
Beschloss: den Yvon mécht fir KW31 en Update.


TOP8 - Fro un d'Parteileedung fir hellef bei SYP17 (Stand your Point 2017)

Untragsteller: Jérôme Becker

Den Jérôme freet d'Parteileedung op se gewellt wieren muer nach een op Esch ze schécken (am beschten ee jonken), fir d'Piratepartei ze presentéieren. Ech (Jerome) sinn do zimlech engagéiert. Et wier fein nach een "jonken" derbäi ze hunn.

Ofstëmmung:
Beschloss: Den Sven Clement mécht den 25.07.2017 eng Präsenz


TOP9 - Uerdnungsmoossnam géint e Member

Untragsteller: Andy Maar

An de vergaangenen 2 Wochen krut d'Piratepartei divers eMailen mat äusserst konfusem Inhalt mat zum Deel och obszönen Textzeilen. D'eMailen goufen vun engem Pseudonym u verschidden Empfänger (ë.a. Pressevertrieder an ëffentlechen Institutiounen) geschéckt, mat um Enn Kontaktinformatiounen vun dësem Member souwéi der Piratepartei-Adress. Nodeems d'Parteileedung schonn eng Verwarnung beschloss hat, déi och duerch de Parteipresident a Generalsekretär ausgeschwat gouf, froen ech heimadden eng Diskussioun an der Parteileedung un, déi berotschloen soll, op eng weider Uerdnungsmoossnam ausgeschwat soll ginn oder op de Präsidium d' Schiidsgeriicht mam Fall betraue soll.

Ofstëmmung: Eestëmmeg ouni Enthalung ugeholl.
Beschloss: Dëse Punkt gouf, vu datt et ëm e Member goung, ënnert Ausschloss vun der Ëffentlechkeet diskutéiert, fir esou dem Member seng Privatsphär ze respektéieren. D'Parteileedung freet Schiidsgeriicht ëm e Parteiausschlossverfahren.


To do's

Sujet, Eventuell Erklärung (Responsablen) -> Zieldatum & Aktioun

Aktuell - Prioritär

  • Ausschreiwung fir e Posten "Video": Ausschreiwung leeft
  • Website: de Kalenner fonctionnéiert, nom haitegen Erkenntnisstand, nach ëmmer net korrekt. Um Site sinn divers Changementer gemaach ginn, allerdéngs ass näischt vun der To do-Lëscht konsequent ofgeschloss ginn. Et deet mer Leed et ze soen: et ass eng Katastroph an ech weess mengen Hänn kee Rot méi, wéi de responsabelen Programméierer motivéiert muss ginn, fir opmannst de Kalenner (deen als absolut Prioritéit deklaréiert ass) fäerdegzekréien
  • Listing vun de Cotisatiounen fir d'Joer 2017: Nom Kongress wier en Update nëtzlech (Ben, Status)
  • Status vun der Baatsch fir Remorque: d'Remorque kann des Woch (KW 26) bei 'Remorques WALT' bruecht ginn zwecks montéieren vum Kader (1m20) -> KADER soll des Woch (KW 30) fäerdeg ginn.
  • Bréifbeschwéiersteng (Lucie) -> René bréngt 'Samplen' mat
  • XXXL-Jacketen (Sven?): 3 XXXL sinn ukomm. Den Pirate X däerf se nach bezuelen (+3 Torrorist T-shirten) Aale Status : 195,-€ Neie Status : nach emmer 195.-€

w.e.g.

  • Kaart 'Port Payé' fir Remarquen vun Wieler, Membersuntrag (Camille): den Yvon freet do bei eisem Sachbeaarbechter bei der Post no : den Kontrakt leit vir
  • USB Sticken fir Wielerlëschten: (René) Status: 130 Stéck si bestallt, wäiss

Aktuell - Mëttel- bis laangfristeg

  • WG fir Refugiéeën an d'RMG'isten, Haus fannen (Sven Cl. Flëpp): op der Sich no enger anerer Alternativ, vu datt d'Zilobjekt un en aneren Locataire gaangen ass.
  • Blog-Hosting & Web-Site Contenu (Site OK, elo den Blog-Hosting):
  • Gala organiséieren, Datum fannen (Jérôme Becker / Andy Maar):
  • Urheberrecht-Table Ronde mam Julia (Andy): De Gilles huet op meng Lescht Äntwert nach net geäntwert Status?
  • Connectix / Notaire (Ben): keng News

Done

NOTES

Nächst Sëtzung: déi nächst Präsidiumssëtzung ass den 07-08-2017 @PPLU HQ, 19.00 Auer, déi nächst Parteileedungssëtzung ass den 21-08-2017 @PPLU HQ, 19.00 Auer

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg