Parteileedung:Protokoll/2017-05-29

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PARTEILEEDUNGSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

29-05-2017 - PPLU HQ - 19:00

All d'Protokoller - Agenda - How-To Agenda - Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend:

  • Andy Maar
  • Sven Clement
  • Lucie Kunakova
  • Rene Schmit
  • NORDEN: Andy Maar
  • OSTEN: Sven Cannivy
  • ZENTRUM: Alain Knaff
  • SÜDEN: Starsky Flor
  • Jonk Piraten: /

Entschëllegt:

  • Camille Liesch
  • Jérôme Becker
  • Ben Allard

Net entschëllegt:

Gäscht

  • Alain Schneider
  • Sylvie Schmit


PROZEDUR

  • Sëtzung Ufank: 19:01 Auer
  • Quorum: 7 (7 vu 11)
  • Recording / Streaming: http://1337.lu/PPlive
  • Protokollant: Andy Maar, Yvon Dostert
  • Sëtzung Enn: 20:20 Auer

ANNOUNCEMENTS

ËMLAFBESCHLËSS

NEI DOSSIEREN AN DER CHAMBER

http://pad.piraten.lu/national/Pr%C3%A4paratioun_CHD

Aktuell Zuelen

  • Läschten Update: 08-05-2017
  • Memberen: 347
    • Cotisatioun fir 2017 bezuelt: 47
  • Kontostand BCEE: 47 141,29€
  • 'Kontostand BIL' (total): 4 990,64€

AGENDA

Erakomment Post

Upcoming Events

  • 10.06.2017 : Stammdësch Zentrum
  • 12.06.2017 : naechst Präsidiumssëtzung
  • 16.06.2017 : Generalversammlung Sektioun Esch-Uelzecht
  • 26.06.2017 : naechst Parteileedungssëtzung


TOP1- Aktiviteitsrapporten

  • Sven Clement: Rotonde zum Journalismus, Cour des Comptes, MALT, verschidde Rendez-Vous'en
  • Camille Liesch: den 15.05.2017 an der rotonde iwwer journalismus, während drei Deeg zu Veinen, internationalen Event LINC /Zesummmekommen vun den europäische LEADER-Programmen, Divers Kommissiounen,14. Mee Blumemaart zu Kayl. Kontact mat der Mme Besch fir dës Woch wéi Behuelen a Schwätzen an der Ëffentlechkeet (Mëttwoch 17.)
  • Andy Maar: Laafend Administratives, Post etc., Pressematdeelung vum IDAHOT-Dag + divers Graphiken, Encadrement vum Bugfixing vun der Websäit, Editéiere vun der Invitatioun fir d'Generalversammlung vun der Sektioun Esch, Participatioun um Diskussiounsowend fir "Cliärref 2030"
  • Ben Allard:
  • René Schmit:
  • Lucie Kunakova: Formatioun fier Fraen an der Politik, Konferenz zum Aktionsplang "besondere Bedürfnisse" von VDL, Kulturowend an der Tscheschischer Ambassade, staubsaugen an pflanzen am HQ, eppes geint Monsanto gemaach
  • Jérôme Becker:


TOP2 - Pirat X

Untragsteller: Camille Liesch

Behuelen an enger form ,dei d'piratepartei letzeburg diskrimineiert ,voir bistro vu mir regelmeisseg zesummekommen a respekteiert ginn,ebensou mat der jacket mat eisem logo ennerwee ze sinn,ass ontoleraabel. Virun de clienten am bus de chauffeur vun enger RGTR linn zum Schleck ze maachen, ass ongeheierlech. Esou leid, fir dei Leid ass keng Plaatz an eise Reihen.

Ech wollt dann d'Fro un de Präsident stellen, wéini mir zu Ollem(Kielen) gesinn, fir en éischte Stammdech (oder esou) kënnen ze organiséieren, fir villäicht nach Leit ze fannen, fir eng Lëscht zesumme ze kréien.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl
Beschloss: d'Parteileedung schwätz eng Uerdnungmoossnahm (mëndlech Verwarnung) fir Pirat X aus.


TOP3 - Membersdatebank

Untragsteller: Andy Maar

Den aktuelle Stand vun der Aktualitéit vun der Memberdatebank: Mir verfollgen d'Zil, datt d'Memberdatebank am CiviCRM déi zouverlässegst Quell ass. Dës Datebank gëtt och bei all Evenement geupdatet. Den Yvon wäert dofir och d'Cotisatiounen fir 2017 do elo konsequent saiséieren. Den Fakt, datt mer um Landeskongress awer keng aktuell Memberlëscht haten, huet zwee Grënn: hei koum et am Ufank zu enger Verwiesslung. Den Responsablen fir d'Akkreditéierung huet fälschlecherweis den Datebanken-Export fir de Versand vun den Invitatiounen benotzt, wouduerch all déi Leit net drop stoungen, déi explizit keng Post op doudegem Holz wollten. Wéi dëst opgefall war, huet d'Akkreditéierung den CiviCRM benotzt (sou wéi et eigentlech geplankt war). Hei ass allerdéngs opgefall, datt verschidden Saisien, déi tatsächlech gemaach goufen, net méi ze fanne waren. Dëse Fall hu mer säit Joeren ëmmer erëm an et gëtt keng plausibel Erklärung dofir.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl
Beschloss: Eemol de Mount gëtt vum Yvon e kompletten Export vun der Membersdatebank gemaach an mat den néidegen Sécherheetsmesuren archivéiert. Dobäi soll iwwerwaacht ginn, op Antreeg verschwannen.


TOP4 - MALT

Untragsteller: René

E klenge Statusrapport zu MALT wär gutt:

  • wou si mer drun
  • Konventiounsverlängerung: 2 Joer ?
  • Parteiefinanzeierung: gëllt MALT?
Ofstëmmung: zur Kenntnis geholl
Beschloss:


TOP5 - Stand vun der Websäit

Untragsteller: Andy Maar

Zënter dem Release vun der Websäit zum 22. Abrëll 2017 am Kader vum Landeskongress #LK171 sollten zënterhir Bugs gefixt ginn. Méi wéi e Mount méi spéit sinn dës leider nëmmen a ganz klengem Ëmfang an zum Deel och onbefriddegent gemaach. De Kalenner fonktionnéiert nach ëmmer net, trotz méifachen intervenéieren. Optesch sinn e puer Mängel behuewen. Eng ganz Rëtsch vun den Features, déi gefuerdert waren, sinn nach guer net an Ugrëff geholl ginn. De Projet fir eng ofgespeckte Versioun fir perséinlech Blog oder eis Sektiounen schéngt beim däerzäitegen Fortgang bis op onbestëmmten Zäit verréckelt musse ze ginn.

Ofstëmmung: zur Kenntnis geholl
Beschloss:


TOP6 - Barcamp #3 - Social Media-Kampagnen

Untragsteller: Andy Maar

Menger Meenung no misste mer demnächst e Barcamp organiséieren, dee sech em d'Social Media-Kampagnen dréit. Zil soll et sinn, Webkampagnen ze entwéckelen souwéi den Timing vun de Releasen ze bestëmmen. Den zweeten wichtegen Deel vum Barcamp ass d'Entwécklung vun engem Konzept fir de Fernseh- a Radiospot.

Ofstëmmung: ugeholl
Beschloss: Den Andy soll en Datum zesummen mam Ben Allard an Sven Clement fannen, dat tëscht dem 19. an dem 28. Juni. Wann en Datum fonnt gouf, soll deen dann de Memberen kommunizéiert ginn.


TOP7- Update vun de Bezierker/Sektiounen zu de Gemengewalen

Untragsteller: Andy Maar

Reegelméissegen Update zu de Fortschrëtter vun de Bezierker a Sektiounen zu hire geplangte Lëschten fir d'Gemengewalen am Oktober.

  • Péiteng: d'Lëscht kompletéiert sech no an no a soll an der nächster Sektiounsversammlung ugeholl ginn
  • Klierf & Ettelbréck: a béide Sektiounen gouf et déi lescht Wochen Aktiounen (Facebookposts etc.), punkto Lëscht zënter der leschte Kéier awer keng News
  • Stad: am Ament 31 potenziell Kandidaten
  • Esch: do soll den 16. Juni eng Generalversammlung stattfannen, fir de Sektiounspräsidium neizewielen an iwwert d'Lëscht ze diskutéieren.
  • Réimesch: d'Lëscht ass méi wéi hallef voll, Detailer ginn et demnächst
Ofstëmmung:
Beschloss: D'Sektioun Nordstad sollt hir Beméihungen fir eng Lëscht ze kompletéieren drasteg steigeren. Doriwwer eraus gëtt en Appell un d'Sektiounen a Bezierker gemaach, fir d'Parteileedungs- a Präsidiumsversammlungen bis zu den Gemengewalen méi eecht ze huelen, fir datt en Austausch méiglech ass an d'Koordinatioun sou um Laafende bleiwt.


TOP8 - Baa(t)scheierung vun menger remorque

Untragsteller: Yvon Dostert, Andy Maar

Den Devis beziffert sech op 620,-€ (Kader & Baatsch); Heischt 1,5m; 1,2m geifen duer goen fir se nach kennen an d'Garage vum PPLU HQ ze stellen : minus ~40,-€ Den 'supplément' fir den Drock vun eisem Logo op denen 4 Seiten soll em 500,-€ leien. Dei 'eenzeg' Fuerw dei fir eis disponibel wier, ass : '323 viola/250cm Pantone 273C'.

Ofstëmmung: ugeholl fir den cader vun remorque WALT monteieren ze loossen.
Beschloss: fir max 220,-€ an op 1m20 Heischt.


TOP9 - Freifunk.lu

Untragsteller:

Wat huet et domadder op sech?

Ofstëmmung:
Beschloss: De Ben Allard resp. de Sam Gruneisen froen.


To do's

Sujet, Eventuell Erklärung (Responsablen) -> Zieldatum & Aktioun

Aktuell - Prioritär

  • Connectix / Notaire (Ben): keng News
  • Listing vun de Cotisatiounen fir d'Joer 2017: Nom Kongress wier en Update nëtzlech (Ben)
  • Speech Coaching (Camille): ech hunn nach neischt beu mech heem kritt vun colleen besch,ass et vielleicht an der bp?
  • Site Kalenner (& Certificat) (Sven?): Status
  • XXXL-Jacketen (Sven?): 3 XXXL sinn ukomm. Den Pirate X daerf se nach bezuelen (+3 Torrorist T-shirten)
  • Stand Finanzen hei am Pad updaten (Ben, Yvon)
  • Blog-Hosting & Web-Site Contenu, finaliséieren, en Externen fannen (Sven Cl.?) De Sven huet e Kandidat, dee bis den #LK171 d'Websäit vum National ëmgesat huet (Site OK, elo den Blog-Hosting)
  • Visittekaarten (Andy): dem Lucie KUNAKOVA seng leien nach am PPLU HQ
  • Memberen, déi ëmmer erem an eisem Listing feelen. Status?


Aktuell - Mëttel- bis laangfrësteg

  • WG fir Refugiéeën an d'RMGisten, Haus fannen (Sven Cl. Flëpp): keng Informatiounen
  • Diskussiounsowender, Preparéieren (Jerôme, René)-> Ufang 2017: keng Informatiounen
  • Gala organiséieren, Datum fannen (Jérôme Becker / Andy Maar): keng Informatiounen
  • Urheberrecht-Table Ronde mam Julia (Andy): De Gilles huet op meng Lescht Äntwert nach net geäntwert Status?


Done/Emmer erem

  • Jacketten & Mutzen (Yvon): (hu mer der nach? Wéi ass d'Resultat (Cashmaisseg ) Jacketten : bleiwen 27 Moover & 1 Schwaarz (M) Mutzen : 0 (Neie Status?) Sold Out!


NOTES

Nächst Sëtzung: déi nächst Präsidiumssëtzung ass den 12-06-2017 @PPLU HQ, 19.00 Auer, déi nächst Parteileedungssëtzung ass den 26-06-2017 @PPLU HQ, 19.00 Auer

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg