Parteileedung:Protokoll/2016-11-07

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PARTEILEEDUNGSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

07-11-2016 - PPLU HQ - 19:10

All d'Protokoller - Agenda - How-To Agenda - Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend :

  • Andy Maar
  • Jérôme Becker
  • Camille Liesch
  • Rene Schmit
  • Ben Allard
  • Sven CLEMENT (ab 19:45)
  • NORDEN: Claude Feltgen
  • OSTEN: Sven Cannivy
  • ZENTRUM: Alain Knaff
  • SÜDEN: Camille Liesch
  • Jonk Piraten: Cédric Heinen

Entschëllegt:

  • Lucie Kunakova

Net entschëllegt:

  • Jules Weber

Gäscht

  • Cyntia Laroche

PROZEDUR

  • Sëtzung Ufank: 19:10 Auer
  • Quorum: Jo (8 vu 11)
  • Recording / Streaming: http://1337.lu/PPlive
  • Protokollant: Yvon Dostert & Andy Maar
  • Sëtzung Enn: HH:MM Auer

ANNOUNCEMENTS

ËMLAFBESCHLËSS

Keng

Aktuell Zuelen

  • Läschten Update: DD-MM-2016
  • Memberen: XXX
    • Cotisatioun fir 2016 bezuelt: XXX)
  • Kontostand BCEE: XXXX€
  • 'Kontostand BIL' (total): 42507,64€

AGENDA

Erakomment Post

Upcoming Events

TOP1- Aktiviteitsrapporten

  • Sven Clement: Vertriedung op e puer Eventer (Tierkesch Ambassade, Home & Living, UCL zu Securitéit bei Banken, CTIE), Meeting Publi-Lux, Meeting LMP, Updates Kristina, Landeskongress, Island-Party
  • Camille Liesch:
  • Andy Maar: Laafend Administratives, Post etc., Organisatioun Landeskongress #LK163, Organisatioun a Präsenz vun #PiratesForIceland-Party, Verfaassen vun engem Journal-Kloertext zu den Island-Wahlen, Aarbechten fir Klierf 2017, Participatioun beim #MillionMaskMarch, Visitie op der Ouverture vum neien Hackerspace.
  • Ben Allard: Kontakt mat der Fiduciaire, Trésorerie, Projet Connectix (Kontakt mat der Fiduciaire)
  • René Schmit: Kongress, Island-Party, ToDo, PM
  • Lucie Kunakova: Preparatioun "Icelandparty", opraumen dono, Milion Mask March, ouverture "Hackerspace"
  • Jérôme Becker: LK; Icelandparty; Sektioun Esch; Organisatoresch Gespreicher mam Bezirk Süden (deelweis)


TOP2 - Formalitéiten fir den neie Präsidium

2.1 De nei gewielte Präsidium gëtt sech fir déi nei Mandatsperiod eng Geschäftsuerdnung. Déi al ass hei ze fannen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Gesch%C3%A4ftsordnung_Pr%C3%A4sidiumssitzungen

2.2. Hunn d'Präsidiumsmemberen alleguerten eng eMail-Adress (virnumm.nonumm@piratepartei.lu)? Ass d'Mailingslëscht holodeck@piratepartei.lu an pp-office@piratepartei.lu aktualiséiert?

2.3. Präsidium-Page op der Websäit ass geupdatet.

Ofstëmmung: eestemmeg ugeholl
Beschloss:


TOP3 - Diskussiounsronn zum Thema Logement (Jérôme)

Ass Interessen bei den Memberen fir en Diskussiounsowend ronderem Thema Logement/Educatioun? Wann jo, wei keinten mir deen Diskussiounsowend ooflaafe loossen an weini kéinten mir een maachen?

Ofstëmmung: zour Kenntnis geholl.
Beschloss: Mei Themen sollen/kennen ugeschwaat ginn. De Jérôme an de René wäerten d'Diskussiounsowender an Zukunft preparéieren an ggf. aner Leit bei der Organisatioun begleeden, déi eegen Iddien fir en Diskussiounsowend hunn. Et sollen dann och Experten vun Zäit zu Zäit invitéiert ginn. D'Themen sollten dann den Mount virdrunn per Newsletter bekannt ginn. Eng Emfrô soll gestart ginn betreff Diskussiounsowender.


TOP4 - Gemengewalen (Claude)

  • Neies aus de Gemengen
  • Nei Padstruktur fir d'Gemengewalen
  • Websäite fir Lëschten/KandidatInnen (siehe Propose 1 am Top6)
Ofstëmmung: zur Kenntnis geholl.
Beschloss:

TOP5 - Ufro fir Ännerung vu Versammlungensrytmus

Moien, ech well froen, ob mer d`Parteileeedungs an Präsidiumsversammlungen am 2 Wochen Rythmus haalen keinten. Well ech an Schichten schaffen, fällt et momentan emer op Woch, wou ech Speidschicht hun. An dat wier elo bis den Abrell den fall. Ech hun schon virum LK drop higewisen, datt et deen eenzege Problem ass a hunn fir de Präsidium kandideiert just well mir gesot gouf, et wier kee Problem, fir dat ze changeiren. Den nächsten Termin, wou ech do kéint sinn, wier den 14.11., 28.11. ... a s.w. Merci

Ofstëmmung: Eestemmeg ugeholl.
Beschloss:

TOP6 - Bloggen vun Memberen/Sympatisanten etc (René)

Kënne mer op privat Bloggen referéieren? Kënne mer dei néideg 'Infrastruktur' zur Verfügung stellen (eng Zort 'Fräi Tribün)? Wat maache mer mat deenen Bloggen, dei eis net 100% an de Kromm passen? A discuter c.f Mail vum Michel Kohl op PP-

Propose 1 (vum Andy Maar) Iwwert d'Schafung vun enger "Fräier Tribün" op eiser Websäit eraus, sollte mer d'Memberen encouragéieren, eege Blog's ze maachen, dat ëmsou méi fir si als glaafwierdeg, selbststänneg an engagéiert Kandidaten fir de Gemengewalkampf an doriwwer eraus fir de Chamberwalkampf ze etabléieren. Deenen, déi dat wëllen, sollte mir e Wordpress-Theme zur Verfügung stellen, deen eisem Corporate Design entsprécht an deen awer däitlech méi simpel ausfale sollt ewéi den Theme vun eiser neier Websäit.

Doriwwer eraus maachen ech mer och Gedanken ëm d'Online-Präsenz vun eisen Equippen am Gemengewalkampf. Sécherlech sollten d'Sektiounen an d'Kandidaten gréisstméiglechst Autonomie bei hirem Walkampf hunn, bei deene Kandidaten a Sektiounen, déi offiziell als Piraten(lëscht) an de Walkampf ginn, gëllt awer de Beschloss vum 12. November 2015 (Appllizéierung vun eisem Corporate Design bei der Baussenduerstellung). Fir e Mitschmatsch aus verschidden méi oder manner gudden Kampagne-Säiten ze verhënneren, giff ech dofir och hei de Sektiounen e Wordpress-Theme ubidden wëllen, deen sech och ausserhallef vun engem Gemengewalkampf als Kampagnesäit benotze léisst.

Ech giff dofir e Budget fräiginn fir d'Entwécklung vun engem Wordpress-Theme, deen dem Websäitebedreiwer nom Schema vun Piratenkleider/Scapegoat de Switch tëscht perséinlechen Blog an Kampagne-Säit erlabt. Baséiernd op eiser aktueller Säit, just vun der Startsäit hir däitlech méi simpel. Falls dës Propose zréckbehale gëtt, giff ech schnellstméiglech zwou Maquette propopséieren. Entspriechend der Piratentraditioun sollt deen Theme dann och ënner enger fräier Lizenz fir jiddwereen downloadbar sinn.

Ofstëmmung: Propose 1 Eestemmeg ugeholl.
Beschloss: Mir liberéieren e Budget vun 1000€ fir 1 Student domadden ze beoptragen, fir Propose 1 ëmzesetzen.

TOP7 - Foire de l'Étudiant

http://pad.piraten.lu/national/Studentefoire2016

Ofstëmmung: zur Kenntnis geholl
Beschloss:

TOP8 - Riednerpult (vum Sven Cannivy)

Den Sven Clement hat folgend Riednerpult proposéiert zum Preis vun 6600 Euro ttc proposéiert: http://www.itec-audio.com/produkte/rednerpult-presence/ Ënnert där Präissklass gëtt et tatsächlech keng Alternativen fir all-in-one mobil Riednerpulter. Et kéint een héchstens eng "Bastelléisung" zesummensetzen, zum Beispill aus Kajoen oder engem rengen Riednerpult + Soundsystem.

Ofstëmmung: nächsten Meinden soll ôfgestemmt ginn.
Beschloss:

Info: http://www.pulte-fabrik.de/

TOP9 - Titel vum Dagesuerdnungspunkt

PPLU / JP als festen Member bei der UNEL? (sin mir bei der ACEL???) op PPLU sech offiziel zur UNEL bekennt. (och winnst dem Logo op diversem Infomaterial (; )

Ofstëmmung: zur Kenntnis geholl.
Beschloss: Dei Jonk Piraten sollen/kennen selwer doriwwer décideieren.

TOP10 - Titel vum Dagesuerdnungspunkt

Newsletter

Ofstëmmung:
Beschloss: zur Kenntnis geholl.


Zum Schluss: Task Review

Wéi emmer nach eng kuerz Diskussioun iwwert déi Saachen, déi mer eis virgeholl hun an, wou se dru sinn a wat nach ze maachen ass.


THEMA VUN DER WOCH

THEMA VUM MOUNT

NOTES

Nächst Sëtzung: déi nächst Parteileedungssëtzung ass den 28-11-2016 @PPLU HQ, 19.00 Auer, déi nächst Präsidiumssëtzung ass den 14-11-2016 @PPLU HQ, 19.00 Auer

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg