Parteileedung:Protokoll/2016-02-15

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

15-02-2016 - PPLU HQ - 19:00

All d'Protokoller - Agenda - How-To Agenda - Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend:

  • Andy Maar
  • Sven Clement
  • René Schmit
  • Sven Wohl
  • Flep Backes
  • NORDEN: Flep Backes
  • ZENTRUM: Alain Knaff
  • OSTEN: Jérôme Becker
  • SÜDEN: Christophe Quintus
  • Jonk Piraten: Christophe Quintus

Entschëllegt:

  • Lucie Kunakova
  • Jules Weber
  • Carlo Di Giambattista
  • Camille Liesch
  • Ben Allard

Net entschëllegt:

Gäscht

PROZEDUR

ANNOUNCEMENTS

ËMLAFBESCHLËSS

Aktuell Zuelen

  • Läschten Update: 04-01-2016
  • Memberen: 331 (Cotisatioun fir 2014 bezuelt: 42)
  • Kontostand BCEE: 45944,20€
  • 'Kontostand BIL' (total): 13 498,81€
  • Disponibel fir international Kooperatioun: [..]€

AGENDA

Erakomment Post

Upcoming Events

  • 29. Februar - Diskussiounsowend
  • 07. Mäerz - Parteileedung

Newsletter

TOP1- Aktiviteitsrapporten

  • Sven Clement:
  • Andy Maar: Laafend Administratives, Post etc., Koordinatioun a Flyer fir de Festival des migrations 2016, Koordinatioun "Initiativ Art.32" & Kontaktopnahm mat Déi Lénk, Drock vu Bréifer fir d'Kotisatiounen, Präparatioun fir den Drock fir d'Memberkaarten, Update vum Comité vun der Piratepartei asbl beim RCSL
  • Carlo di Giambattista:
  • Flep Backes: 2 x Buergbrennen, orga Luxexpo
  • Sven Wohl: Deelnahm Stammdesch Zentrum, Préparatioun Diskussiounsowender Gemengewalen, Préparatioun Stand Festival des Migrations
  • Ben Allard:
  • René Schmit:


TOP2- Diskussiounsronnen Gemengewalen

Opgrond vu rezenten Diskussiounen ass et noutwenneg ginn, doriwwer ze diskutéieren anofzestëmmen, wéi oppen d'Diskussiounsronnen zur programmatescher Opstellung zum Gemengewalkampf vun der Piratepartei solle sinn. Des weidere wär et gutt,wann all Member vun der Parteileedung och e bëssche Reklamm kéintmaache fir des Diskussiounsronnen.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl
Beschloss: Mir hale fest, datt inhaltlech Versammlungen a Gespréichsowender weiderhinn ëffentlech sinn.

TOP3 - Verfassungsännerung Noutstandsparagraph

Den Andy huet Kontakt mat Déi Lénk opgeholl. Bis elo ass awer nach keng Äntwert do.

         ::Ofstëmmung:  zur Kenntnis geholl
         ::Beschloss:      Mir organiséieren och eng Kampagn, fir de Fall, datt déi Lénk sech net bedeelege wëllen.


TOP4 - Festival des migrations

E Flyer ass an Aarbecht. Et kann a folgendem Pad nach aktiv matgeschafft ginn: http://pad.piratepartei.lu/national/Flyer_FestivalMigrations2016 Fir de Flyer ginn uschléissend nach Iwwersetzungen an d'franséischt / englescht gebraucht. Eng Facture fir d'Standgeld ass un den Trésorier zwecks Iwwerweisung virugeleed ginn.

    ::Ofstëmmung:  zur Kenntnis geholl
    ::Beschloss:      D'Bezierker sinn opgefuerdert, sech hirersäits un der inhaltlecher Konzeptioun ze bedeelegen, fir datt se sech mam Contenu identifizéiere kënnen. D'Bezierker sollen sech och organiséieren, fir datt se e Vertrieder op de Festival schécken kënnen, déi hannert dem Stand stinn, sou datt eng gläichméisseg Verdeelung gewährleescht wier. Interesséierter sollte sech beim Koordinator Flep Backes mellen.


TOP5 - Landeskongress #LK161

Wéi wäit steet d'Organisatioun ëm den #LK161, deen den 19.03 am Ost-Bezierk soll sinn?

    ::Ofstëmmung:  zur Kenntnis geholl
    ::Beschloss:      Den Osten sicht derzäit nach no engem Sall
    
    

TOP6 - VPN-Provider

Zil ass et, anonymen Internet breede Massen ze garantéieren. Aus dësem Grond wëll d'Piratepartei am gesetzlechen Kader eng Offer ubidden, fir de Leit e VPN-Zougang unzebidden, deen anonymt Surfen erméiglecht. Et handelt sech heibäi, wéi schon a fréier Rapporten festgehalen, ëm OpenSource-Software (OpenVPN), déi agesat gëtt. De Sven Clement proposéiert, dës Aktivitéit an eng SARL auszelageren, wou d'Piratepartei den Haaptaktionär wier. Hien giff bei en Affekot goen, fir d'rechtlech Ofsécherung ze préifen. Doriwwer eraus wier d'Opsetzung vun enger SARL-Grënnung duerch en Notaire noutwenneg souwéi d'Ofkläeren vun der finanztechnescher Konsequenz op eis Situatioun bannend dem Parteiefinanzéierungsgesetz. Fir dës Präparatiounen veruschlaacht de Sven eng 2500€, déi no Rechnung bezuelt ginn. Desweideren sicht de Sven Clement d'Gespréich mam Sam Grüneisen, deen eis bei der technescher Ëmsetzung hëllefe giff. De Sven Clement ënnersträicht, datt de Prinzip souwéi d'Ausféierung komplett duerch d'Grondprinzipien an d'Walprogrammer vun der Piratepartei gedeckt ass.

         ::Ofstëmmung:  Ugeholl, bei enger Enthalung duerch den Ost-Bezierk souwéi kenger Nee-Stëmm
         ::Beschloss:     De Sven Clement gëtt autoriséiert, fir d'Präparatiounen bannend engem Budget vun max. 2500€ unzegoen.


TOP7 - Editus

Editus proposéiert openeits eng Offer an Héicht vun 1500€, déi eis ë.a. am Telefonsbuch, op Editus.lu an weidere Printmedien aus hirem Haus eng favoriséiert Oplëschtung séchert. Mir wieren zum Beispill direkt an der Kategorie "Politesch Parteie" gelëscht. Niewt diversen Pro-Grënn (méi Siichtbarkeet) ginn et allerdéngs och Bedenken, beispillsweis en zimlech héigen Präis, aus piratesiicht fragwürdeg Firmepolitik (Monopoliséierung vun der Offer etc.).

         ::Ofstëmmung:   4 Jo Stëmmung, 3 Enthaalungen an 1 Nee-Stëmm
         ::Beschloss:      De Sven Clement këmmert sech ëm d'Registréierung

TOP8 - Budget fir den Diskussiounsowend

De Präsidium beschléisst e Budget vun 20€ fir eng Reklamm op Facebook fir den Diskussiounsowend den 29. Februar.

         ::Ofstëmmung:  eestëmmeg ugeholl
         ::Beschloss:      

TOP9 - Remarque zu den Rapporten / Dagesuerdnung

Den Andy Maar wëll nach eng Kéier jiddwer Member an Interesséierten invitéieren, fir hir Themen fir d'Dagesuerdnung méiglechst virun Ufank vun der jeweileger Versammlung an den Agenda-Pad anzedroen, dëst besonneg dann, wann d'Thema vill Zuelen an Detailer enthällt. De Protokollant kann, grad bei ugereechten Diskussiounen, wou verschidden Uwiesender parallel mateneen diskutéieren, net ëmmer all Punkt an aller Geneeegkeet esou festhalen, wéi et gewollt ass. Nëmmen esou ass eng méiglechst detailléiert Festhaalung vu Themen an dere Beschlëss méiglech. Selbstverständlech sollen och weiderhin nach spontan Punkten méiglech sinn.

         ::Ofstëmmung:  zur Kenntnis geholl
         ::Beschloss:      

THEMA VUN DER WOCH

  • NACH NET GEMAACH / Zur Erënnerung:
    • Neit Thema: SREL (Avis Staatsrot) op Äis geluecht bis datt et neet akkut gëtt

THEMA VUM MOUNT (4te Méindeg am Mount)

  • Diskussiounsronnen Gemengewalen - Ronn 1: Bürgerbeteiligung (29.02.2016 @PPLU HQ, 19.00 Auer)

NOTES

Nächst Sëtzung: déi nächst Parteileedung ass den 7. Mäerz 2016 @PPLU HQ, 19.00 Auer)

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg