Parteileedung:Protokoll/2015-11-16

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PARTEILEEDUNGSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

16-11-2015 - PPLU HQ - 19:00

All d'Protokoller - Agenda - How-To Agenda - Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend:

  • Andy Maar:
  • Sven Clement
  • René Schmit
  • Ben Allard
  • Flep Backes
  • Sven Wohl
  • Carlo Di Giambattista
  • NORDEN: Claude Feltgen
  • ZENTRUM: Lucie Kunakova
  • SÜDEN: Jules Weber
  • OSTEN: René Schmit

Entschëllegt:

Net entschëllegt:

Gäscht

  • Alain Knaff
  • Starsky Flor
  • Christophe Quintus

PROZEDUR

  • Sëtzung Ufank: 19:00 Auer
  • Quorum: Jo (11 vu 11)
  • Recording: Nee
  • Protokollant: Andy Maar
  • Sëtzung Enn: 19:57 Auer

ANNOUNCEMENTS

ËMLAFBESCHLËSS

Aktuell Zuelen

  • Läschten Update: 26-10-2015
  • Memberen: 331 (Cotisatioun fir 2014 bezuelt: 42)
  • Kontostand BCEE: 57.017,35 €
  • 'Kontostand BIL' (total): 3468,65 €
  • Disponibel fir international Kooperatioun: [..]€

AGENDA

Erakomment Post

Upcoming Events

Newsletter

TOP1 - Aktivitéitsrapporten:

  • Sven Clement:
  • Andy Maar: Erstelle vun Rollup a Flyer fir d'Jonk Piraten; laafend Administrativ Aarbechten (Post, Rapporten etc.)
  • Carlo Di Giambattista: Ausgehollef beim Jonk Piraten Stand op der Studentenfoire. Recherchen bzgl. Esante. Zentrumskongress organiseiert. Op der Versammlung op der Place de Paris zum Gedenken vu den Affer vun Paräis.
  • Flep Backes: de Nordkongress organiséert, d'Material vun de jonke Piraten ops d'Luxepo bruet an den Humpestand arrangiéert an Presenz um Stand Donneschtes Moies ops der Foire
  • Sven Wohl: Präsenz Secherheets-Informatiounsversammlung vun der Stadt Ettelbréck, Moderatioun/Wahlhelfer/Protokollféierung Bezierkskongress Zentrum, Eischt Preparatiounen zu Diskussiounsronnen ronderem Themen vum Gemengewalkampf
  • Ben Allard: Cours des Comptes - Finanzen vun 2014, fehlend Dokumenter zesummen sichen.
  • René Schmit:cf hei drënner

TOP2 - Beoptragungen:

Ëm wat geet et: Wéi kënne mer divers Aufgaben/Projeten etc méi efficace verdeelen an managen?

Wéi geet et: Fir all Aarbecht soll et eng eenzeg Persoun ginn, déi fir hier Exekutioun verantwortlech ass. (Natierlech kann eng ganz Group vu Leit zesummeschaffen, mee ënnert der Verantwortung vun enger Persoun.) De Verantwortleche soll säi Projet dem Præsidium (oder der Parteileedung) virstellen, an zwar mat kloer definéierten Zieler, eventuell engem Budget an, ganz wichteg, engem Datum, op deem e fäerdeg soll sinn (resp. wou et eppes Éischtes ze presentéieren gëtt). Dëst gëtt am Rapport festgehalen, idealerweis huet de Responsablen dat schonn am Virfeld vun der Sëtzung dra gesat. Duerno ass de Projet ënnert der exklusiver Verantwortung vum Responsablen, all aner Aarbecht un dësem Projet (ausser wann de Responsablen d'Akkord ass), gëtt ignoréiert. D'Resultat vum Projet muss spéitstens dann virgestallt ginn, wann den annoncéierten Delai ofgelaf ass. Ass de Projet net fäerdeg ginn, oder awer wann d'Resultat net OK ass, kann d'Verantwortung engem aneren Interesséierten iwwerdroe ginn.

Begrënnung: Mir sinn eng kleng Partei, an hu vill méi Saachen ze dinn, wei mer am Fong geholl maachen kënnen. An der Vergaangenheet ass et schonn méi wéi eng Kéier vir komm, dat een sech enger Aufgab ugeholl huet, dann awer en Aneren schnell deen agreablen, schnell ze maachenden Deel dohi gefummelt huet, dem Responsablen domat d'Show (an och d'Motivatioun) geklaut huet, mam Resultat, dat keen de Projet da fäerdeg gemaach huet an dat ganzt am Sand verlaf ass. Mat anere Wieder, mir hu vill Energie verbraucht, a keen Resultat gehat. Natierleches musse mer oppassen, dat mer e Projet net blockéieren, wëll de Responsablen alles schleefe léist (aus wéi engen Grond och ëmmer), dofir ass déi Saach mam Delai wichteg Des Prozedur soll net komplizéiert ginn, se soll d'Leit motivéieren an net ofschrecken (mir si jo net beim Staat). Et geet just drëm, e bëssi Struktur an de Chaos ze bréngen.

Ofstëmmung: Ouni Enthalung oder Nee-Stëmm ugeholl
Beschloss:

TOP3 - Mail-Lëschten:

De René huet den Alain kontaktéiert. Eng Oplëschtung gëtt erstallt an op der Holodeck-Mailingslëscht verschéckt. Virun allem Kampa-Lëschten sollten d'Archiver gehale ginn. Den Alain an de René sollte soss eng Oplëschtung vun Lëschte maachen, déi geläscht kënne ginn.

Ofstëmmung:
Beschloss: Zur Kenntnis geholl

TOP4 - Flip-chart:

Ass ukomm, hoffen, et kënnen den Owend mat ze bréngen (hunn do e Problem ween Attentater zu Paräis), soss d'nächst Woch.

Ofstëmmung:
Beschloss:


TOP5 - Backup Server:

Ass en do? - Nee, nach net. De Ben an Sam versichen fir en bannend der nächster Woch sichen ze goen. Hard Disk kafen (Auchan) Samsung d3 DD 3TB 119,99€ USB3 Toshiba 2TB 99,90€

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl
Beschloss: Et ginn zwee Diske (2x max. 130€) bis zur nächter Parteileedung (30. November) kaaf, fir monatlech ze alternéieren. Deen, deen net gebraucht gëtt, gëtt dann am Safe am HQ verstaut. Wat méi dack gebackupt gëtt, wat besser (zum Beispill bei all Parteileedung). Den Alain Knaff kritt bis zum 30. November Access op de Server. Beoptragten fir d'Backups: Ben Allard

TOP6 - Esante:

Solle mer eng PK iwwert den DSP vun eSante maachen am Januar maachen. En Team, dat sech drëm këmmere sollen, misst festgeluecht ginn. Gemellt hu sech emol de Carlo, de Claude an de Flep. Weider Interesséierter kënne sech jidder Zäit mellen. Ugepeilt gëtt den 20. Januar fir de Pressedossier ofzeschléissen.

Ofstëmmung: ugeholl
Beschloss:

TOP7 - Smartcard BIL:

BIL muss een mam LUXTRUST Token all Iwerweisung 2 mol muss verifizeieren. Léisung: 89€ fir 3 Joer Luxtrust Smartcard

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl
Beschloss: De Ben Allard kritt eng Smartkart

TOP8 - Steierreform:

De Pressendossier gëtt preparéiert. De Sven freet e Budget vun max. 1000€ un, fir de Pressedossier grafesch ëmzesetzen, entspriechend der neier Corporate Identity.

Ofstëmmung: ugeholl mat enger Enthalung
Beschloss:


THEMA VUN DER WOCH

  • NACH NET GEMAACH / Zur Erënnerung:
    • Neit Thema: SREL (Avis Staatsrot) op Äis geluecht bis datt et neet akkut gëtt

THEMA VUM MOUNT (4te Méindeg am Mount)

NOTES

Nächst Sëtzung: déi nächst Parteileedung ass den 30. November 2015 @PPLU HQ, 19.00

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg