Parteileedung:Protokoll/2014-07-14

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
PROTOKOLL PRÄSIDIUMSSËTZUNG

PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

[2014-06-02] - [Parteizentral zu Koplescht]

All d'Protokoller - Agenda - How-To Agenda - How-To Mumble

Inhaltsverzeichnis

TEILNEHMER

Präsidiumsmemberen

Uwiesend:

  • Sven Clement
  • Myriam Grandgenet
  • Andy Maar
  • René Schmit
  • Marc Goergen

Entschëllegt:

  • Pierrot Bis

Bezierksvertrieder & Gäscht

  • Norden: Ben Allard (SB)
  • Norden: Flep Backes
  • Norden: Sam Grüneisen
  • Norden: Joe Schaack
  • Zentrum: Alain Knaff (SB)
  • Zentrum: Pit Wenkin
  • Zentrum: Carlo Di Giambattista
  • Süden: Marc Goergen (SB)
  • Osten: René Schmit (SB)
  • Osten: Sylvie Schmit
  • Jonk Piraten: Michèle Lala Stiefer
  • Gaascht: Jerry Weyer
  • Gaascht: Tom Peters

PROCEDURE

Sëtzung Ufank: 20:10

Quorum: Jo (9 vu 11 uwiesend)

Unhuele vun der DU: Jo; DU-Punkt 07 ass op d'Positioun 02 virverlagert ginn

Recording: Nee

Protokollant: Andy Maar

Sëtzung Enn: 22:26

ANNOUNCEMENTS

Ëmlafbeschlëss

Aktuell Zuelen

Läschten Update: 14-03-2014

Memberen: 332 (Cotisatioun fir 2014 bezuelt: 39)

  • Zentrum: [..]
  • Norden: [..]
  • Süden: [..]
  • Osten: [..]
  • Ausland: [..]
  • Onbekannt: [..]

Kontostand: 10881,68€

  • BCEE: 9042,21€
  • PayPal: 389,47€
  • Cash: 1000€ (+ Cash beim Claude ~450€)

Spenden am Januar 2014:

  • ënner 250€: 797€
  • iwwer 250€: 500€

Spenden am Februar 2014:

  • ënner 250€: 210€
  • iwwer 250€: 1000€

Cotisatiounen:

  • Januar: 882€
  • Februar: 396€

Disponibel fir international Kooperatioun: [..]€

AGENDA

TOP0: Rapport vum Präsident

De Sven Clement deelt mat, datt d'Partei hir Konten op d'Bank BIL migréiere wäert. Et si schonn 3 Konten ugeluecht. Hisiichtlech den Luxtrust-Zerftifikater etc. sinn nach e puer Démarchen ze maachen. Desweideren ass matzedeelen, datt eise monatleche Montant vun der Parteiefinanzéierung elo reegelméisseg op de Compte ukommen. De Sven Clement hällt fest, datt et der Partei am Ament gutt geet: et si nei Memberen bäigetrueden an et hu sech eng Rëtsch Kontakter zu francophonen Interesséierter erginn. No engem kuerze Rapport iwwert d'Participatioun beim aBPT zu Halle duerch de Sven Clement an Andy Maar, geet de Sven op d'Méiglechkeet an, déi däitsch Piraten-Deputéiert am Europäesche Parlament reegelméisseg op Lëtzebuerg invitéieren ze kënnen, fir esou en Informatiounsaustosch ze etabléieren an eng enk Kooperatioun unzestriewen. Heiraus kinnt sech d'Méiglechkeet bidden, Stagiairen aus dem Julia Reda senger Equipe fir Projeten ze beschäftegen. Méi doriwwer an der kommender Präsidiumsversammlung vum 21. Juli 2014.

TOP01: Approbatioun vum Bilan 2013

Nodeems der Parteileedung en Entworf vum Bilan 2013, opgestallt ënnert der Zesummenaarbecht vum Sven Clement, Tom Peters an Michèle Stiefer, mat der Invitiatioun fir d'Parteileedungsversammlung zougeschéckt ginn ass, hunn d'Delegéiert dësen esou ugeholl an beoptragen de Präsidium, de Bilan un d'Cour des comptes virunzeginn.

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP07: Landeskongress am Oktober

De Jerry Weyer stellt e puer Iddien fir de Landeskongress vir, dee gläichzäiteg de 5te Jubiläum vun der Piratepartei duerstelle sollt. Am Graffen ass nom Kongress eng Gebuertsdagsparty mat Invitéeen geplangt. Nodeems sech d'Fro gestallt huet, wéi ee mat de Bezierkskongress verfuere sollt (zur Erënnerung: beim LK133 sinn d'Kongress vum Nord- an Zentrumsbezierk de selwechten Dag ofgehale ginn), ass dem Andy Maar seng Propose zréckbehale ginn, datt een an Zukunft esou verfuere soll, datt de jeeweilegen Bezierk, dee tournusméisseg de Landeskongress ausriichte soll, d'Urecht huet, fir virum Landeskongress hiren eegene Bezierkskongress ofzehalen. Dëst mat der Iddi, dem Bezierkspräsidium eng gréisser Plattform ze bidden, fir sech de Memberen an den Interesséierten aus dëser Regioun ze präsentéieren.

Weider Punkten, déi zréckbehale goufen:

  • Budget 2015: De Budgetsplang fir 2015 gëtt am Ament ausgeschafft a soll duerch dat héchstent Parteigremioum, dem Kongress, gestëmmt ginn. Selbstverständlech sinn Amendementer méiglech. Dës kënnen nëmme schrëftlech ugeholl ginn, entweder duerch eraschécken per eMail oder duerch Ausfëllen vun engem Formular beim Frontoffice um Landeskongress. En Amendement brauch, fir ofgestëmmt kënnen ze ginn, d'Signatur vun 3 Ënnerstëtzer.
  • Sollt déi definitiv Froestellung vun de Referenden, déi d'Regierung plangt, scho bekannt sinn, sou kinnt eng Positionéierung um Landeskongress a betruecht gezu ginn.
  • Fir den zeremoniellen Deel vum Landeskongress sollten Acteuren aus dem ëffentleche Liewen invitéiert ginn: Gewerkschaften, je no Location d'Uertschaft etc.
  • Fir d'Location sinn am Ament op der Propose-Lëscht: Kolmer-Bierger, Ettelbréck, Dikrech. De Jerry Weyer hëllt nach während deenen nächsten 2 Wochen Proposen entgéint.



Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP02: Präsentatioun vum Konzept "Schengen-Gespréicher"

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP03: Präsentatioun vum Konzept "This Week in Politics"

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP04: Parteiintern Formatiounen

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP05: Rapport #TORrorist

Ofstëmmung: Bericht eestëmmeg ugeholl

TOP06: Nei Websäit

Rapportéiert op déi nächst Parteileedungsversammlung den 04. August 2014

TOP08: Summerfest

Den Datum fir d'Summerfest ass fir den 23. August virgesinn. Vu datt dëst déi offiziell Ouverture vun eise Räimlechkeeten ass, sinn all d'Memberen an och Press invitéiert. Fir dësen Zweck wëlle mer d'Schëld um Agang vum Terrain ersetzen. De Ben Allard freet hei beim Propiétaire no. Bis zur Erëffnung sollten nach eng Rëtsch Saachen ugeschaaf ginn (Reuniounssall voll equipéieren etc.). Den Andy Maar ass Ëmsetzungsverantwortlechen fir d'Summerfest.

Ofstëmmung: Bericht eestëmmeg ugeholl

TOP09: Amtsdauer vu Mandatairen

Ofstëmmung: méiheetlech ugeholl

TOP10: Rapport Status Jonk Piraten

Hei de Rapport: Datei:2014-07-11 JoPi-Versammlung.pdf

D'Parteileedung huet eestëmmeg decidéiert, an Zukunft e Vertrieder vun de Jonk Piraten an d'Parteileedungen ze invitéieren, wou dësen och stëmmberechtegt soll sinn. D'Parteileedung hëllt mat Freet zur Kenntnis, datt d'JoPien erëm aktiv wëlle ginn.

Ofstëmmung: Bericht eestëmmeg ugeholl

TOP11: Rapport Strategie fir den Nordbezierk bis zu den nächste Walen

Ofstëmmung: Bericht eestëmmeg ugeholl

TOP12: Divers

TOP12-1: Uschaafung vun Infostand (Andy Maar)

Beschreiwung: Lo wou mer Geld hunn, wier et un der Zäit, an anstännegt Material ze investéieren. Primär denken ech un Material fir d‘Braderien, déi elo demnächst ustinn. Léisungsvirschlag: Ass d'Parteileedung bereet, e Budgetsposten an der Héicht vu maximal 1500€ (konkret € 1.267 + Transportkäschten) fräizeschalten, fir e Faltzelt mat duebelsäiteg bedréckter Réckwand souwéi engem bedréckten Dag an enger Transportposch? Verännerte Léisungsvirschlag: D'Parteileedung giff 1500€ fräischalten, wann fir d'Zomm 1500€ 2 Infostänn méiglech wieren. Ofstëmmung: Verännerte Léisungsvirschlag gouf ugeholl, bei 2 Géigestëmmen

TOP12-2: Uschaafung vu Bréifpabeier & Enveloppen (Andy Maar)

Beschreiwung: De Versand vu Post u Memberen, Verwaltungen etc. sollt professionaliséiert ginn. Léisungsvirschlag: Den Andy gëtt beoptragt, Bréifpabeier a Enveloppen, souwéi Remercimentskaarten etc. ze erstellen an dës ze bestellen. Fir dësen Zweck misst d' Parteileedung e Budgetsposten an der Héicht vu maximal 1.400€ beschléissen. Konkret Opstellung:

  • Bréifpabeier DIN A4 (25.000stk.) = 333,05
  • Enveloppen DIN-6/5 (4/4 Vollfächeg): (10.000stk.) = 324,51
  • Enveloppen DIN-C4 (5.000stk.) = 458,17
  • Remercimentskaarten DIN-Lang (1.500stk.) = 77,78
  • Bäileedskaarten DIN-Lang (500stk.) = 59,74
  • Memberkaarten 8,5x5,5 (1.500stk.) = 57,73

Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl

TOP12-3: Pressewand

Beschreiwung: Mir brauchen eng Pressewand am Konferenzraum, déi A) als Hannergrond fir Pressekonferenzen déngt a B) als Leinwand fir de Beamer fonktionnéiert.

Léisungsvirschlag: D’Parteileedung/Präsidium beoptragt den Andy Maar mam Kaf vun enger 3-Leefeger Rideausschinn an der Héicht vu ronn 110€ souwéi dem Kaf vun engem bedréckte Stoff, deen fir d’Pressekonferenzen geduecht ass (< 500€), souwéi engem Schwaarze Stoff (Liichtschutz wéint der Fënster) an engem wäisse Stoff, welchen als Leinwand dénge soll.

Ofstëmmung: Verännerte Léisungsvirschlag gouf ugeholl, bei 2 Géigestëmmen

TOP12-4: Bréifboite

Beschreiwung: Am Ament hunn 2 Persounen (Präsidient & Generalsekretär) de Schlëssel fir d’Boite Postale, welch sech zu Bäereldeng befënnt. Vu datt et net ëmmer méiglech ass, reegelméisseg déi Boite eidel ze maachen, kënnt et heefeg zu längeren Retarden.

Léisungsvirschlag: D’Parteileedung / De Präsidium autoriséiert de Kaaf vun enger Bréifboite, déi am Agang zum Terrain vum PPLU HQ installéiert gëtt. Desweideren autoriséiert dëse Gremium eng Permanent Postweiderleedung vun dëser B.P. op dës nei Bréifboite (8,51€ + 0,17€ pro Dag = 70,56€).


Ofstëmmung: eestëmmeg ugeholl, mat der Erweiderung, datt eng zweet Boite fir d'Jonkpiraten ugeschaf soll ginn.

NOTES

Nächst Sëtzung: Parteileedung, den 4. August @PPLU HQ, 19.00

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg