Newsletter vom 8 Dezember 2009

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

Dieser Artikel ist die offizielle Aussage der Piratepatei Lëtzbuerg und daher gesperrt.

Änderungsvorschläge können auf der jeweiligen Diskussionsseite erstellt werden!

Häerzlech wëllkomm beim zweeten Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!

Säit e Sonden 6. Dezember ass déi nei Piratepartei Websäit online. Virun allem ons Haaptthemaen si méi iwwersiichtlech presentéiert an Aktuelles ass méi schnell ze fannen. Och wa mer probéiert hunn d'Feeler sou geréng wéi méiglech ze hale, kann et sinn, dass nach deen een oder aneren Feeler ze gesinn ass. Falls Du eppes gesäis, wat muss geännert ginn, zéck net an schreif ons ee Mail, an d'Mailinglësch oder de Forum! Mir wäerten och weider un der Säit schaffen an se weider ausbauen.

Mir wëllen och nach eng Kéier soen, dass jiddereen op http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Newsletter kann Links posten, déi en am Newsletter well gesinn!

Piratepartei Lëtzebuerg intern:

  • ASBL Grënnung a Stammdësch: den 29 November ass d'ASBL Piratepartei Lëtzebuerg gegrënnt ginn a muss lo just nach registréiert ginn. Leider waren um Stammdësch ausser dem Präsidium keng Memberen do, ma d'Ukënnegung vum Meeting war och ze kuerzfristeg. Mir probéieren weider an Zukunft Stammdëscher ze organiséieren an déi Kéier och éischter ze annoncéieren!
  • Piratepartei Lëtzebuerg op der Piratenversammlung zu Bern: den Sven Clement a Jerry Weyer hunn op Invitatioun vum Comité vun de Schwäizer Piraten op der Pirateversammlung 2009 zu Bern deelgeholl: http://www.piraten-partei.ch/node/159 Diskutéiert gouf mat Vertrieder vun den Schwäizer an Éisträicher Piraten iwwert international Cooperatioun, ënner anerem den Engagement an der PPI.

News zu onsen Haaptthemaen:

Divers:

Dat war et fir onse szeeten Newsletter, mir hoffen dass an Zukunft mat denger Hëllef nach méi vollstänneg kënne sinn!

Bescht Gréiss vun der Piratepartei!

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg