Newsletter vom 29 Dezember 2009
Aus Piratewiki
Häerzlech wëllkomm beim drëtten Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!
Eng éischt Aktioun, nei Kontakter mat aner Parteien, déi éischt Diskussiounen am Forum a mir kommen ëmmer méi no un d'50 Memberen erun. D'Piratepartei entwéckelt sech an mir hunn nach genuch Ideeën (net ze vergiessen ee gefëllte Konto). Mir hoffen, dass mer déi Entwécklung weider behalen an am néie Joer nach weider motivéiert Leit fannen. Nieft engem éischte gréissere Member Treffe steet virun allem d'Organiséieren un Aarbechtsgruppen a Bezierker um Plang fir 2010.
Wann s Du also interesséiert bass bei ons matzemaachen, dier een Thema besonnesch um Häerz läit, oder du een Bezierk oder eng Sektioun grënne wëlls mëll dech! Schwätz mat dengen Kollegen, Famill, Bekannter, ziel hinnen vun der Piratepartei an interesséier se fir ons Themaen! Wat mer zu méi sinn, wat ons Decisiounen méi demokratesch sinn a mer méi Afloss kënnen huelen!
Héi de leschten Newsletter fir 2009. Wie ëmmer den Hiweis, dass Du matbestëmme kanns wat an den Newsletter kënnt; einfach an der Wiki deng Links posten!
Piratepartei intern:
- Een gudden Réckbléck op d'Aktioun "Mir iwwerwaachen d'Iwwerwaacher", déi aktiv vun der Piratepartei mat organiséiert ginn ass: http://sokrates.lu/?q=node/2292 (RTL Radio Lëtzebuerg Reportage an der Mëtt vun der Säit). Den ofschléissende Bilan an Diskussiounen iwwert weider Schrëtt gi Mëtt Januar gemaach. D'Zesummenaarbecht mat den Organisatiounen a Parteie war konstruktiv an et mécht Hoffnung, dass sech verschidden Organisatioune kënne fir en gemeinsamt Ziel zesumme sëtzen.
- Memberszuelen vun Pirateparteien op der ganzer Welt an hier Entwécklung. Eng Wachstumsrate vun der Piratepartei Lëtzebuerg, déi wuel net ze halen ass: http://www.piratenstatistiken.de/2009/12/piratenpartei-internationales-wachstum/comment-page-1/#comment-184
- Ee längeren Artikel am Le Monde iwwert d'Piratepartei a Frankräich an an Europa.: http://www.lemonde.fr/technologies/article/2009/12/12/le-parti-pirate-a-l-abordage-de-l-europe_1279818_651865.html
News zu onsen Haaptthemaen:
- Provideren als Copyright-Polizisten: http://www.spiegel.de/netzwelt/netzpolitik/0,1518,668359,00.html
- Eng lang Lëscht mat Datenpannen aus dem Joer 2009: http://opalkatze.wordpress.com/to-be-continued/
- Den "Swift" Accord gëtt an der Chamber diskutéiert - hanner zouenen Dieren: http://chd.lu/wps/portal/public/Actualites?WCM_GLOBAL_CONTEXT=/wps/wcm/connect/Contents.public.chd.lu/st-www.chd.lu/sa-actualites/sa-communiquesdecommission/affairesetrangeres141209/
- Nom Rupert Murdoch wëll och Springer nët agesinn, dass hier Geschäftsmodeller net an dëst Jorhonnert passen: http://www.spiegel.de/netzwelt/web/0,1518,667407,00.html
- Positives aus England: "Internet" gëtt zum Schoulfach: http://www.mediatainment.biz/index.php/mim/showNews/news_id/25225
- Wei laang bleiwen ons Daten am Internet? En Artikel iwwert en "Oflafdatum" am Internet: http://www.spiegel.de/spiegel/0,1518,667027,00.html
Divers:
- Wéi den Klimagipfel Fuerscher un der Demokratie zweifele leist: http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensch/0,1518,669398,00.html
Dat war et fir onse drëtte Newsletter, mir hoffen dass an Zukunft mat denger Hëllef nach méi vollstänneg kënne sinn!
Bescht Gréiss an e gudde Rutsch wënscht Piratepartei Lëtzebuerg!

