Newsletter vom 21 November 2009
Aus Piratewiki
Häerzlech wëllkomm beim éischten Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!
Mir wëllen dech op dësem Wee um Lafenden halen, wat d'Partei ugeet an aktuell Entwécklunge bei onsen Themaen. Am Moment gëtt den Newsletter nach iwwert d'Mailinglëscht, Facebook an Twitter verschéckt, mä soubal ons nei Websäit online geet (méi dozou herno) ka jiddereen säin Newsletter per Mail kréien, sou wei sech dat gehéiert.
Fir daat ganzt mei interessant ze maache ka jidderee mat decidéier wat an all Newsletter kënnt. Op der Säit http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Newsletter ka jidderee Links/Artikelen/Meenunge posten, déi dann all 2 Wochen am Newsletter verschéckt ginn. Also wanns du eppes fënns wat aner Pirate kann interesséieren, sëtz et an den Newsletter!
- Inoffiziellen Treffe vum 8. November mat der CSJ: Verschidde Membere vum Präsidium hunn sech op een informellt Treffe mat Vertrieder vun der CSJ getraff. An enger entspaanter Atmosphär hu mer ons kenne geleiert a Meenungen ausgetosch. De komplette Protokoll ass hei ze fannen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Protokoll_des_inoffiziellen_Treffens_mit_Vertretern_der_CSJ
- Statistiken (Memberszuelen + Kontostand) vun der Piratepartei: d'Piratepartei wëll sou transparent wei méiglech sinn an sëtzt dofir regelméisseg déi aktuell Memberszuelen an den aktuelle Kontoststand op de Wiki: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Zahlen
- De Relaunch vun der Websäit ass fir de 6. Dezember geplangt. Mam ganzen Layout wäert virun allem de Forum iwwerschafft ginn, fir méi einfach an iwwersiichtlech Diskussioune feieren ze kënnen.
- Den Telekompaket ass vum EU-Rot ugeholl ginn, a muss lo just nach duerch d'Parlament. Dës Texter erlaben et den EU Member Staaten ënner anerem d'Verbindung zum Internet ze kappen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Europa_ohne_Grenzen
- Zu Lëtzebuerg ginn an nächster Zukunft Chamber-Commissioune live um Fernseh iwwerdroen an/oder um Internet zesummegefaasst: http://news.rtl.lu/news/national/48913.html
- Video-Iwwerwaachung zu Lëtzebuerg gëtt verlängert, eng Studie zu deem Thema deem dem Inneminister virläit gëtt awer net verëffentlecht: http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/57558/video-ueberwachung-um-ein-jahr-verlaengert.php D'Piratepartei wiert sech géint dës Moossnamen an huet e Bréif un den Inneminister J.M. Halsdorf geschriwwe fir Abléck an dës Studien ze kréien: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Brief_an_Innenminister_J.M._Halsdorf_zur_Ver%C3%B6ffentlichung_der_Beurteilung_von_Video-%C3%9Cberwachung
- EU an USA wëllen en Ofkommes man, dat et den USA erlaabt EU intern Bankendaten ze duerchsichen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Privatsph%C3%A4re_und_Datenschutz#Datenaustausch_zwischen_der_EU_und_den_USA
- Verdéngen Kënschtler méi duerch Filesharing? En Artikel vun timesonline kennt zu deem Entschloss: http://labs.timesonline.co.uk/blog/2009/11/12/do-music-artists-do-better-in-a-world-with-illegal-file-sharing/
Dat war et fir onse éischten (kuerzen) Newsletter, mir hoffen dass an Zukunft mat denger Hëllef nach méi vollstänneg kënne sinn!
Bescht Gréiss vun der Piratepartei!

