Neipiraten

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

Ahoi, neie Pirat!

Des Säit soll dir hellefen, dech bei de Piraten zurecht ze fannen.

Grondsätzlech hues Du d'Wiel, wat s De maachen wells. Alles ass fräiwelleg!

Inhaltsverzeichnis


Astieg

Informéieren

Informéieren kannst Du dech bei der Piratepartei.
D'Piraten mol live kenne léieren? Dann komm ob eisen Stammdesch, emmer den 2. Sonden am Mount um 7 Auer am Scott's an der Stad!

Weider Meiglechkeeten zur Kontaktopnahm sinn:

  • De [Forum]
  • D'Mailingslescht
  • Eisen Twitteraccount
  • Eis Facebook-Fanpage

Matmaachen

Wann s Du direkt matmaachen wells, bas du am Portal: Matmaachen gutt opgehuewen. Je nodeems wéi vill Zäit Du hues, wiel, wat am beschten zu Dir passt. Kuck awer och ob eiser To-Do Lescht wou s Du gebraucht ges.
Mir schaffen an Aarbeschtsgruppen (AG) madenaner.

Wann s Du do matmaachen wells, kuck op hirer Wiki-Säit an schwätz mam Verantwortlechen.
Fir de Fall wou s Du eng Supperidee hues an se gären emsetze wells, schwätz de Präsidium un fir selwer eng AG ze grennen.
Du wäers schnell mierken: bei de Piraten helleft jiddereen jidderengem, awer et muss een natierlech akzeptéieren, dass jiddereen eng eegen Meenung an Art a Weis ze schaffen huet. Ansonste gellt: Sief kee Ninja, sto zu deem, wat s De mes, an iwwerhuel d'Verantwortung dofir!

...Vill Spaass!

Kommunikatioun

D'Kommunikatioun tescht de Piraten ass heinsdo schwéier ze duerchkucken. Fir den Ufank wier et net schlecht d'Mailingslescht ze abonéieren an op de Stammdesch ze goen fir Kontakter ze knäppen an Gedanken auszetauschen.

Piratewiki

Dese Wiki ass als Archiv geduet. Schaff also net ze vill heidranner, mais benotz leiwer en Pad! Wann s De eng Aktioun plangs, dierfs de de Wiki awer gären als Plattform benotzen, wou s De deng Informatioune sammels, an Werbung maache kanns. Allerdengs muss De Dech fir d'éischt umellen.

Organisatoresches

Satzung

D'Satzung regelt déi organisatoresch Saachen, z.B. ween alles Pirat ka ginn, d'Heicht vum Membersbäitrag an ähnleches.

Parteiprogramm

Am Parteiprogramm sinn eis Grondsätz nozeliesen, eis Fuerderungen, déi mir duerchsetze wellen.

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg