Landeskongress 2017-2

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

LANDESKONGRESS #LK172
vun der PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

10. Dezember 2017 - Centre Culturel "A Gadder" Bieles, ab 10:00

Am Iwwerbléck: Dageduerdnung & weider Informatiounen - Kandidaturen - Satzungsännerungsuntreeg - Programmännerungsuntreeg - Sonsteg Untreeg - Live Stream - Facebook-Event
Centre Culturel "A Gadder" Bieles

Nom éischte programmatesche Landeskongress am Abrëll zu Klierf ass et elo Zäit fir den zweete Landeskongress. Op dësem Hierscht-Kongress stinn traditionell déi statutaresch Punkten am Fokus: d'Wal vun engem neie Präsidium souwéi Keessepréifer a Schiidsriichter. Donierft stinn natierlech och Satzungs- a Programmännerungsuntreeg op der Dagesuerdnung, souwéi Sonsteg Untreeg.

De Landeskongress ass selbstverständlech fir all Member an all interesséierten Net-Member öffentlech zougänglech. Stëmmrecht hunn allerdéngs nëmmen d'Memberen, déi mat hirer Cotisatioun net am Réckstand sinn.

Inhaltsverzeichnis

Oflaf

Den zweete Landeskongress fir d'Joer 2017 ass e statutaresche Kongress a fënnt Sonndes, den 10. Dezember zu Bieles statt.
Déi proposéiert Geschäftsuerdnung fir den #LK172 ass hei ze fannen.

Wou?

Centre Culturel "a Gadder" Bieles
10, rue de France
L-4446 Bieles

[A Gadder 10 Rue de France, 4446 Sanem 59 09 93

https://goo.gl/maps/kqtdK3i6e6r op Google Map kucken]

Den #LK172-Event op Facebook



Facebook-Event: Landeskongress #LK172
Facebook-Event: Jonk Piraten Meeting um #LK172

Untreeg & Kandidaturen

Dagesuerdnung

Dëst ass eng provisoresch Dagesuerdnung, déi erréicht duerch d'Unhuele vum Landeskongress #LK172 a Kraaft trëtt!
  • 10:30 - Start vun den Akkreditéierungen
  • 11:00 - Workshop "Kandidéiere bei de Chamberwalen
  • 11:20 - Jonk Piraten Treffen



  • 13:30 - Begréissung duerch d'Präsident vum Bezierk Süden
  • 13:35 - Wal vun der Versammlungsämter
  • 13:40 - Unhuelen vun der Dagesuerdnung an der Geschäftsuerdnung
  • 13:45 - Ried vum Parteipräsident
  • 14:00 - Politsch Rieden - Weider Riedebäitreeg am virraus zwecks Planung w.e.g. umellen
  • 14:30 - Tätegkeetsberichter an Entlaaschtung vun den aktuelle Präsidiumsmemberen
  • 15:00 - Wal vum neie Präsidium, de Keessepréifer an dem Schiidsgeriicht
  • 16:00 - Ofstëmmung: Programmännerungsuntreeg
  • 17:00 - Ofstëmmung: Sonsteg Untreeg
  • 18:00 - Oppen Diskussiounen



Hiweis: d'Dagesuerdnung gëtt duerch de Kongress ugeholl. D'Reiefolleg kann ggf. dann nach changéieren. Et ass ausserdeem méiglech, datt d'Auerzäite no ënnen oder uewen ugepasst ginn, je no deem wéi vill Zäit déi eenzel Dagesuerdnungspunkten an Usproch huelen.

Dokumenter zum Kongress

Stream

http://1337.lu/PPlive

Iessen a Gedrénks

Press a Gäscht

Gäscht, interesséiert Persounen a PressevertriederInne sinn häerzlech Wëllkomm fir um Landeskongress deelzehuelen!

Urees & Transport

Et besteet d'Méiglechkeet, direkt beim Centre Culturel ze parken. Mir recommandéieren iech, iech a Fahrgemeinschaften ze organiséieren

All d'Verbindungen fir op Bieles fannt dir natierlech op mobilitéit.lu

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg