Landeskongress 2017-1

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

LANDESKONGRESS #LK171
vun der PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

22. Abrëll 2017 - Centre Culturel am Klierfer Schlass, ab 10:00

Am Iwwerbléck: Dageduerdnung & weider Informatiounen - Satzungsännerungsuntreeg - Programmännerungsuntreeg - Sonsteg Untreeg - Live Stream - Facebook-Event
Programmänderungsanträge können noch bis zum 8. April 2016 eingereicht werden!
Die Frist für Programmänderungsanträge für den Landeskongress ist 2 Wochen vor dem Landeskongress, laut Satzung Abschnitt A: §13 (2)). Alle Anträge, die nach dieser Frist eintreffen werden vom Landeskongress nicht berücksichtigt.


Centre Culturel am Klierfer Schlass

An deene vergaangene Méint hu mir u villen Diskussiounsowender un eisem nationale Gemengewalprogramm geschafft an dëse Contenu op de Barcamps an an an diversen Aarbechtsgruppesëtzungen an eng spannend Walkampagn fléisse geloossen.

Op dësem Landeskongress wëlle mir iech also d’Resultat vun all deenen Aarbechte präsentéieren an natierlech och an dëser Form zur Oftsëmmung bréngen. Gläichzäiteg laude mer domadden dann och déi „waarm Phase“ vun eisem Walkampf an, an deem mer d’Biergerinnen a Bierger dovunner iwwerzeege wëllen, datt d’Piraten d’Gemengepolitik méi modern, fair an transparent gestallt kënnen.

Niewt der Präsentatioun vun eiser Kampagn hu mir natierlech och d’Geleeenheet, fir eise generelle Programm resp. eis Satzung ze erneiren. Jiddwer Untrag ass natierlech vun all Member wëllkomm.

De Landeskongress ass selbstverständlech fir all Member an all interesséierten Net-Member öffentlech zougänglech. Stëmmrecht hunn allerdéngs nëmmen d'Memberen, déi mat hirer Cotisatioun net am Réckstand sinn.

Inhaltsverzeichnis

Oflaf

Den éischte Landeskongress fir d'Joer 2017 ass e programmatesche Kongress a fënnt Samsdes, den 22. Abrëll zu Klierf statt.
Déi proposéiert Geschäftsuerdnung fir den #LK171 ass hei ze fannen.

Wou?

Château de Clervaux
Montée du Chateau
L-9378 Klierf

op Google Map kucken



Facebook-Event: Landeskongress #LK171
Facebook-Event: Jonk Piraten Meeting um #LK171

Untreeg & Kandidaturen

Dagesuerdnung

Dëst ass eng provisoresch Dagesuerdnung, déi erréicht duerch d'Unhuele vum Landeskongress #LK171 a Kraaft trëtt!
  • 10.30 - Start vun der Akkreditéierung
  • 11:00 - Grënnung „Sektioun Cliärref“
  • 11.20 - Workshop: Leschte Barcamp vun der Koordinatiounsplattform „Gemengewalen“

  • 12.00 - Mëttegiessen (Umellung op http://1337.lu/LK171Iessen)

  • 13.00 - Treffe vun de „Jonk Piraten“
  • 14.00 - Begréissung duerch de Präsident vum Bezierk Norden
  • 14.05 - Wal vun de Versammlungsämter
  • 14.10 - Unhuelen vun der Dagesuerdnung an der Geschäftsuerdnung
  • 14.15 - Ried vum Parteipräsident
  • 14.30 - Weider politesch Riedebäitreeg
  • 15.00 - Sonsteg Untreeg: SA001: Walkampagn Gemengewalen 2017
  • 16.00 - Programmännerungsuntreeg
  • 16.30 - Satzungsännerungsuntreeg
  • 17.00 - Oppen Diskussiounen




Hiweis: d'Dagesuerdnung gëtt duerch de Kongress ugeholl. D'Reiefolleg kann ggf. dann nach changéieren. Et ass ausserdeem méiglech, datt d'Auerzäite no ënnen oder uewen ugepasst ginn, je no deem wéi vill Zäit déi eenzel Dagesuerdnungspunkten an Usproch huelen.

Dokumenter zum Kongress

Stream

http://1337.lu/PPlive

Iessen a Gedrénks

Press a Gäscht

Gäscht, interesséiert Persounen a PressevertriederInne sinn häerzlech Wëllkomm fir um Landeskongress deelzehuelen!

Urees & Transport

Urees mam Auto

Parkméiglechkeeten beim Schlass

Et besteet d'Méiglechkeet, an der direkter Géigend zum Schlass ze parken. Dëst ass eng Kéier direkt virum Schlass (oppassen: nëmmen eng handvoll Parklplazen), op der Maartplaz an op der Place de Liberation.

Urees mam Zuch

Dir kënnt och mam Zuch ureesen. Zu Klierf ass eng Goar, déi op ca. 10min Fousswee Entfernung ass.

Offahrt - Zil Zäit Offahrt Zäit Ukommen
Lëtzebuerg Gare - Cliärref Gare 07:45 08:44
Lëtzebuerg Gare - Cliärref Gare 08:18 09:14
Lëtzebuerg Gare - Cliärref Gare 08:45 09:44
Lëtzebuerg Gare - Wëlwerwolz Gare 09:18 10:14
... ... ...
Cliärref Gare - Lëtzebuerg Gare 16:45 17:42
Cliärref Gare - Lëtzebuerg Gare 17:45 18:42
Cliärref Gare - Lëtzebuerg Gare 18:45 19:42
... ... ...

Et dierf ugeroden, virum Opbroch nach emol d'Fuersituatioun op mobiliteit.lu ze checken.

Urees mam Bus

Et ginn Buslinnen, déi vun Dikrech iwwer Housen (553 an 554), Ettelbréck iwwer Dikrech (555) oder vu Wolz (630, 642, 650, 655) aus op Klierf fueren. Den Detail fannt dir op mobiliteit.lu oder clervaux.lu

Mir recommandéieren iech, iech a Fahrgemeinschaften ze organiséieren

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg