Landeskongress 2016-3

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

LANDESKONGRESS #LK163
vun der PIRATEPARTEI LËTZEBUERG

22. Oktober 2016 - Centre Culturel Luerentzweiler, ab 10:00

Am Iwwerbléck: Dageduerdnung & weider Informatiounen - Kandidaturen - Satzungsännerungsuntreeg - Programmännerungsuntreeg - Sonsteg Untreeg - Live Stream - Facebook-Event
De Kongress ass eriwwer! Et kënnen dofir kengSatzungsännerungsuntreeg, Programmännerungsuntreeg,Kandidaturen, Positiounspabeieren souwéi Sonsteg Untreeg méi agereecht ginn!
Centre Culturel Luerentzweiler

Nom éischte programmatesche Landeskongress am Mäerz zu Beidler an dem zweeten, ausseruerdentlechen Kongress am Mee zu Koplescht, ass et elo Zäit fir den drëtte Landeskongress. Op dësem Hierscht-Kongress stinn traditionell déi statutaresch Punkten am Fokus: d'Wal vun engem neie Präsidium souwéi Keessepréifer a Schiidsriichter. Donierft stinn natierlech och Satzungs- a Programmännerungsuntreeg op der Dagesuerdnung, souwéi Sonsteg Untreeg.

De Landeskongress ass selbstverständlech fir all Member an all interesséierten Net-Member öffentlech zougänglech. Stëmmrecht hunn allerdéngs nëmmen d'Memberen, déi mat hirer Cotisatioun net am Réckstand sinn.

Inhaltsverzeichnis

Oflaf

Den drëtte Landeskongress fir d'Joer 2016 ass e statutaresche Kongress a fënnt Samsdes, den 22. Oktober zu Luerentzweiler statt.
Déi proposéiert Geschäftsuerdnung fir den #LK163 ass hei ze fannen.

Wou?

Centre Culturel Luerentzweiler
120, route de Luxembourg
L-7374 HELMDANGE

op Google Map kucken

Den #LK163-Event op Facebook



Facebook-Event: Landeskongress #LK163
Facebook-Event: Jonk Piraten Meeting um #LK163

Untreeg & Kandidaturen

Dagesuerdnung

Dëst ass eng provisoresch Dagesuerdnung, déi erréicht duerch d'Unhuele vum Landeskongress #LK163 a Kraaft trëtt!
  • 10:30 - Start vun den Akkreditéierungen
  • 11:00 - Workshop "Kandidéiere
  • 11:20 - Jonk Piraten Treffen



  • 13:00 - Begréissung duerch d'Präsidentin vum Bezierk Zentrum
  • 13:05 - Wal vun der Versammlungsämter
  • 13:10 - Unhuelen vun der Dagesuerdnung an der Geschäftsuerdnung
  • 13:15 - Ried vum Parteipräsident
  • 13:30 - Politsch Rieden - Weider Riedebäitreeg am virraus zwecks Planung w.e.g. umellen
  • 14:00 - Tätegkeetsberichter an Entlaaschtung vun den aktuelle Präsidiumsmemberen
  • 14:30 - Wal vum neie Präsidium, de Keessepréifer an dem Schiidsgeriicht
  • 15:30 - Ofstëmmung: Satzungsännerungsuntreeg
  • 16:30 - Ofstëmmung: Programmännerungsuntreeg
  • 17:30 - Ofstëmmung: Sonsteg Untreeg
  • 18:00 - Oppen Diskussiounen



Hiweis: d'Dagesuerdnung gëtt duerch de Kongress ugeholl. D'Reiefolleg kann ggf. dann nach changéieren. Et ass ausserdeem méiglech, datt d'Auerzäite no ënnen oder uewen ugepasst ginn, je no deem wéi vill Zäit déi eenzel Dagesuerdnungspunkten an Usproch huelen.

Dokumenter zum Kongress

Stream

http://1337.lu/PPlive

Iessen a Gedrénks

Press a Gäscht

Gäscht, interesséiert Persounen a PressevertriederInne sinn häerzlech Wëllkomm fir um Landeskongress deelzehuelen!

Urees & Transport

Et besteet d'Méiglechkeet, direkt beim Centre Culturel ze parken. Mir recommandéieren iech, iech a Fahrgemeinschaften ze organiséieren

All d'Verbindungen fir op Luerentzweiler fannt dir natierlech op mobilitéit.lu

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg