Landeskongress 2016-2

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
D'Frist fir Satzungsännerungsuntreeg anzereechen ass ofgelaf!
Twitter: follow @Piratepartei oder #LK162.

Protokoll vum Kongress #LK162

Inhaltsverzeichnis

RDV an Dagesoflaf

Wéi um #LK161 festgeluecht, fënnt den éischte Méindeg am Mee en ausseruerdentleche Landeskongress statt, deen zum Zil huet, déi vakant Plaz am Präsidium duerch eng Komplementarwal neizebesetzen. Donierft gëllen déi üblech Dagesuerdnungspunkten wéi Positiounspabeieren, Programm- a Satzungsännerungen. Dësen zweeten Landeskongress fir d'Joer 2016 fënnt Méindes, den 02. Mee zu Koplescht an PPLU HQ, eise Büroen, statt.

Hei fannt der den Entworf fir d'Geschäftsordnung

Wou?

PPLU HQ
1a, rue de Luxembourg
L-8184 Kopstal


Unträg & Kandidéierendelëscht

D'Frist fir Satzungsännerungsunträg leeft Méindes, den 18. Abrëll of.
Programmännerungsuntreeg a Sonsteg Untreeg hu keng Frist. Allerdéngs ginn nëmmen Untreeg an de Kongressënnerlagen opgelëscht, déi bis Méindes, de 25. Abrëll erakomm sinn. Kandidaturen fir de vakante Posten als bäigeuerdnete Präsidiumsmember:

All d'Unträg sinn hei ze fannen:

Provisoresch Dagesuerdnung

Opgepasst! Dës Dagesuerdnung kann nach änneren!

Ausseruerdentleche Landeskongress #LK162

(Akkréditéirung ab 18:30)
19:00: Begréissungsried duerch de Parteipräsident Sven Clement
19:10: Wal vun de Versammlungsämter
19:15: Kandidaturen fir de vakante Posten als bäigeuerdnete Präsidiumsmember
19:25: Komplementarwal vum vakante Posten als bäigeuerdnete Präsidiumsmember
19:45: Positiounspabeieren, Positiouns- an Satzungsännerungsuntreeg


Prokuratioun

Wann e Pirat net perséinlech uwiesend ka sinn, gesäit eis Satzung vir, datt dëse säi Stëmmrecht un en anere Pirat dierf weider ginn, deen sengersäits präsent ass. All uwiesende Member dierf dobäi net méi wéi eng Prokuratioun hunn. Dëse Member ass gebieden, d'Prokuratioun bei der Akkreditéierung ofzeginn. Hei kritt dësen dann eng zweet Enevelopp mat Kongressënnerlagen souwéi Stëmmkaarten ausgehändegt.

Modeller fir d'Prokuratiounen:

Stream

-tba-


Press a Gäscht

Gäscht, interesséiert Persounen a PressevertriederInne sinn häerzlech wëllkomm fir um Landeskongress deelzehuelen!

Urees & Transport

Et besteet d'Méiglechkeet, direkt bei der aler Schoul oder vis-à-vis bei der Kierch ze parken. Mir recommandéieren iech, iech a Fahrgemeinschaften ze organiséieren

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg