Landeskongress 2014-3

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

Twitter: follow @Piratepartei oder #LK143.

De Protokoll vum Landeskongress ass hei ze fannen.

Weider Informatiounen zum Kongress op lk.piraten.lu.

Mellt iech hei un: http://www.piratepartei.lu/inscription/

Inhaltsverzeichnis

RDV an Dagesoflaf

De Landeskongress 2014-3 ass Sonndës, de 5. Oktober 2014. Et handelt sech ëm den 3 Kongress fir dëst Joer. Op dësem Kongress gëtt, niewt Satzungs- a Programmännerungen, e neie Präsidium gewielt. Ab 19h feiere mir zesummen de 5. Gebuertsdag vun der Piratepartei.

Wou?

Centre Culturel Beggen,

26a rue de Rochefort,

L-2431 Luxembourg

Unträg

Unträg gi just vum Kongress behandelt, wann se iwwer ahoi@piratepartei.lu agereecht goufen. D'Frist fir Programm- a Satzungsännerungsunträg leeft Sonndes, den 21. September um 9h00 of.

Agreechten Untreeg sinn hei ze fannen:

Spontan Untreeg si nach ëmmer méiglech a musse formgerecht, wéi an der Geschäftuerdnung beschriwwen, beim Front-Office agereecht ginn.

Kandidéierendelëscht

D'Kandidatelëscht ass hei ze fannen: Landeskongress 2014-3: Kandidaturen. Wann s Du wëlls fir e Poste kandidéieren schéck eng Mail mat Denger Kandidatur un ahoi@piratepartei.lu oder dro Dech an der Kandidatelëscht an.

Provisoresch Dagesuerdnung

Opgepasst! Dës Dagesuerdnung kann nach änneren!

D'provisoresch Dagesuerdnung ass op lk.piraten.lu ze fannen.

Stream

Streaming vum Landeskongress ass geplangt, ofstëmmberechtegt sinn awer just Piratepartei Memberen sur place.

Iessen a Gedrénks

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

Press a Gäscht

Gäscht, interesséiert Persounen a PressevertriederInne sinn häerzlech wëllkomm fir um Landeskongress deelzehuelen!

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg