Howto Landeskongress

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

De Landeskongress, laut eiser Piratesatzung dat héchstend Gremium, ass en Event, dat opmannst eemol am Joer zesumme kënnt. Iwwert d'Joeren huet sech d'Organisatioun vun de Landeskongresser routinéiert an awer ginn et eng Rëtsch Prozeduren, op déi opgepasst musse ginn.

De Landeskongress, dee jo prinzipiell fir jiddwereen, op Member oder net, ëffentlech ass, ass eent vun den Aushängeschëlder vun der Piratepartei. No eise Resultater bei de Chamberwalen 2013 an Europawalen 2014 leee mir ëmmer méi Wäert op eng Professionaliséierung vun eiser Partei, wat sech och op d'Landeskongresser auswierke muss. Nei Memberen sollen duerch hiren éischte Kongress Interessi um Matmaache kréien, eeler Memberen ginn heiduerch ëmmer nees nei motivéiert. Och fir d'Press, déi deen Dag uwiesend ass, ass et e wichtegt Signal: si soll de Message mat op de Wee huelen, datt eis jonk Partei sech entwéckelt an keng Eintagsfliege ass.

Inhaltsverzeichnis

Allgemenges

Zënter e puer Joeren hu mir d'Praxis etabléiert, datt mir 2 Landeskongresser am Joer hunn. Een am Fréijoer (Mäerz/Abrëll/Mee), deen haaptsächlech programmatescher Natur ass. Hei kommen d'Memberen zesummen, fir iwwer grouss Programmännerungen an gréisser politesch Ausriichtungen ze diskutéieren. Am Hierscht (Oktober/November) gëtt et dann de statutaresche Landeskongress. Op dësem Kongress ginn all déi national Ämter nei gewielt.

Mir ënnerscheeden tëscht folgend Zorte vu Kongress:

  • Statutaresche Landeskongress
  • Programmatesche Landeskongress
  • Europawalkongress
  • Chamberwalkongress

Am folgenden Howto gesi mer d'Organisatiounsprozedur vun engem statutaresche Landeskongress, fir d'Organisatioun vun engem programmatesche Kongress gëllt am Fong déi selwescht Prozedur ouni de Punkt "Walen".

Phase 1.

Zënter der Grënnung vun de Bezierker sinn dës, nom Rotatiounsprinzip, fir d'Organisatioun vum jeeweils nächste Kongress zoustänneg. Der Rei no wieren dat:

  • Zentrum
  • Norden
  • Süden
  • Osten

De Präsidium réiht un dëser Plaz dem jeeweilege Bezierkspräsidium d'Ernennung vun engem Responsablen, deen sech ëm d'Organisatioun vum Kongress këmmert. Hien ass de Koordinator, deen an Zesummenaarbecht mam Generalsekretariat a mat senge Leit d'Ausriichtung vum Kongress managt. An enger éischter Phase sinn folgend Schrëtter ze maachen:

  1. Fanne vun engem Sall (z.b. Centre Culturel) am jeeweile Bezierk, deen un deenen Datumen disponibel ass, déi de Parteipräsidium proposéiert. Esou e Sall muss folgend Kriterien erfëllen:
    1. eng gutt Ubannung un den ëffentleche Verkéier,
    2. fir min. 30 Leit eng Sëtzplaz mat Dësch bidden,
    3. d'Méiglechkeet bidden, den hauseegenen Internet-Uschloss notzen ze kënnen a
    4. beschtefalls eng Kichen, mindestens awer e Comptoir hunn.

Op d'Verfügbarkeet vun engem Internetuschloss, dee mir notze kënnen, gëtt immense Wäert geluecht. Nëmmen dësen erlabt et eis, eise Kongress via Livestream ëffentlech ze maachen. Wann de Bezierk en entspriechende Sall fonnt huet, sou gëtt dësen dem Parteipräsidium proposéiert.

Phase 2.

Wann dësen ugeholl ginn ass, fänkt de Bezierk mat der Phase 2 un.

Bestëmmung vum Organisatiounsteam

Et gi verschidde Posten, déi de Bezierk ze besetzen huet, fir datt den uerdnungsgeméissen Oflaf vun engem Landeskongress garantéiert ass:

  1. Team "Akkreditéierung": Am Entréesberäich gëtt en Akkreditéierungsbüro ageriicht. Dësen ass méiglechst duerchgoend ze besetzen. Dëse Posten huet d'Aufgab, den ukommende Piraten hir Kongressënnerlagen auszehändegen, soubal hir aktiv Memberschaft festgestallt gouf. Fir dësen Zweck gëtt dësem Posten eng Lëscht zur Verfügung gestallt, woumadder dësen iwwerpréife kann, op e Member seng Cotisatioun fir dat aktuellt Joer entriicht huet oder net. Dack gëtt et op eise Kongresser och eng sougenannt Gedrénksflatrate bzw. en Iessen. De Pirat an der Akkreditéierung hëllt hei och d'Suen vun de Participanten un a stellt dësen eng Quittung aus (a gëtt hinnen e Bracelet/Stempel etc.). Dëse Pirat hëllt och d'Leit vun der Press an Empfang a vermierkt dës an enger Lëscht, fir datt ee spéider novollzéihe kann, welch Pressevertrieder do waren.
  2. Team "Kombüse": e Grupp vu Piraten zeechne sech fir dat leiblecht Wuel verantwortlech. Si hëllefen während dem Kongress hannert dem Comptoir, preparéieren d'Iessen, hëllefen während dem Iessen bei der Iessensausgab a këmmere sech nom Iessen ëm d'Wechraumen an Spullen.
  3. Team "Technik": e weidere Grupp vu Piraten ass fir d'Technik während dem Kongress verantwortlech. Ënnert dësen Aufgabeberäich falen:
    1. Installatioun vum Beamer
    2. Installatioun vun der Tountechnik am Sall: Minimal Ufuerderungen: E Mikro fir de Kongressbüro (Versammlungsleedung), e Mikro fir d'Riednerpult, an e Sallmikro
    3. Installatioun a Bedreiwe vun der Kamera fir den Livestream per Streamingbox
    4. Installatioun a Bedreiwe vun engem WLAN-Reseau, fir datt all Member Access kann hunn
    5. Installatioun vu Stroumuschlëss, sou datt de Kongressbüro souwéi all eenzel Sëtzplaz an de Bänken a weider relevant Plazen am Gebai Accès zu engem Stroumuschloss hunn.
  4. Team "Social Media": Et gëtt opmannst eng Persoun gebraucht, déi all wichtegt Highlight vum Kongress twittert an op Facebook publizéiert.
  5. Team "Opbau / Ofbau": den ausdroende Bezierk ass fir den Op- an Ofbau verantwortlech. Et sollen dofir Op- an Ofbau-Teams zesummegestallt ginn, déi dann zu den respektiven Zäiten hëllefen. Onbedéngt genuch Zäit fir den Opbau virgesinn, fir datt de Kongress rechtzäiteg starte kann.


De Bezierk ass fir d'gesamt Logistik verantwortlech. Dëst bedeit: den Op- an Ofbau vum Kongress, den Transport vum Material aus dem PPLU HQ an nees zeréck souwéi d'Organisatioun vum Catering a Gedrénks. Bei Reservatiounen vum Iessen an d'Bestellung vum Gedrénks beim Dépositaire kann de Bezierk vum Generalsekretariat ënnert d'Äerm gegraff kréien.

Wann fir e Posten kee Pirat am eegene Bezierk fonnt ka ginn, kann dës Beoptragung selbstverständlech och u Piraten aus aner Bezierker ausgeschwoart ginn. Wichteg ass op alle Fall, datt déi uewe beschriwwen Aufgaben ausgefouert ginn.

Phase 3.

Versand vun de Invitatiounen

Laut Satzung mussen schrëftlech Invitiatiounen 4 Wochen virum Dag vum Landeskongress un d'Memberen verschéckt gi sinn. Dës Charge iwwerhëllt d'Generalsekretariat, nodeems den jeeweils zoustännege Bezierk déi definitiv Detailer (Datum, Standuert, weider Informatiounen ewéi Iessen etc.) matgedeelt huet.

Weidert Material

Weidert Material ass an der Woch virum Kongress duerch d'Generalsekretariat ze erstellen:

  • Erstelle an Drock vu Kongressënnerlagen (Dagesuerdnung, Kandidaturen, Satzungs- a Programmännerungen etc.)
  • Erstelle vun engem Facebook-Event
  • Präsentatioun fir de Beamer
  • Divers Schëlder fir d'Räimlechkeeten ("Akkreditéierung", "Press", Präislëschten etc.)
  • Stëmmkaarten & Stëmmziedelen
  • Erstelle vun enger Wiki-Säit
  • Invitatioun un d'Memberen
  • Invitatioun un d'Pressevertrieder

Opbau vun engem Kongress

Dekostoff als Hannergrond um Beispill vun engem Stand um Festival des migrations

Den Opbau vun engem Kongressraum ass ganz klassesch:

  • Kongressbüro: Dësen Dësch ganz vir huet Plaz fir folgend Posten, déi am Ufank vum Kongress gewielt ginn:
    • Versammlungsleeder
    • Protokollant
    • Walleeder
      • Eventuell Walhelfer #1
      • Eventuell Walhelfer #2

Um Dësch vum Kongressbüro gëtt ausserdeem de Printer opgestallt, fir datt séier Ënnerlagen nogeprint kënne ginn. Dësen Dëch sollt beschtefalls mat engem moofen Stoff dekoréiert resp. ëmwéckelt sinn.

Deem entgéint sinn verschidde Dëschreien, un deenen d'Participanten sech sëtze kënnen. Hei soll opgepasst ginn, datt all Sëtzplaz ee Stroummuschloss huet.

Vertikal zu den Sëtzreien vun de Participanten sollt en Dësch mat Sëtzplazen fir Journalisten ageriicht ginn. D'Pressevertrieder hunn och jeeweils eng Steckdous pro Sëtzplaz ze gutt. Si kréien vun der Akkreditéierung eng Pressemapp mat de Kongressënnerlagen, engem Bic souwéi enger Kaart mam Passwuert fir den WLAN-Reseau.

Material, dat zur Ariichtung vum Kongressraum gebraucht gëtt

  • Leinwand, min. 1x
  • Beamer, min. 1x
  • Pressewand, fir hannert d'Riednerpult
  • Walurn, fir d'Ofstëmmungen
  • Divers Multiprisen a Verlängerungen
  • Printer, fir nodréiglech Ënnerlagen, Stëmmziedelen etc. ze printen
    • Pabeier
  • Divers Rollups, zu dekorativen Zwecker am gesamte Raum (z.b. hannert der Akkreditéierung, als Raumtrenner etc.)
  • Dropflags, fir Baussen nierwt den Agang
  • Divers Fändelen, als Deko fir d'Dëscher, Raumtrenner etc.
  • Mooft Dëschelduch, fir zum Beispill den Dësch vum Kongressbüro, d'Iessdëscher oder den Dësch vum Akredditéierungsbüro anzekleeden
Et ass ausdrécklech erwënscht, mat Deko-Artikelen de Sall opzewäerten. Mir hunn fir dës Zwecker divers Deko-Artikelen (6m Dekostoff, Dropflags, Fändelen, Rollups, Pressewänn etc.) op Stock.

Aufgabe vum Kongressbüro

Versammlungleeder

De Versammlungsleeder fungéiert als Moderator vum gesamte Kongress. Séng Aufgabe sinn et:

  1. d'Ukënnege vun den nächsten Dagesuerdnungspunkten,
  2. d'Leedung vun de Walen (Bestëmme vum Walmodus, d'Initiéieren an d'Leede vun der Wal, d'Feststelle vum Walausgang an d'Nofro op e Kandidat d'Wal unhëllt),
  3. d'Erdeele vum Riederecht, wann eng Wuertmeldung aus dem Plenum kënnt,
  4. d'Suerge fir Rou, wann et am Plenum ze hoart gëtt,
  5. d'Zoumaache vum Kongress,
  6. d'Ënnerschreiwe vum Kongressprotokoll (kuck weider ënnen).

Protokollant

De Protokollant féiert en Ergebnisprotokoll vum Landeskongress. Wichteg ass et, bei all Dagesuerdnungspunkt déi wichteg Detailer opzeschreiwen.
Um Beispill vun Satzungsännerungsuntreeg ass zum Beispill ze notéieren:

  1. SÄA-ID (wéi op der Dagesuerdnung am Programmheft vermierkt),
  2. Numm vum Untragsteller
    1. Eventuell Amendementer am Wuertlaut mam jeweilege Untragsteller
  3. D'Resultat vum Vote, sortéiert no Jo, Neen an Enthalung

Doriwwer eraus ginn nach d'Unzuel un akkreditéierte Piraten, Unzuel un Prokuratiounen souwéi Versammlungsleedungschangementer notéiert. De Protokollant suergt ausserdeem dofir, datt déi schrëftlech Prokuratiounen, d'Walprotokoll an déi an enger Enveloppe versiggelt Stëmmziedelen herno dem Protokoll bäileeen.

Nom Kongress gëtt d'Protokoll a Form bruecht, ausgedréckt a vum Protokollant, dem Versammlungsleeder an dem (nei gewielten) Parteipräsident ënnerschriwwen. Déi ënnerschriwwe Versioun gëtt an dëse Wiki eropgelueden an an d'Wiki-Säit vum respektive Kongress integréiert.

Walleeder a Walhelfer

Laut Satzung gëtt e Walleeder an min. 2 Walhelfer gebraucht.

  • De Walleeder ass deejéinegen, deen fir d'Auszielung vun de Stëmme verantwortlech ass. Hien fäerdeg no all Walgang e Walprotokoll un an versiggelt bei geheime Walen d'Stëmmziedelen an enger eegener Enveloppe.
  • D'Walhelfer sinn déijéineg, déi de Walleeder ënnerstëtzen, zum Beispill duerch féiere duerch eegent Ziele vun Handzeechen bzw. Kontrollzielungen vun de Stëmmziedelen

Walmodi:

  • Per Akklamatioun: Walen duerch Handhiewen zielt jiddweree vun dësen 3 Persounen fir sech d'Hänn an der Luucht. Nom Walgang schwätzen se sech of an nennen déi korrekt Unzuel dem Versammlungsleeder.
  • Am Fall vun enger geheimen Wal gräifen d'Memberen op eng Ofstëmmung a Form vu Walziedelen zeréck, déi se an hiren Kongressënnerlagen fannen, déi hinnen an der Akkreditéierung ausgehändegt goufen. Nodeems de Versammlungsleeder de Walmodus erkläert huet an jiddwer Member seng Kräizer gemaach huet, gëtt de Walgang duerch d'Opstelle vun enger Walurn ageleet. De Walleeder kontrolléiert hei, datt jiddwer Member just een Ziedel ageheit, am Fall vun enger Prokuratioun dierf en zweeten ageheit ginn.
    Am Uschloss zitt de Walleeder sech mat sénge Walhelfer an e separate Beräich zeréck, wou se d'Stëmmen auszielen. Zur Kontroll gëtt nach min. eng weider Kéier nogezielt. D'Resultat vun den ageheite Stëmmziedelen gëtt an engem separaten Walprotokoll notéiert, deen herno dem Kongressprotokoll als Annexe ugehaangen a publizéiert gëtt an deen och vum Walleeder a min. 2 Walhelfer ënnerschriwwe gouf. Am Versammlungsprotokoll sinn fir jiddwer Zielung a Kontrollzielung jeeweils d'Unzuel u Jo-, Neen- an Enthaalungsstëmmen festzehalen, genee esou wéi d'Gesamtunzuel un ageheite Stëmmziedelen.

Nodeems d'Auszielung ofgeschloss ass, mussen d'Stëmmziedelen vu jiddwer Walgang an enger Enveloppe versiggelt ginn, déi herno mam Kongress- a Walrapport an engem spezielle Klasseur am Generalsekretariat versuergt ginn.

Wéi gewielt gëtt, gëtt an der Geschäftsuerdnung (GO) festgeluecht. Traditionell ass et per "Approval Voting" (ee Kräiz pro Kandidat, woubäi "0" fir "Nee" steet) oder och "gewichtetem Approval Voting" (en Zuelewert pro Kandidat, woubäi "0" fir "Nee" steet).

Nom Kongress

Nom Kongress gëtt den Kongressrapport vum Protokollant ausgedréckt a vum Protokollant, dem Versammlungsleeder an dem (nei gewielte) Parteipräsident ënnerschriwwen. Wa persounebezunne Walen stattfonnt hunn (Neiwal vum Präsidium zum Beispill), gëtt och e Walprotokoll an d'Annexe gehaangen, dee vum Walleeder an min. 2 Walhelfer ënnerschriwwe goufen.

Béid Dokumenter gi mat de versiggelten Enveloppe mat de Stëmmziedelen an engem spezielle Klasseur am Generalsekretariat versuergt. D'Dokumenter ginn gescannt an op der Wiki-Säit vum respektiven Kongress publizéiert.

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg