FAQ/lu
Aus Piratewiki
| Haaptsäit · Portal | FAQ · Matmaachen · Hellëf |
Firwat "Piraten"?
D'Piratepartei Lëtzebuerg ass en Deel vun enger europäescher Beweegung an huet den Numm vun aneren Pirateparteien iwwerholl. D'Virbild ass déi schwedesch "Piratpartiet", déi sech 2006 gegrënnt huet fir géint Iwwerwaachung, een veraaltend Urheber- an Patentrecht an Datenmëssbrauch virzegoen
- Weider Informatiounen iwwer d'Geschicht vun der Piratepartei (op däitsch).
Firwat eng nei Partei?
Déi traditionell Parteien a Lëtzebuerg ignoréieren d'Haaptpunkten vun onsem Parteiprogramm. Den Internet, an déi "nei Medien" am allgemengen, ginn nëmmen ganz seelen thematiséiert, an d'Politik verschléift déi wichtegst Entwécklung vun de leschten Jorzéngten. D'Piratepartei well d'Bierger net nëmmen opklären, mä hinnen och d'Chance ginn eppes ze veränneren, hier Rechter ze stäerken an d'politesch Entscheedungen un d'Entwécklungen vun de leschten Jorzéngten unzepassen.
Ass d'Piratepartei nëmmen eng Partei fir Jonker?
D'Piratepartei ass eng Partei fir Mënschen vun all Altersklass! D'Verteidege vun de wichtegste Biergerrechter ass keng Fro vun Alter. Den aktuellen Duerchschnëttsalter an der Piratepartei Lëtzebuerg, an deenen aneren europäeschen Pirateparteien, ass méi niddreg wei an aner Parteien, wat virun allem op déi grouss Ënnerstëtzung vun den Internetbenotzer zeréck ze feieren ass. Mä den Internet ass ouni Altersgrenz, d'Piratepartei scho guer net!
Wou sinn d'Piratinnen?
D'Piratepartei Lëtzebuerg ass der Meenung, dass Gläichberechtegung wéineger mat "politesch korrekt" ze dinn huet wéi mat enger Astellung. Dowéinst benotze mir an onsen Texter déi geschlechtsneutral Bezeechnung "Pirat" fir all ons Memberen, ob männlech oder weiblech, egal mat wéi engem sozialen, reliéisen, geographeschen Hannergrond, egal wei grouss, egal wéi eng Haut-, Hoer-, oder Aenfaarf.
Wat fuerdert d'Piratepartei?
D'Piratepartei fuerdert den gliesene Staat amplaz de gliesene Bierger; d.h. d'Stäerkung vun der Privatsphäre a vum Dateschutz, keng iwwerflësseg Iwwerwaachung oder Zensur, an d'Transparenz vum Staatswiesen. Weiderhin wëllen mir eng Upassung vum veraalten Urheber- a Patentrecht un d'Entwécklung vun de neie Medien. D'Europäesch Unioun muss sech un déi nei Entwécklung vun der Informatiounsgesellschaft upassen a Kanner a Jugendlecher mussen gratis a Schoulen an Universitéiten leieren déi nei Technologien ze benotzen.
- Weider Informatiounen an onserem Parteiprogramm an onsen Haaptpunkten (op déitsch).
Wei ass d'Positioun vun der Piratepartei zu Filesharing/Raubkopien etc?
D'Piratepartei well een onageschränkt Recht op d'Privatkopie zu net-kommerziellen Zwecker fir all Medium. Kopéieren an Weiderginn vun privaten Kopien muss legaliséiert gin.
- Weider Informatiounen zum Urheberrecht.
Firwat net méi Themaen?
D'Piratepartei huet en kloer Meenung zu den Themaen, déi am Parteiprogramm festgeluecht sinn. Doriwwer raus wëllen mir aner Themaen réischt behandelen, wann mir de neideschen Know-how hunn, an déi Froen demokratesch diskutéiert goufen.
Wou positionéiert sech d'Piratepartei?
D'Piratepartei léist sech net am klasseschen "lenks-riets" Spektrum positionéieren. All Persoun kann sech unhand onsen Themaen en eegent Bild maachen ouni vun politeschen Ideologien beaflosst ze ginn.
Wat bedeit basis-demokratesch oder "open democracy"?
Jiddereen kann bei der Piratepartei matmaachen an d'Themaen a Positiounen vum Wahlprogramm gestalten. De Parteiprogramm gëtt net vun uewen erof diktéiert, mä vun der Parteibasis erschafft a mat demokrateschen Mëttel bestëmmt.
Wei kann ech matmaachen?
- Op der To do Liste stinn all aktuell Aufgaben. Jiddereen ass häerzlech wëllkomm matzehëllefen!
- Am Forum an op den Diskussiounsseiten an der Wiki gëtt diskutéiert.
- An der Wiki gin d'Positiounen ausgeschafft a verfäinert. Jiddereen kann d'Wiki veränneren, vum einfachen Schreiffeeler, bis hin zum säitenlaangen Exposé ass alles erwënscht! Méi Informatiounen sinn an der PirateWiki Hilfe ze fannen.
- Op der Mailingslëscht ginn interessant Meldungen, Artikel an Diskussiounen besprach.

