Bréif un de Jean-Marie Halsdorf: ePerso
Aus Piratewiki
Oppene Bréif
Här Minister Halsdorf,
Dir hutt an Ärer Fonctioun als Inneminister den 28. Oktober 2008 mam deemolege Minister fir d'Fonction Publique Claude Wiseler de Projet de Loi 5950 - Projet de loi relatif à l'identification des personnes physiques, au registre national des personnes physiques et à la carte d'identité - ob den Instanzewee bruecht. Am Kader vun dësem Gesetzesvirschlag soll eng "elektronesch Carte d'Identité" zu Lëtzebuerg ageféiert ginn.
Am Exposé des Motifs schreift Dir, dass dës elektronesch Carte d'Identité virun allem dozou soll benotzt gi vir den administrativen Alldag ze vereinfachen an dass d'Carte d'Identité dowéinst och mat der elektronescher Ënnerschrëft ausgestallt gëtt. Weider erklärt Dir, dass elo de perfekte Moment wier fir dësen elektronesche Personalausweis hei zu Lëtzebuerg anzeféieren, well dëse schonns a verschiddenen europäeschen Nopeschlänner Realitéit ass.
Ech stelle mir dowéinst folgend Froen:
- Ass et geplangt, dass d'Bierger sech mat dëser elektronescher Carte d'Identité, wéi an Däitschland de Fall, um Internet kennen ausweisen? Wann io, wéi?
- Wéi well Dir ähnlech Sécherheetsproblemer, wéi der an Däitschland oder der Schwäiz opkomm sinn, hei am Land verhënneren?
- Gett geplangt, d'Donnéeën op engem RFID-Chip ze späicheren? Falls io, wéi wëllt Dir dës Donnéeë virum einfachen Ausliese vun (kriminellen) Drëtte schützen?
- Ass mat der elektronescher Carte d'Identité geplangt dem Deputéierte Robert Weber seng Propose vum Ofschafe vun der Anonymitéit am Internet ëmzesetzen?
- Weider wollt ech vun Iech wëssen, wéini Dir plangt dës elektronesch Carte d'Identité anzeféieren.
Mat beschte Gréiss,
Sven Clement, President vun der Piratepartei Lëtzebuerg
Äntwert
Nach keng ukomm

