Benutzer Diskussion:Svnee

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
Kann ech mein FB Account och iergendwei verlinken ouni een Nick ze hun? Wei kritt een iwerhaapt een Nick op FB?--Jay 08:44, 13 October 2009 (UTC)
An dengem Profil kanns de der en Nick aussichen --Svnee 08:47, 13 October 2009 (UTC)
Ok,mee ouni Handy Nummer geet daat net, oder? Dann verlinken ech einfach sou am Text --Jay 08:59, 13 October 2009 (UTC)
Ech mengen bei mir ass dat ouni GSM gaangen :S --Svnee 09:11, 13 October 2009 (UTC)
Mengs de et wier eng gudd Idee Adress, Telefonsnummer an Gebuertsdaatum unzeginn?--Jay 19:54, 8 October 2009 (UTC)
Dat ass eosu wéi d'PPde et och huet... Mengen als Präsident... oder wat mengs du? --Svnee 19:56, 8 October 2009 (UTC)
Den Layout an d'Idee fannen ech ganz gudd! Mee Addresse an Telefonsnummer geif ech net online setzen. PPde huet daat och net (just offiziell Parteiadresse)--Jay 20:01, 8 October 2009 (UTC)
Ma d'Address ass am Moment eis offiziell address... a bis e Pressekontakt mat enger eegener Nr existéiert, brauch d'Presse mindestens eng nummer! --Svnee 20:04, 8 October 2009 (UTC)
Jo daat stemmt. Vleit wier dei awer dann besser op der Webseit enner Press wei op der Wiki. Ass bessen wei mat Facebook, mir schwätzen iwert Dateschutz an gudden Emgang mat sengen Infoen an setzen dann Adresse an Tele selwer drop. Ech mengen sulaang mer keng aaner Wiel hun kann een et net änneren... Ma den Template as gudd, hun deen direkt geklaut ;) Wier gudd wann mer daat op der Webseit och verlinken keinten!--Jay 20:09, 8 October 2009 (UTC)
De Punkt ass jo datt keen eppes MUSS online verfügbar man. Wann ech décidéieren dat publique ze maan, ass dat jo souzesoe mäin eegene Choix --Svnee 20:15, 8 October 2009 (UTC)
Natiirlech, daat war och net als Kritik gemengt! Et wier just net gudd wa jidereen geif ufänken op der Wiki seng Adresse ze posten (cf. Template). Duefir hun ech och fir nach eng Wiki Seit ze man iwert Facebook & Co, mat Links wei een mat sengen Daten soll emgoen! Dann kann jidereen sein Choix man! P.S. Z.b. muss een wessen, dass net nemmen registreiert Memberen seng perseinlech Seit ka liesen etc. --Jay 20:24, 8 October 2009 (UTC)
Ech gin der vollkomme recht! Mach roueg eng Wiki_Säit, ech velinken se dann och opp der Websäit direkt ënnert dem Facebook zieps! --Svnee 20:29, 8 October 2009 (UTC)
Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg