Benutzer:Dark Mania

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche
Steckbrief
Persönlich
Name: Cannivy Sven
Wohnort: Mersch
Berufl. Qual.: Informatik-Student
Geb: 20.10.1991
Politisch
Partei: Piratepartei Lëtzebuerg
Eintrittsdatum: September 2010
Funktion: Präsidiumsmember
Kontakt
Mail-Adresse: sven.cannivy@gmail.com
MSN / OTR:sensix91@hotmail.com / nein
Google-Talk: sven.cannivy@gmail.com
Jabber: sven.cannivy@gmail.com
Twitter: svencan
Facebook draconnier
 

Inhaltsverzeichnis

Aufgabeberäicher & Aktivitéit

Präsidium

Als Präsidiumsmember këmmeren ech mëch ëm den gréißten Deel vun den Publikatiounen um Website. Ech iwwerhuelen oft d'Aufgab vum Protokollant bei den Präsidiumssëtzungen an haalen desöftern den Agenda vun den Sëtzungen à jour waat Emlaafbeschlëss ugeet.

Als Präsidiumsmember hun ech dofiir gesuergt dass eis Sëtzungen zwecks Transparenz ëffentlech gestreamed gin an dass den Recording dovun dëm jeweilegen Protokoll beigefügt gëtt. En plus hun ech d'Ernimmunspflicht bei Präsidiumsvoten an der Geschäftsuerdnung verankert.

Bei allen klengen Aufgaben di schnell ze léisen sin hëllefen ech ëmmer weider.

Rapport d'activité am Wiki

Als Member

Ech sin Responsabel fir d'Aarbechtsgruppen Iwwerwaachung an INDECT. Méi Informatiounen zu dësen Aarbechtsgruppen fannt Dir um Site an um Wiki.

Am Kader vun den AGs an och onofhängeg dovun hun ech e puer Rapporten geschriwwen an matgeschriwwen an den Lektorat vun dësen zesummen mat Parteikolleegen iwwerholl.

Och gréißer Aktiounen/Publikatiounen sin mëttlerweil vun mir geplangt. Dëst hängt allerdéngs vum Partei-Budget an domat vun den Spenden vun den Memberen an Net-Memberen oof!

Zieler bei der Piratepartei

Ech verschreiwen mëch dem Parteiprogramm an eisen Grondsätz. Och wann ech mat e puer Punkten net 100% averstaane sinn probéiren ëch eis Grondsätz ob Froestellungen ze iwwerdroen déi esou net direkt an eisen Programmen définéiert sin.

Op nationalem Niveau

  • Méi Opmierksamkeet fir d'Piratepartei an der Ëffentlechkeet
  • Transparenz vun ëffentlechen Organer, dem Staat, Gemengen
  • En Standard/Minimum un Dateschutz fir d'Biirger schaafen
  • Basisdemokratësch Verhältnisser am Mateneen & Liewen vun den Biirger
  • Oofbau vum Iwwerwaachungsstaat sou wäit daat ob nationalen Niveau méiglech ass

Op europäeschem Niveau

  • Oppositioun géint Impulser, déi net am Sënn vun Mënsche-, Biirger- an Perséinlechkeetsrechter souwéi dem Dateschutz sin
  • Oppositioun géint eng Kriminaliséirung vun enger neier Generatioun mat neien Medien
  • Solidaritéit mat Bléck ob Mënsche-, Biirger- an Perséinlechkeetsrechter an den Grondsätz vun der EU verankeren

Mäin politeschen Kompass

Datei:Na.png

Méi Informatiounen zum Kompass fënns De hei

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg