Activitéit2011/Jerry Weyer

Aus Piratewiki

Wechseln zu: Navigation, Suche

Aktivitéitsrapport Jerry Weyer - Vize-Präsident Piratepartei Lëtzebuerg

Mäerz 2011 - Oktober 2011

Als Vize-Präsident ware meng regelméisseg Aufgaben:

  • Presseaarbecht: ech hunn d'Handysnummer vun der Piratepartei verwalt, Ufroe beäntwert oder weider geleet. Donieft hunn ech de Präsident an der Presseaarbecht vertruede bei Interviewen a Presseufroen. Ech hunn schliisslech verschidde Pressematdeelunge geschriwwen, bzw. iwwerlies a verbessert.
  • Organisatoresches: ech hunn verschidden Events organiséiert, e.a. Pirate Parties Ineternational Konferenz (nach als PPI Co-Chairman), Freedom not Fear Lëtzebuerg, Depuwatch Pressekonferenz, uerdentleche Landeskongress 2011. Donieft hunn ech regelméisseg administrativ Aufgaben iwwerholl, wéi z.B. d'Verëffentleche vun de Protokoller vun de Sëtzungen oder Websäit Aktualiséierung.
  • Newsletter: ech war fir de Piratepartei Newsletter verantwortlech.

Weider Tätegkeeten:

  • Besuch vun Konferenzen, Demos a Weiderbildung: ech hunn verschidde Konferenzen an Demonstratioune besicht, déi mat der Piratepartei zesummen hänken: "Mardis de la Propriété Intellektuelle" (Chambre de Commerce), "Basic Income and Income Distribution (Uni.lu), "Journée luxembourgeoise de la Propriété intellectuelle" (Chambre de Commerce), Manifestatioun "Gläich Bierger, gläich Rechter, Gläich Stëmmen", Informatiounsversammlung "Nëmme mat Eis", "Freedom not Fear" Lëtzebuerg.
  • International Kooperatioun: Pirateparteie weltwäit stinn an enkem Kontakt. A menger Fonctioun hunn ech fir international Kooperatioun folgendes gemaach: Affaire "Servergate" verschiddenes iwwersaat, Besuch um Landeskongress Piratepartei Saarland, Bundesparteitag Piratepartei Däitschland a Kongress Piratepartei Schwäiz.
  • Depuwatch: am Projet Depuwatch hunn ech mech ëm den Design, Inhalt (Texter), Pressekonferenz a Kontakt mat Politikercheck gekëmmert.
  • Gemengewahl-Programmempfehlungen a Kontakt mat anere Parteien: ech hunn d'Programmmepfehlungen no den gesammelten Ideeë geschriwwen an den Dossier gelayout. An de folgende Gespréicher mat anere Parteie war ech bei de Meeting mat Déi Gréng, DP an Déi Lénk derbäi.

Weider Detailer ginn et am inkrementelle Bericht: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Activit%C3%A9it/Jerry_Weyer

Dëst ass mäin perséinlechen Tätegkeetsbericht fir de Landeskongress 2011 a wéist wat ech fir d'Piratepartei gemat hunn. Et ass keng adequat Beschreiwung vun der enormer Hëllef déi ech bei all dësen Aufgabe krut. Keng Aarbecht hunn ech alleng gemat, a keng wier ouni Hëllef méiglech gewiescht.

Bei Froe kënnt der mech ënnert jerry.weyer@piratepartei.lu areechen.

Jerry Weyer

Persönliche Werkzeuge
Piratepartei Lëtzebuerg